Scotland’s for me

Ukennegungen an Oxford

Posted in Liewen by Thorben on 27 October 08

T’éischt eng Ukennegung. Scotlandsforme gett embenannt an UKisMINE an ass net länger “Letzebuerger ennert Iren a Schottland” mee “Reesen am Kinnekräich”.

Ufank Oktober, nodems meng Bank meng Kreditkaart rem fräigin hat, hun ech fir £44 Pond en Busticket ob Oxford gebucht fir d’Sarah ze besichen. Zuch ass ze deier, an ob d’Idee mat EasyJet wor ech net komm. Donneschten owend hun ech dann em 22 Auer den Bus geholl. Normalerweis kann ech gudd a Busser schlofen, ma hei wor et anecht. Ech hu missen meng Been auserneen haalen dat ech iwwerhapt an de Setz gepasst hun. D’Plaatz niewt der Toilett huet dofir garantéiert dass déi ganz Nuecht géingen Leit iwwert meng Féiss faalen an d’Dieren klaaken. Kee Schlof. Eigentlech schlofen ech gudd a Busser – wei gesot – mee dat wor hei net dran. Kee schléift an National Express Busser. Den Chuck Norris schon. Em 5 Auer hun ech dann missen eng Stonn zu Milton Keynes waarden, en Shithole aus den 60er, kenschtlech Staad déi an der Mett tescht Oxford, London, Cambridge, Birmingham an Leicester gebaut gouf fir London ze entlaaschten. D’Awunner vu Milton Keynes schummen sech, dofir nennen si et nemmen MK. No enger weiderer Stonn am Bus wor ech dann zu Oxford ukomm. D’Sarah huet mech oofgeholl an mir sin zesummen an säi Flat getreppelt, wou ech mech mol leen gaangen sin bis 12 Auer.

Dann obgestan an Oxford kucke gaang. Wat ech moies am hallefdäischtren schon geahnt hun huet sech bestätegt. Oxford ass déi schéinsten Staad ob der Welt. Net dat ee mech falsch versteet: Zu London, Glasgow, Edinburgh oder Musselburgh ass defintiv méi eng lass, mee Oxford ass esou schéin. Dat kann een guernet gleewen. An de Wues an hieren Colleges ass krankhaft genee geschnidden. Eben sou wéi een sech dat viirstellt. Harry Potter eben. Da woren mer nach d’Union vun der Oxford University kucken, an dat stellt einfach alles an de Schied. Zu Oxford gett et déi eelsten Bibliothéik vun der Welt laut egenen Angaben, d’Gebaier sin enorm an d’Leit snob. D’Studiengebühren leien Momentan bei £3000, ongeféier 3700 Euro. Mee den Direktor vun der Uni probéiert dat ob amerikaneschen Standart robzeschrauwen, Zitat “37’000$ wéi zu Harvard sin akzeptabel, mir sin net d’Sozialamt vun der Natioun”. Wéi schéin. Schéin wor och en Milkshakebuttek wou et iwwer 250 verschidden Milkshakes goufen. D’Sarah krut mech dun zu Zara (Reim, Reim…) fir mer en Hoodie ze kaafen. Dono wollten mer heem kache goen, hun dann awer spontan décidéiert, bei den Jamie Oliver iessen ze goen (deen Typ dien als Fesch verkleed an Britesch Schoulen geet). Do huet een en Iessens-Erliewnis gehat, wat ugefangen beim Service, iwwert d’Bar, d’Iessen an den Décor einfach perfekt wor. An d’Präisser sin normal britesch Restaurant-Präisser. Erfreet woren mer, dat mir vum Türsteher als lescht Leit rageloos gi sin. Sou fillt een sech wéi e Kinnek.

Dono woren mer an d’Buud zréck an ech hun dem Sarah seng Flatmates kennen geléiert, zimmlech léif Leit. Ech wor beandrockt dass et Leit gin, déi e Kapp méi grouss sin wéi ech. Iergendwann sin mer dann obgebrach an den Lava+Ignite, en mettelméissegen Club, wou mer eis awer bei Cheesy Pop gudd amüséiert hun. Bis ech vum Dancefloor geflu sin. Wéinst mengem Hoodie hun ech missen den Club verlossen an mech rem ustellen fir mäin Hoodie dann un der Dier oofzegin. Fucker. Den Daag drob si mir naturgeméiss net bis 4 Auer obkomm. Dann rem an Oxford, akaafe gaang, eppes ze iessen kaaft (no Jamie Oliver, Lava+Ignite an Taxi fir heem wor d’Geld vum Weekend fort, mir hun Zalot gemaa). Dono woren mer nach an d’Brooks Union, wou mer awer obgrond vun plaakegen, sabbernden an gröhlenden Männern an massiven Iessenreschter um Buedem relativ séier rem rausworen.

En rouegen Owend. Moies goufen mer em 11 vun enger Frendin vum Sarah aus dem Bett geheit wat em 12 zum Breakfast sollt kommen, awer net matkrut, dat zäitemstellung wor. Zu moies giess, an Oxford, Christchurch Meadows gekuckt, en Falaffel giess, Saachen gepaakt an rem ob de Bus. 10 Stonnen Fahrt, 90 Minutten zu Milton Keynes bei 3°C an der keelt waarden. Ech si freckt an erkaalt.

Oxford ass genial. Wierklech genial. De Weekend huet sech gelount. Mee National Express ass fir mech vum Desch. EasyJet ass souwisou méi belleg.

Advertisements

5 Responses

Subscribe to comments with RSS.

  1. strawdog said, on 28 October 08 at 10:01 am

    Ah, do ginn ech der Recht! Oxford ass grandios a wonnerschéin 🙂

    Ech sinn ongeféier all 2 Méint do well meng Frëndin momentan do schafft. Nächst Kéier musse mer och dem Jamie säi Resto mol ausprobéieren!

  2. Thierry said, on 28 October 08 at 5:07 pm

    Klengt cool! Allerdengs ass Startford-upon-Avon bei mir momentan nach op der Spetzeplaz wat di scheinste Stad ugeet. 🙂
    3000 Pond fannen ech nach relativ belleg, ech bezuelen der hei 3145, wat momentan de Maximum ass deen eng Uni dierf froen. -.-
    An dass National Express net dat Gielt vum Ee ass, ass jo awer scho laenger bekannt. 😉

  3. Nic said, on 28 October 08 at 6:58 pm

    Tja, hei bezuelen ech guerkeng Studiengebühren. Merci SAAS. Dofier ass Glasgow awer och net sou schein wei Oxford oder och Edingburgh. Oder Ettelbreck. Oder d’Hell. 😉

  4. Chris said, on 28 October 08 at 10:56 pm

    Wann ech gelifft.
    Ettelbréck ass jo awer wuel na méi ellen wéi Esch.
    An Esch ass eng Toilett.

    Souer net, soss kriss de e Glasgow smile verpasst. 😉

  5. Thorben said, on 29 October 08 at 4:26 am

    Edinburgh huet dat gréissten Chreschtdaagfestival ob der WELT! Wéi wier et mat engem Bloggertreffen inclusiv Onmengen Grog an Glühwäin?


Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: