Scotland’s for me

Wéi een Co-Blogger beim Chris gett.

Posted in Liewen by Thorben on 9 September 08

Lescht Joer wor en spannend Joer. No diems ech main Obnahmexamen un der Medizinescher Universitéit Wien gepackt hat, hat ech main Nooexamen net méi gepackt. Dat wor gefullt, mee et wor eben sou. Den 4. Juli stung ech rem un der Donau um Teppech an hun – mat Premièresdiplom an der Täsch – main Examen geschriwwen. Den 30. Juli koum dun d’eMail, ech wier oofgelehnt. Dat wor zimmlech frustrant, zumols well ech mäin Resultat vum Viirjoer verbessert hat, et woren einfach méi an besser Leit do.

24 Stonnen Bedenkzäit.

Plang B: Däitschland, Plang C: Frankräich. Plang D – Bréissel – ass aus politeschen Grenn wechgefall. Zumols d’Medizinner si momentan wierklech schlecht drun. 24 Stonnen méi spéid wor mir kloer dat Plang B mat enger Moyenne vun 39 an engem NC vun 1,3-1.0 (ongeféier 47-50) net wierklech dran ass. Plang C wor och näischt. Wat elo? Wee fréier getéint huet “éier ech ob UNI.lu gin, studéiren ech eppes aaneres” muss zu sengem Wuert stoen an dat dann och man.

Mäin zweete Choix wor Projektmanagement. Dun d’Chancen gecheckt wou een dat kéint maan. Kontinentaleuropa ass do relativ mäßeg dran, meng Schwester huet mech drob higewissen dat ech awer an Groussbritannien mat e bessen Gleck nach eng Reschtplaatz am sougenanntenen Clearing-Prozess kéint kréien. Am Kinnekräich ass an deenen leschten puer Joer en Fach obkomm wat sech do Events management nennt an zimmlech genee dat ass, wat ech well. Et huet een immen vill Saachen dran, vun Projektmanagement iwwer Personalverwaltung bis Food safety an – als absolut Topargument – huet een kee festen End-Beruff (Medizin > Dokter, Ingenieruswessenschaften > Ingenieur, Architektur > Architekt).

Also lass duerch den ganzen UCAS Prozess. Main aalen Engleschproff huet mer eng Reference geschriwwen, bei däer ech baal viru Freed gekrasch hätt, ma déi awer och harsch Kritik u mir ausgeübt huet, eng genial Reference. Den 6. August hun ech dun ugefaang ze telefonéiren bis et kraacht, Uni iwwer Uni probéiert an no enger Woch haat ech 5 zousoen, Edinburgh (QMU), Glamorgan, Chester, Manchester, Birmingham an London (Met). An dun ass et an d’Gebied gaangen, et huet een héichstens dräi Deeg fir sech am Schnett ze décidéiren. Also noodenken.

London ass einfach ze deier. Enn vun der Diskussioun.
Chester ass einfach oof vum Schoss, och wann et net schlecht ausgesait.
Glamorgan ass schon okay, mee do gouf beriicht vun enger Kränkt dat munch Leit zu Glamorgan epilleptesch Schreifufäll kruten. Och wech.
Bleift Manchester, Birmingham an d’QMU zu Edinburgh. Kuerz iwwerluecht. Schottesch Regierung bezillt d’Studiengebühren an Edinburgh huet déi gréissten Klammhaal ob der Welt. Disskussioun zu Enn.

No engem Maraton vun Paparassen, Geld ausgin an alles hun ech elo eng Platz am QMU Studentenheem dat, wéi de ganzen Campus, virun engem Joer nei gebaut gin ass. Mat Duebelbett. Yay.

E Samsten geet et mat RyanAir rob. Scotland’s for me. Yikes!

Advertisements

6 Responses

Subscribe to comments with RSS.

  1. Charles Betz said, on 9 September 08 at 12:22 pm

    Cool, alles guddes an haal eis um laafenden

  2. pa said, on 9 September 08 at 3:49 pm

    Epileptesch Schreifufäll? Immens.

    Pass op, wien nach an d’Duebelbett kënnt! 😉

  3. Dan said, on 9 September 08 at 4:32 pm

    Bonne chance a vill Spass!

  4. Chris said, on 9 September 08 at 5:53 pm

    Voilà. Co-Blogger braucht das Land.

  5. Thierry said, on 13 September 08 at 11:30 pm

    Glamorgan ass schon okay, mee do gouf beriicht vun enger Kränkt dat munch Leit zu Glamorgan epilleptesch Schreifufäll kruten. Och wech.

    Ech sinn zwar net egozentresch, mee ech wéisst net dass nach een Lëtzebuerger hei wier. Dofir: ass dat op mech bezunn? Schreifufäll hat ech och schon laang firun der Uni. 😀

  6. Thorben said, on 15 September 08 at 3:00 am

    natierlech ass dat ob dech bezunn 🙂 ech mengen soufill sarkasmus kanns de handlen. wei wor äer liesung btw?


Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: