Scotland’s for me

Nom Examen

Posted in Liewen by Chris Pesch on 19 January 08

Den Examen ass relativ gutt gaang, op jidfer Fall hunn ech mol iwwerall Froe fonnt, déi sech beäntwerte geloss hunn.

Duerno si mer selbstverständlech an d’QM op d’Examen ustousse gaang bevir mer eis op den Heemwee gemaach hunn. Um 11 dunn zréck and  d’QM fir den Cheesy Pop. Leider ass eisen Taxi net opgetaucht a mer hunn eng hallef Stonn laang emsoss gewaart. Egal, rof getrëppelt, ukomm, längste Schlaang ever. 45 Minute laang gequeuet fir endlech um véirel op zwielef dobannen ze sinn. Zéng fir eng hat ech mäin éischt Gedrénks, wouropshin ech mer direkt nach en zweete Pint Pepsi nobestallt hunn. Vum Waarde gëtt een halt duuschtreg.

Wat erschreckend ass, ass awer dass ech tatsächlech Lidder vum Britney Spears an de Backstreet Boys matsange kann. Cool dogéint fannen ech et ëmmer rem, wa se a Schottland 99 Luftballons spillen. Do sinn ech dann zwar e bëssen en houre Phariséier, a Lëtzebuerg géif ech et neemlech blöd fannen.

PS: Ech drénke méng Cola am léifsten mat Zocker a Spruddlen aus Plastiksbecheren.

3 Responses

Subscribe to comments with RSS.

  1. ducal4duke said, on 20 January 08 at 2:02 am

    TopBlog, ass wirklech emmer rem interessant ze liesen, zwar bessen Stalkerlike mee bon.
    Vlait kens de jo och mol bai mir laanscht stalken, dann kann ech dech och verkloen. lol

  2. Johne253 said, on 2 June 14 at 9:08 pm

    Purchase Generic Bactrim 800mg Without Prescription in Arlington ddgeeekbkgke


Leave a comment