Scotland’s for me

Flat Hunting

Posted in Wunnen by Chris on April 25th, 2008

Dat ass lo riwwer, well ech hunn e schéint Flat fonnt an deem ech d’néchst Joer wunne wäert. De Chris ass frou.

Flats, Paschtéier a Läffelchen

Posted in Liewen, Mënschen, Schoul, Wunnen by Chris on April 18th, 2008

Gëschter hunn ech méng mir bis well onbekannte zukünfteg Matbewunner, Anthony an (Trommelwirbel) Chris kenne geléiert. Zesumme mat hinnen a mam John si mer eis Telefonsnummere siche gaang, vu Flats, déi eis interesséiren kéinten. Besonneg flott huet eng Annonce geklong, déi sot “Call Jeff!”. Dono beim Patt (okay, bei den Onmassen u Pätt) hu mer driwwer diskutéiert, wéi cool et wier, wann den Jeff eise Landlord wier. Mer hunn driwwer geschwat Liederjacketten ze kréien, op deenen “Jeff’s Angels” steet an och a säin Appartement ranzeplënneren, wann et grausam wier. Souvill Freed ass bei der “Call Mr. Hussain” Annonce net opkomm.

Nodeem mer dunn decidéiert haten, dass mer géifen eng Bluegrass Band grënnen an eng Mauer an der Kichen schwaarz usträichen fir mat Kräid kënnen de Sproch vum Dag dropzeschreiwen, si mer iergendwéi op d’Gespréich iwwert e Matbewunner vum Chris komm, deen Vicar wëll ginn. Dat hunn ech natierlech als Ulass geholl fir mat zwee Féiss an d’Fettnäpfchen ze sprangen an hu gefrot: “Who would want to be a vicar?” Wouropshin de Chris sot: “My mom’s a vicar.” Autsch.

Liicht ugedronk, fir net ze soen stacksat, sinn ech dunn géint halwer 11 bei d’GUU gaang, wou ech de Will, d’Meredith an d’Dimitra aus méngem Englesch Literatur treffe sollt. Nodeem ech du vu Béier op Vodka-Orange emgeklomm sinn, well d’Meedercher mer déi ëmmer bestallt hunn, hunn ech do mol nach méng absolut legendär Danzmoves op d’Parkett gezaubert. Wéi um 2 Auer Sense war, ass de Will op déi grandios Iddi komm: “Let’s all go to my place and spoooon!” Dat hu mer dunn anscheinend gema, mer hunn domm Sprëch gerappt, ech hunn nach e Pint Gin Tonic geext, an et fäerdeg bruecht net katzen ze goen. Um véirel op 4 war ech iergendwann a méngem Bett an de Moien um halwer 11 war ech rem wakreg, vu dass ech jo op d’Uni misst fir mäin English Language Essay sichen ze gon. Ech mengen, ech sinn nach ëmmer voll.

PS: B1 a B3 a ménge Franséisch Essays, A3 am English Language. Uniliewen ass Spaaaaass.

Samsdeg Owend

Posted in Liewen, Wunnen by Chris on March 9th, 2008

Fir d’éischte Kéier a méngem Liewen hunn ech Scharade gespillt – sou krass hu mer eis gelangweilt. Ëmmerhin war et net rem Stadt, Land, Fluss; dat war wierklech de Beweis, dass eis Gesellschaft ouni Telé oder DSL zu Gronn géif goen.

D’Spillen huet awer Spaass gema, do kann een näicht dogéint soen. A mat enger Fläsch bëllegem (mee guddem!) Rouden war et emsou besser.

Gëschter hate mir eng Party…

Posted in Liewen, Wunnen by Chris on March 2nd, 2008

… an haut ass mäin iPod net méi do. Ech hu wierklech keng Chance.

Feieralarmterror

Posted in Liewen, Wunnen by Chris on January 20th, 2008

All verdammten Nuecht geet am Murano Street Student Village iergendwou e Feieralarm lass. Gëschter ware mir, Grampian 3, drun. Ma mer e klengen Erlebnisaufsatz draus:

4 Auer, de Chris läit am Bett, kann net schlofen, well en Lidder vun de Moldy Peaches am Kapp huet. Op eemol schellt et un der Diir. Dem Chris séng Reaktioun: en ass genervt, dass séng Matbewunner rem iergende Schäiss matzen an der Nuecht bauen, a wahrscheinlech een ausgeschloss hunn, dee lo schelle muss. De Kaméidi am Gank bestätegt séng Theorie - denkt en.

20 Sekonne méi spéit geet de Feieralarm, dee fierchterleche Kaméidi lass. De Chris rappt sech aus séngem Bett, deet déi néchst Kleeder déi e fënnt un a mecht sech raus aus séngem Zëmmer, wou déi aner e genee sou midd begréissen an en drun erënneren, e sollt séng Diir zouspären. Anscheinend wier eng komesch Gestalt am Haus…

Bäussen ukomm, dréit de Scott, de Senior Resident um Rad a seet, dass e “very very angry” wier. De Chris denkt sech: fein, ech och! De Scott erklärt de Leit, dass iergendeen den Alarm gedréckt hätt, dass et also net duerch Damp verursaacht gi wier. Dat nämlecht wier den Dag virdrun a Grampian 5 geschitt. Du kënnt den Charlie, dem Chris säi Matbewunner no vir an erzielt, wat heen erlieft huet. Hee stoung an der Kichen mam Claire a mam Jonny ze schwätzen, wéi et un der Diir geschellt huet. Keng Aanung, wen en erwaarde sollt, ass e mol kucke gaang. Virt der Diir stoung e mëttelgroussen Jong, mat enger schwaarze Jackett. Den Charlie mecht d’Diir liicht op an de Jong probéiert direkt an d’Flat anzedréngen, den Jonny kënnt dem Charlie zur Hëllef, an zesumme kréien se en ofgewiert.

Duerch d’Scheif vun der Diir gesi se dann, wéi heen e Briquet un e Feiermelder hält. Den Jonny stiermt raus, stéisst en, de Jong leeft fort, den Jonny geet em net no, well en denkt, dass e lo verschwanne géif. Puer Sekonne méi spéit geet de Feieralarm lass.

D’Pompjeen sinn an der Tëschenzäit fäerdeg d’Haus ze duerchsichen a jidderee kann zréck a séng Kummer.

Op wéivill Grad wäscht een e Staubsauger?

Posted in Wunnen by Chris on December 1st, 2007

Ech konnt méngen Ae kaum gleewen, mee wéi ech haut méng Wäsch wollt vun der Wäschmaschinn an den Trockner transferéiren, loung do dach net wierklech e Staubsauger dran. Firwat leet iergendeen e Staubsauger an den Trockner?

Ech hunn en natierlech leie geloss an eng hallef Stonn gewaart bis dass den néchsten Trockner fräi ass.

Great success

Posted in Wunnen by Chris on November 24th, 2007

Juhuu. Vu dass mer net opgepasst hunn, an d’Fënster an eisem Dining Room iwwer Nuecht opgeloss/ op der Security Catch geloss hunn, ass déi lo vum Wand freckt geblose ginn. E Scharnéier ass futti. A vu dass et soueppes wéi eng Versécherung géint sou eppes hei anscheinend net gëtt, kënne mer d’Reparatur selwer bezuelen.

Under investigation

Posted in Liewen, Wunnen by Chris on November 20th, 2007

Dat sinn ech lo offiziell. Seet d’TV Licensing Company.

Loss se kommen, ech fäerten net.

Bugs

Posted in Liewen, Mënschen, Schoul, Wunnen by Chris on October 16th, 2007

#1 Ech hunn en Online Quiz iwwer Phonetics probéiert. Ech war fierchterlech schockéiert, wéi ech mäi Resultat gelies hunn: 10/20. Do virdrun hat ech an der Grammaire 29/30, 30/31 an 31/31. Do konnt dach iergendeppes net sinn. An tatsächlech, et huet sech rausgestallt, dass obwuel mindestens 16 vu méngen Äntwerte richteg waren, nëmmen 10 als richteg ugewise goufen. E Bug. Nach weider 3 waren irreféirend, mee wuel falsch. An een definitiv falsch.

#2 Dräi mol sinn ech lo vun däer onfrëndlecher Madame am Woolworths zervéiert ginn, néchste Kéier weigeren ech mech un hiere Schalter ze gon. Net nëmmen huet se keng Aanung vun der Ausrüstung, mee se äntwert engem ëmmer sou iwwerhieflech a blöd. Haut wollt ech Timberen mat den Enveloppe kréien, déi ech kaf hunn. Dir mengt dach wuel net, dass sie am Stan gewiescht wier, mir anstänneg ze äntwerten wéieng ech bräicht an wéivill ech dovu kafe misst. Also hunn ech mol ganz blöd gesot, ech hätt gäer 5 einfacher.  Dat ass dunn awer net gaang, well se neemlech decidéiert huet mat der vu mir längst agefuerderter Info rauszerécken, dass et entweder 6 oder 12 si mussen, 1st oder 2nd class. Gutt, du sot ech 6 1st class, a wéi si mir dunn o na: “6 what?” geäntwert huet, wier ech bal gaang, wann ech méng Timberen net wierklech gebraucht hätt.

#3 Eis Senior Wardens hunn eis haut gesot, dass d’Cleaner sech driwwer beschwéiert hätten, dass a verschiddene Kichen “Bugs” remlafen. Iiiihh.

Sven, the gay recycling supervisor

Posted in Liewen, Mënschen, Wunnen by Chris on October 12th, 2007

Sou huet e gudde Frënd geheescht, dee mer net mol en halwen Dag haten.

D’Geschicht ass domadder ugaang, dass den John eng Lëscht opgestallt huet, wouno mer an alphabetescher Reiefolleg sollten den Dreck rausbréngen. Op der Lëscht stoung och, dass den Charlie séng Ikea Startbox weggeheie soll, déi säit 4 Wochen an eiser Kiche läit. Vu dass puer Leit d’Ikeakëscht awer als wichtege Bestanddeel vun eiser Ariichtung empfannen, huet den Charlie decidéiert, dass wa mer der Këscht e frëndlecht Gesiicht mole géifen, den John net sou häerzlos sikéint se weg ze geheien. Dorauser ass dunn de Sven ginn, dee liewensecht iwwert ganz Ikeakëscht verbreet war. Gezeechent vum Charlie a mir, mat extraschéinem Schnutz, Sonnebrëll, Zigar an natierlech engem riesege Geschlechtsdeel. Dat däerf beim Charlie net feelen.

Vu dass mer keng Punaisen dierfen an eisem Flat benotzen, hu mer en am Trapenhaus opgehaang. Haut de Moie war e fort, et huet iergendeen en an den Dreck geheit.

PS: Et si momentan (resp. dem läschte mir bekannte Stand no) 7 schéin zukünfteg Zänndokteschen beim Charlie am Zëmmer. Zwou froen: 1. wéi mecht deen dat? 2. firwat ginn ech keen Zänndokter?