The Sound of Seagulls
Dat éischt, wat ech haut de Moien héiren hunn, wéi ech wakreg gi sinn, ware Méiwen.
Kee Witz.
Genervt
Ech si genervt. Déi Zäit bis zu den Examen zitt sech onendlech hin, iwwermuer geet et réit lass, an ech kann am Fong scho bal rem vu fir ufänke mat Léiren, well ech d’Halschent warscheinlech rem vergiess hunn. An ech sinn traureg, dass ech haut net konnt sprange goen.
Herno ginn ech mol de Contract fir méng Wunnéng néchst Joer ënnerschreiwen, da ginn ech bei den Dokter (ech héiren alt nees näicht méi um rietsen Ouer), an da kommen ech heem liese Gedichter vum Elizabeth Barrett-Browning a souren driwwer, dass ech keng Loscht hunn, nach eng ganz Woch ze waarden bis dass all méng serieux Examen riwwer sinn.
Sonnegen Dag
De Moien sinn ech alt mol eng Kéier um 7 Auer opgestan, well ech jo um halwer 10 Examen hat. Deen ass dunn och gutt gaang a sou war ech ganz zefridden. Wat mech nach méi frou gemaach huet: d’Sonn huet de ganzen Dag geschéngt.
Dunn huet et mech o net gestéiert fir nach a mäi läscht Seminar ze goen an dono méng läscht Referenz fir mäi Flat néchst Joer ofzeginn. Doheem hunn ech mech an eng kuerz Box geschmass, a si mol fein an den Tesco Proviant akafe gaang. Als Belounung fir méng erfollegräich Essays hunn ech mer dunn nach “Antidotes”, den Album vun de Foals kaf. Dat ass e sécheren Tipp fir wann der iergendengem an néchster Zukunft wëllt e Cadeau man.
Rem doheem war ech a souenger gudder Laun, dass ech all eist Geschir fir de Recyclage bei d’Containere bruecht hunn (ech sinn ëmmerhin 4 Mol hin an hir gaang). A fir dat Ganzt ofzeronnen hunn ech mech du mat de Meedercher an de Virgäertche gesat an d’Sonn genoss. Do si sou super Dialoger opkomm, wéi: “You called me bum.” - “Bum’s an affectionate term!” oder “Let’s go to the park and watch the sunset!” - “Yeah, let’s go and check the time on the internet!” Herrlech.
Den Owend belounen ech mech nach emol mat enger Tiefkühlpizza an Cheesy Pop an da geet et muer viru mam Léiren.
Subway
Ech war op eng Missioun. Eng Missioun an den Ënnergrond.
De Will hat op eemol d’Iddi mer sollten an déi braach gelueten Subway Tunnel vun der aler Botanic Gardens Statioun goen. An et war sensationell, just schued, dass ech mäi Fotoapparat net mat hat, mee wann den Nic néchst Joer hei studéiert wäert ech en eng Kéier dohi schleefen an da komme Fotoen no. Versprach.
Niewebäi hunn ech nach rausfonnt, dass déi beschte Studente Geldpräisser kréie kënnen. Dofir wäert ech lo probéiren a méngen English Language a Franséisch Examen richteg ze rocken. Et wier jo awer schued, wann dat Geld net u mech géif goen.
“I know where you’re from”
Ech hunn haut an enger Lecture eppes gesot, an alles just well ech net opgepasst hunn. A méngem Scots Cours huet de Lecturer iergendwéi erwient, dass bestëmmt Europäer am Sall wieren, déi méi wéi eng Sprooch schwätzen, a sech melle sollten. Op jidfer Fall hunn ech just hallef nogeläuschtert an iergendwéi ausgestreckt, anscheinend als eenzegen. Dunn huet e mech gefrot, wéivill Sproochen ech schwätzen. Ech sot alt fënnef, vu dass mäin Esperanto dach zimmlech null ass (a Beforter net zielt, Mann). Trotzdem war de Moment fir mech penibel, well ech de ganzen Dag nach kee Wuert geschwat hat a mäi Mond net drop agestallt war an ech dofir wéi en Iesel getuddelt hunn.
Abee, ech hunn alt rem en näit Adjektiv geléiert: “Luxembourgian”. Dat reit sech dann mat de mir bekannten “Luxembourgish”, “Luxembourgeois”, “Luxembourgan” a “Luxembourguese” an.
An äusserdem ass mäin Englesch Literatur Essay iwwer d’Effekter vun der Famill op de “self” an Hamlet an The Human Stain fäerdeg. Ween e liese wëll, soll sech mellen. Zréck zum Steppenwolf (iiiiiimmens!).