Scotland’s for me

Ze fréi opstoen

Posted in Liewen, Schoul by Chris on May 19th, 2008

Lo sëtzen ech hei a weess net wat ech man soll. Et ass 8:10 an an enger Stonn an zwanzeg Minuten hunn ech Examen. Nach emol duerch d’Note kucken kann ech net, well ech soss verréckt ginn, a souwisou an de läschten 3 Woche scho souvill geléiert hunn, dass mäi Kapp bal explodéiert.

Et ass sou eng Saach wann een Examen huet. Et steet een ëmmer méi fréi wéi normalerweis op, fir dass een och nëmmen net ze spéit kënnt – am Endeffekt mécht ee sech just mëll. Ech verstinn och déi Leit net, déi ganz oft déi ganz Nuecht duerch léieren an dann freckt an den Examen schlurfen. E gesonde Schlof gehéiert dozou: wéisou ass mäin also sou verkierzt?

Bon, lo sëtzen ech hei, tippen déi Wierder, stoppen bëssen Nervennahrung a mech ran (drëschenen Toast a Cola) a waarden drop, dass ech mech an enger halwer Stonn op de Wee man.

Na 5 Deeg

Posted in Liewen, Schoul by Chris on May 17th, 2008

A 5 Deeg ass mäi Schouljoer riwwer. Am Fong ass et Wahnsinn, wéi séier et gaang ass. D’Erënnerung u méng éischt Deeg zu Glasgow ass nach extrem staark.

Lo sinn et just na 3 Examen an dann ass mäin éischt Joer op der Uni gepackt – an et war wierklech flott. Mee sou lues heescht et Äddi soen zu de Leit, mat denen ech lo zënter September zesumme liewen. D’Eilish ass zënter en Donneschdeg fort. Néchste Weekend si mer scho just na zu 6 vun 11. An da geet et séier an da sinn ech och doheem. An dorop freen ech mech.

Schluss an Exaaamen

Posted in Mënschen, Schoul by Chris on May 1st, 2008

Haut war méng läscht Virliesung fir dëst Schouljoer. Lo ass mol bal 5 Méint keng méi. Scho krass, ne.
Haut war och mäin éischten Examen, an zwar e franséischen Oral, deen anscheinend “excellent” war, wéi den Examiner sot. Éierlech gesot: dat iwwerascht mech net immens, vu dass ech am Géigesaz zu deenen aneren einfa méi Übung hunn an houfreg mécht et mech o net.

Muer de Moien um 9.30 ass dann den néchsten Examen, an zwar Franséisch Video/Rédaction. Ass zimmleche Quatsch, mee egal. Duerno hunn ech dann nach mäi läscht Seminar an da war et dat. Den néchsten Examen ass da réicht de 15. Mee an dat nervt mech gewalteg. Ech hätt léiwer lo déi blöd Examen laanscht.

Gëschter war ech beim Will op sénger Gebuertsdagsfeier. Wéi ech um halwer 9 ukomm sinn, war hee schon zimmlech gutt derbäi an huet mech forcéiert mat him d’1:0 Victoire vun Nordirland géint England op DVD ze kucken. Et ass onvirstellbar, dass en Abseitsgol de gréisste Moment an der Geschicht vun Nordirland ass. Souvill dozou, dass eist Land lächerlech si soll.

Flats, Paschtéier a Läffelchen

Posted in Liewen, Mënschen, Schoul, Wunnen by Chris on April 18th, 2008

Gëschter hunn ech méng mir bis well onbekannte zukünfteg Matbewunner, Anthony an (Trommelwirbel) Chris kenne geléiert. Zesumme mat hinnen a mam John si mer eis Telefonsnummere siche gaang, vu Flats, déi eis interesséiren kéinten. Besonneg flott huet eng Annonce geklong, déi sot “Call Jeff!”. Dono beim Patt (okay, bei den Onmassen u Pätt) hu mer driwwer diskutéiert, wéi cool et wier, wann den Jeff eise Landlord wier. Mer hunn driwwer geschwat Liederjacketten ze kréien, op deenen “Jeff’s Angels” steet an och a säin Appartement ranzeplënneren, wann et grausam wier. Souvill Freed ass bei der “Call Mr. Hussain” Annonce net opkomm.

Nodeem mer dunn decidéiert haten, dass mer géifen eng Bluegrass Band grënnen an eng Mauer an der Kichen schwaarz usträichen fir mat Kräid kënnen de Sproch vum Dag dropzeschreiwen, si mer iergendwéi op d’Gespréich iwwert e Matbewunner vum Chris komm, deen Vicar wëll ginn. Dat hunn ech natierlech als Ulass geholl fir mat zwee Féiss an d’Fettnäpfchen ze sprangen an hu gefrot: “Who would want to be a vicar?” Wouropshin de Chris sot: “My mom’s a vicar.” Autsch.

Liicht ugedronk, fir net ze soen stacksat, sinn ech dunn géint halwer 11 bei d’GUU gaang, wou ech de Will, d’Meredith an d’Dimitra aus méngem Englesch Literatur treffe sollt. Nodeem ech du vu Béier op Vodka-Orange emgeklomm sinn, well d’Meedercher mer déi ëmmer bestallt hunn, hunn ech do mol nach méng absolut legendär Danzmoves op d’Parkett gezaubert. Wéi um 2 Auer Sense war, ass de Will op déi grandios Iddi komm: “Let’s all go to my place and spoooon!” Dat hu mer dunn anscheinend gema, mer hunn domm Sprëch gerappt, ech hunn nach e Pint Gin Tonic geext, an et fäerdeg bruecht net katzen ze goen. Um véirel op 4 war ech iergendwann a méngem Bett an de Moien um halwer 11 war ech rem wakreg, vu dass ech jo op d’Uni misst fir mäin English Language Essay sichen ze gon. Ech mengen, ech sinn nach ëmmer voll.

PS: B1 a B3 a ménge Franséisch Essays, A3 am English Language. Uniliewen ass Spaaaaass.

Éischten/zweeten Dag

Posted in Liewen, Schoul by Chris on April 6th, 2008

Nodeem ech mäi Stress vum ouni Klimaanlag a Gedrénks am Fliger sëtzen ofgebaut hat, sinn ech mol rem op méng wéineg Matbewunner gestouss, déi och schon zréck waren. Do war d’Zrécksinn direkt rem méi agreabel. (Si sinn zwar net sou cool wéi méng Frënn doheem, mee awer scho ganz an der Rei als Ersatz.) Owes sinn ech du mam Abi a sénger beschter Frëndin dem Hannah an den ABC bëssen feiren/drénken/danze gaang. D’Meedercher hu mech forcéiert Sambuca ze drénken an ech hunn de Pin vu ménger schottescher Debitkaart vergiess. Soss war den Owend awer immens. En DJ, deen hannerteneen “Valerie” vum Mark Ronsons, “Young Folks” vu Peter Björn and John, “Time to Pretend” vu MGMT an “This Charming Man” vun de Smiths spillt huet e Friddensnobelpräis verdéngt.

Um 15 vir 4 ware mer da rem a Murano ukomm an ech hunn nach séier “This Charming Man” rofgelueden bevir ech schlofe war. Um 12 war ech rem op an um 2 war ech an der Bibliothéik. Do war ech du bis 15 vir 6 an hunn Bicher iwwert de Shakespeare an de Philip Roth gelies, vu dass ech an der Vakanz näicht foutéiert hunn an en Essay fir en Donneschdeg hunn. D’Wieder war schéin, et war sonneg an angeneem frësch. Immens also.

Mol kucken, wat den Owend na leeft, a wat den éischten Schouldag muer bréngt.

Dat hutt der vun ärer Gotteslästerung

Posted in Liewen, Schoul by Chris on February 29th, 2008

D’Welt geet ënner, do sinn ech mer sécher. Reen a Stuerm an Ausmoossen, déi ech na net gesinn hunn. Dat hutt der lo dovun!

A mäin Old English Buch a méng Workshop Materialien sinn zimmlech futsch, méng Lecturenoten probéiren ech nach ze retten. ‘t ass wéi mat der globaler Erwiermung, d’Konsequenzen treffen ëmmer déi, déi näicht domat ze dinn hunn…

Whorf down, Le Cid to go

Posted in Schoul by Chris on February 20th, 2008

Naja, méng Iwwerschrëfte geléngen och net ëmmer.

Wat ech soe wëll: mäin Essay iwwer d’Sapir-Whorf hypothesis hunn ech den Owend fäerdeg gestalt. Oder soe mer den éischten Draft, deen nach gehirlos poléiert gi muss. Ech hunn och den Owend mam Essay ugefaang an 2 Stonnen an 13 Minute gebräucht. Tëschenduerch hunn ech nach mat Frënn getschätt (Jim! Matteo!), probéiert eng DVD bei Amazon France ze bestellen (Drecksäck!), mech gewäsch an den Champions League Live Ticker op kicker.de gelies (Liverpool!). Et ass alles machbar, wann ee sech gutt virbereed huet.

Wann also iergendeen mäin definitiv net iwwerliesenen, ouni Spellchecker geschriwwenen an nach gréisstendeels ouni d’Unerkennung vun Zitater auskommenden Essay iwwert dem Benjamin Whorf séng Ausgüss liese wëll, dee soll sech mellen.

All Quiet on the Western Front

Posted in Liewen, Schoul by Chris on February 9th, 2008

Iergendwéi hunn ech zënter, dass déi 3 fort sinn, näicht gema. Gutt, ech hunn The Great Gatsby gelies (an immens fonnt), Ratatouille, 3:10 to Yuma an A Mighty Heart gekuckt (an immens, blöd an okay fonnt). Mee soss hänken ech nëmme rem a maachen näicht. Firwat? Bon, warscheinlech läit et drun, dass ech rem eng Kéier vill ze éiergäizeg war a wéi e mëlle virgeschafft hunn. Alles, wat ech an den néchste fënnef Wochen ze dinn hunn ass en Tutorial Exercise schreiwen, deen net an d’Note abezu gëtt, an zwee Essays schreiwen, déi réicht den 13. Mäerz mussen dobanne sinn an déi extrem Längt vun 1000 respektiv 1500 Wierder hunn.

Mäi Plang ass et, dat bis néchste Sonndeg alles gema ze hunn. Da kann ech 4 Woche laang laaaaaatzen.

D’Welt ass nach méi kleng, wéi ech geduecht hunn…

Posted in Schoul by Chris on January 23rd, 2008

Ech hunn eng nei Tutorin an der Englescher Literatur.

Da rot emol vu wou se ass?

Jo, genee. Bartréng.

Examen

Posted in Schoul by Chris on January 18th, 2008

Haut ass et sou wäit a méng Nervositéit vun de läschten Deeg ass fort. Komesch, mee vläicht läit et drun, dass ech mech einfach anstänneg virbereed hunn. Ka jo si, gell?

Fir all déi, déi et interesséiert – ech huelen un, dass dat kee wier – hei déi Saachen, op déi ech mech am Examen gefaasst man:

  • Shakespeare: Much ado about nothing. Entweder e Passage analyséiren oder eng generell Fro zum Wierk.
  • Wiel tëscht enger Fro zum Pinter séngem The Homecoming oder dem Evelyn Waugh séngem A Handful of Dust.
  • Wiel tëscht engem onbekannte Gedicht oder enger Fro zu zwee geléierte Gedichter. D’Gedichter, déi ee léiert konnt ee sech selwer aussichen, dofir ass et eng Loterie, ob een dann och eng Fro kritt, déi passt. Hei méng Gedichter: Shakespeare: Sonnet 18, Sonnet 130 (kee kreative Choix, ech weess); Marvell: To His Coy Mistress; Donne: A Valediction: Forbidding Mourning, To His Mistress Going to Bed; S. Johnson: On the Death of Dr. Robert Levet, Keats: To Autumn; Blake: The Tyger, The Lamb; Auden: Musée des Beaux Arts; Hill: September Song.

Wee Loscht huet, kann déi Gedichter da jo mol noschloen.