Scotland’s for me

3 Deeg mam Fede (an ee mam Sophie)

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on May 29th, 2008

E Méindeg ass dunn den offizielle Bloggertreff zu Glasgow ugaang zu deem awer just de Fede opgetaucht ass. Pech fir di aner. De Fede huet natierlech dunn als éischt Handlung a Schottland mol den Zug verpasst a wéi en du bis hei war, war de Burger King zou a mer sinn zum McDonald’s gaang. (Kultur pur!)

Wéi de Fede bis installéiert war, wollte mer dunn an d’QM e Patt drénke goen, mee leider war déi schon zou, well se op Summeröffnungszeiten emgestallt hunn. Onalkoholiséiert si mer dunn zréck getrëppelt.

Dënschdes si mer vill ze fréi opgestan fir méng Uni kucken ze goen – déi dem Fede (ech denken ech dierf dat sou roueg soen) gutt gefall huet. Wéi mer du bis domadder fäerdeg waren, gouf et näicht besonneges méi am West End ze kucken a vu dass et na ze fréi fir d’Mëttegiesse war, hunn ech de Fede du gedon e kompletten Ëmwee an de Stadzentrum ze trëpplen. Dobäi konnt ech em dunn awer déi schéinsten Exemplairen vum 19te Joerhonnert Imperialismus a Glasgow weisen.

Freckt vum éiwegen Trëpplen si mer dunn an de Starbucks (na méi Kultur!!) Kaffi drénken a Sandwichen (Nei-Lëtzebuergesch fir Schmieren) iesse gaang. Dat war natierlech komplett iwwerdeiert, mee ëmmerhin liicht ze fannen. A well mer eis deen Dag villes virgeholl haten, hu mer dunn den Zug fir op Stirling geholl, wou mer eis mam Sophie treffe sollten, wat zu Edinburgh studéiert. Mer hunn eis souzesoen op halwer Streck begéint.

Nodeem ech mech permanent während der Zugfuert beschwéiert hunn, dass iwwerall Kéi a Päerd, mee néirens Schof wieren, war Stirling du mol e Kulturschock. Heiser déi manner wéi 4 Stäck hunn gesäit een zu Glasgow ni. Séier dovun erholl wollte mer dunn d’Uni Stirling kucke goen – an sinn du mol eng Stonn laang ze Fouss ënnerwee gewiescht. Wéi mer bis do waren, war eis dat awer derwäert, well mer d’Schéinheet vun der Plaz genéisse konnten. D’Uni ass ronderem e Séi erriicht – an engem Bësch. Do lafen da Kanéngercher einfach sou iwwert de Campus, et gëtt Inten a Schwanen, an d’Leit spillen Golf. Mer hunn eis gefillt wéi d’Alice am Wonnerland.

Zréck (des Kéier mam Bus) a Stirling si mer dunn d’Schlass kucke gaang, wat och rem ganz inspiréirend war. Do hu mer dunn eise ganzen Touristentrieb ausgeliewt an et war immens. Vu dass mer awer sou lues hongreg gi sinn, si mer du mol fein Fish & Chips iesse gaang an hunn iwwer al Zäiten, d’Uni a Kollege vun eis geschnësst. Alles ganz agreabel: de schéinsten Dag säit laangem.

Owes waren de Fede an ech du komplett freckt a konnten net méi rausgoen, mer hunn et just na a mäin Zëmmer gepackt, wou mer Nichtlustig Cartoons gekuckt hunn. D’Middegkeet huet bis gëschter ugehal a sou si mer éiweg leie bliwwen a réicht spéit op, an de Stadzentrum marschéiert, den Disney Store onsécher gema, an eis endlech fir zwee Pints an d’Bierhalle sëtze gaang. Dono war awer och schon d’Zäit fir Äddi ze soe komm, well de Fede rem op de Flughafe misst. Bon, mer gesinn eis jo schon néchst Woch rem.

(Fotoen ginn et beim Fede an der Galerie.)

Any Given Sunday

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on May 25th, 2008

Naja, ganz sou latzeg wéi normalerweis ass et haut jo wierklech net. Den John plënnert neemlech raus, a mat him méng Pan a mäin Dëppen (jo, eent vun allem, ech sinn Asket), an dofir ass am Zëmmer nieft mer scho mol eppes lass. Dir kënnt iech net virstellen, wéivill Geschir dee Kärel an dat winzegt Zëmmer gestach kritt.

Gëschter hate mer eng Gebuertsdagsparty fir d’Claire, wat e Freideg 19 ginn ass. Wéi sech dat fir e Meedche gehéiert, huet et natierlech um Schluss vun der Party misse kräischen, well keen et gäer huet. Iresch Meedercher sinn déi schlëmmsten drama queens abseits vun Germany’s Next Topmodel. Dat bescht ass, et huet den Dag virdrun och scho gekrasch, well et sech grad mat engem dafe Jong um Cheesy Pop kritt hat. Mäi Liewen ass grotesk.

Muer kënnt de Fede an da geet et rem lass.

Schluss an Exaaamen

Posted in Mënschen, Schoul by Chris on May 1st, 2008

Haut war méng läscht Virliesung fir dëst Schouljoer. Lo ass mol bal 5 Méint keng méi. Scho krass, ne.
Haut war och mäin éischten Examen, an zwar e franséischen Oral, deen anscheinend “excellent” war, wéi den Examiner sot. Éierlech gesot: dat iwwerascht mech net immens, vu dass ech am Géigesaz zu deenen aneren einfa méi Übung hunn an houfreg mécht et mech o net.

Muer de Moien um 9.30 ass dann den néchsten Examen, an zwar Franséisch Video/Rédaction. Ass zimmleche Quatsch, mee egal. Duerno hunn ech dann nach mäi läscht Seminar an da war et dat. Den néchsten Examen ass da réicht de 15. Mee an dat nervt mech gewalteg. Ech hätt léiwer lo déi blöd Examen laanscht.

Gëschter war ech beim Will op sénger Gebuertsdagsfeier. Wéi ech um halwer 9 ukomm sinn, war hee schon zimmlech gutt derbäi an huet mech forcéiert mat him d’1:0 Victoire vun Nordirland géint England op DVD ze kucken. Et ass onvirstellbar, dass en Abseitsgol de gréisste Moment an der Geschicht vun Nordirland ass. Souvill dozou, dass eist Land lächerlech si soll.

Nostalgie

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on April 24th, 2008

Nee, dat hei huet lo näicht direkt mat Schottland ze dinn. Mee mat mir. An em mech geet et ëmmerhin hei. A sou perséinlech hutt der mech woerscheinlech na net erliewt.

Et ass mol rem sou en Owend, wou ech net wees, wat ech man soll, an einfach dem Fede séng Gallerie duerchkucken. Dobäi trëfft een onemstéisslech op lëschteg a virun allem schéin Erënnerungen: Lloret de Mar, eis Diplomiwwereeschung mam Galaiessen, de Premièresbal, divers Gebuertsdagsfeieren, eis Vakanz um Cap d’Agde, an nach eng ganz Rei weider schéin Nomëtteger, Owender, Deeg – Mémoiren.

Et sinn déi Momenter an deenen ech erkennen, wéivill mer méng Frënn a mäin Doheem bedeiten. Dëst Gefill wier sou net méiglech, wier ech net op Glasgow komm. Alleng schon dofir, wäert ech déi Decisioun ni bereien. Duerch d’Distanz an dat wat feelt, hunn ech schätze geléiert, wat ech eigentlech hunn a wat net op mech waart, mee ëmmer do ass. Fir éierlech ze sinn: joerelaang war ech e Souerpitti, deen sech virgestallt huet, dass e kaum Leit hätt op déi en ziele kéint an deen alles schwaarz gesinn huet. Permanent war ech ouni Grond onzefridden. Mee dat huet sech am Laf vun de läschten zwee Joer, a speziell zënter dass ech zu Glasgow sinn, geännert.

Ech sinn – an dat soen ech mat Houfer – glécklech. Glécklech mat mir, glécklech mat de Leit ronderem mech. Dat läit net dodrun, dass ech vu Lëtzebuerg fort sinn, mee dodrun, dass ech wees, dass ech dohin zréck ginn. Dat wat ech a méngen 20 Joer a 4 Méint op dësem Planéit u schéine Momenter erliewt an un (ënnerlech) schéine Mënsche kenne geléiert hunn ass einfach nëmme sensationell.

Ech kucken eng Foto an ech denke mer “Ass dat wierklech schon 2 Joer hir?” D’Erënnerung ass nach sou kloer, wéi wann ech lo just nach de Frënd an den Aarm geholl hätt fir fir d’Foto ze poséiren. A fir mech ass et och net sou, wéi wa méng Frënn wäit vu mer weg wieren. Ech vermëssen se –verständlecherweis – mee se si jo net fort. Mer si vläicht räimlech, mee net duerch Gedanke getrennt.

E grousse franséische Philosoph vun eiser Zäit, de Manu Chao, sot mol: “La vie est belle, le monde pourri.”
A sou ass et och. D’Liewen ass schéin, an ech si frou, dass ech méng Famill a méng Frënn hunn. D’Welt ka schäiss sinn, mäi Liewen bleift schéin, wann ech nëmme wëll. The dude abides.

Den Urschrei

Posted in Mënschen by Chris on April 22nd, 2008

Lo grad huet d’Claire fuerchtbar gebläert. Ech duecht, et hätt sech wéigedoen.
Mee a Wierklechkeet war et vill méi schlëmm…

De Jon Arne Riise huet an der 94. Minutt e Selbstgol geschoss.
Mäi Kommentar: “I wish you’d broken your foot instead.” Séng Äntwert: “Me too.”

Flats, Paschtéier a Läffelchen

Posted in Liewen, Mënschen, Schoul, Wunnen by Chris on April 18th, 2008

Gëschter hunn ech méng mir bis well onbekannte zukünfteg Matbewunner, Anthony an (Trommelwirbel) Chris kenne geléiert. Zesumme mat hinnen a mam John si mer eis Telefonsnummere siche gaang, vu Flats, déi eis interesséiren kéinten. Besonneg flott huet eng Annonce geklong, déi sot “Call Jeff!”. Dono beim Patt (okay, bei den Onmassen u Pätt) hu mer driwwer diskutéiert, wéi cool et wier, wann den Jeff eise Landlord wier. Mer hunn driwwer geschwat Liederjacketten ze kréien, op deenen “Jeff’s Angels” steet an och a säin Appartement ranzeplënneren, wann et grausam wier. Souvill Freed ass bei der “Call Mr. Hussain” Annonce net opkomm.

Nodeem mer dunn decidéiert haten, dass mer géifen eng Bluegrass Band grënnen an eng Mauer an der Kichen schwaarz usträichen fir mat Kräid kënnen de Sproch vum Dag dropzeschreiwen, si mer iergendwéi op d’Gespréich iwwert e Matbewunner vum Chris komm, deen Vicar wëll ginn. Dat hunn ech natierlech als Ulass geholl fir mat zwee Féiss an d’Fettnäpfchen ze sprangen an hu gefrot: “Who would want to be a vicar?” Wouropshin de Chris sot: “My mom’s a vicar.” Autsch.

Liicht ugedronk, fir net ze soen stacksat, sinn ech dunn géint halwer 11 bei d’GUU gaang, wou ech de Will, d’Meredith an d’Dimitra aus méngem Englesch Literatur treffe sollt. Nodeem ech du vu Béier op Vodka-Orange emgeklomm sinn, well d’Meedercher mer déi ëmmer bestallt hunn, hunn ech do mol nach méng absolut legendär Danzmoves op d’Parkett gezaubert. Wéi um 2 Auer Sense war, ass de Will op déi grandios Iddi komm: “Let’s all go to my place and spoooon!” Dat hu mer dunn anscheinend gema, mer hunn domm Sprëch gerappt, ech hunn nach e Pint Gin Tonic geext, an et fäerdeg bruecht net katzen ze goen. Um véirel op 4 war ech iergendwann a méngem Bett an de Moien um halwer 11 war ech rem wakreg, vu dass ech jo op d’Uni misst fir mäin English Language Essay sichen ze gon. Ech mengen, ech sinn nach ëmmer voll.

PS: B1 a B3 a ménge Franséisch Essays, A3 am English Language. Uniliewen ass Spaaaaass.

Eppes wat mech un de Schotten ukatzt

Posted in Mënschen by Chris on April 14th, 2008

Schotten sinn déi läscht Mënschen, déi sech et erlaben dierften e Lëtzebuerger ze froen: “Is Luxembourg a nation or is it just a country? Because in my essay I wrote that it was just a reminiscent of the Holy Roman Empire.”

D’Schotten pochen permanent drop, dass se sou extrem anescht sinn wéi d’Englänner a wéi se geplot mat hinne sinn, an erlaben sech trotzdem sou Sprëch iwwer Lëtzebuerg. Mir Lëtzebuerger hu geschichtlech extrem Chance gehat, dass mer onofhängeg gi sinn an dass mer eis national Identitéit behalen oder iwwerhaapt mol réicht opbaue konnten – do gëtt et keen Zweifel. D’Schotten haten dat Gléck net, wéi si empfanen, obwuel sech dach extrem driwwer streide léisst ob se kulturell gesinn net, fierchterlech vill Fräiheeten ëmmer schon haten an och behalen hunn. Zemols am viktorianeschen Zäitalter ass d’schottesch Kultur opgebléit. Den eenzegen Nodeel, dee se hunn, ass, dass se mussen “Héichenglesch” schwätzen a schreiwe kënnen, wa se an engem richtege Betrieb schaffe wëllen. Den Däitsche geet et do net anescht. Mir musse souguer Friemsprooche léiren, wa mer berufflech wëlle bestoen. An awer souert kee Vollék sou vill, wéi d’Schotten.

An dofir stéiert mech sou eng Fro wéi déi. Ech hunn et zudéifst beleidegent fonnt. Ech respektéiren, dass d’Schotten sech vun England ofgrenze wëllen. Mee ëmmer rem stoussen ech op Schotten, déi mir a ménger Kultur net oppe géigeniwwer sinn an se op sou eng Aart a Weis diskreditéiren. Lo muech muncheree soen, dass mir Lëtzebuerger net besser sinn, well mer d’Vereenegt Kinnékräich prinzipiell als England bezeechnen. De Saz “Et ass dach alles dat nämlecht” fällt oft, jo. Dat ass net richteg, mee awer aneschters falsch, wéi d’schottescht Behuelen. Schottland an England, sinn op internationalem Plang numol “dat nämlecht”, fir et graff ze vereinfachen, an ech gleewen och net, dass e Lëtzebuerger e Schott als Englänner bezeechne géif, nodeem hien e kenne geléiert huet.

Wéi d’Abi mer gezielt huet, dass séng Mamm op him séng Ukënnegung, dass méng Mammesprooch Lëtzebuergesch wier geäntwert huet “He’s just pulling your leg” hunn ech dat ufanks nach witzeg fonnt. Mee lo, wou ech selwer och Scots an engem Cours hunn, gesinn ech mol réicht zu wéiengem Degré ech mech vu Schotte rofmaache lossen, déi sech iwwert genee sou e Behuelen vun anere Leit bekloen. Mir Lëtzebuerger si kee perfekt Vollék, mee mer hunn awer eng Identitéit, eppes, wat eis verbënnt: eng Kultur, eng Geschicht, eng Sprooch, Idoler, Anekdoten, Ierwschaften an Dreem.

D’Schotten behaapten sech dorobber, mee viller wëlle mir et net zougestoen.
Et ass fir ze katzen.

Integratiounsproblemer

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on March 14th, 2008

Vu dass ech gëschter gutt gelaunt war, hunn ech mech och mol rem eng Kéier vun enger Charity-Joffer an der Strooss uschwätze geloss. Hatt war ganz fein, mer hunn e bësse geschnësst, an hatt huet mech gefrot, vu wou ech wier. Ech war den éischte Lëtzebuerger deen et getraff huet. Dunn huet et ugefaang mer iwwert séng Saach ze zielen, dass se Kanner aus aarme Verhältnisser hëllefen a probéiren an d’Gesellscahft z’integréiren. Beim Wuert “integrate” huet et gestoppt a mech gefrot: “Do you know that word?”

Du war ech eeschthaft beleidegt an hätt bal geäntwert “I’m foreign, I’m not retarded.” Ech hunn him gesot, dass ech op der Uni studéiren, also kann et jo awer dovun ausginn, dass ech dat Wuert verstinn. Domm Kou.

Danzkaka

Posted in Mënschen by Chris on February 23rd, 2008

Ech ginn den Owend eng Danzopféirung kucken, an däer eng vu ménge Matbewunnerinne matmécht. Ech sinn e Frënd vun Theater an neierdéngs och rem vu Musicals, mee eng reng Danzopféirung?

Ech géif et jo ouni ze mucke kucke goen, wier et net o nach sou schäissdeier (£7)! Domm Abzocker vun der GU Dance Society. £7 äusginn fir eppes kucken ze goen, wat mer mat gréisster Warscheinlechkeet net gefällt. An alles just enger Matbewunnerin zu Léift (a well déi aner och ginn an ech du kaum soe konnt, ech hätt d’Suen net). Dofir sinn ech dëse Weekend dunn net Be Kind Rewind kucke gaang, e Film op deen ech mech scho laang gefreet hunn, wéi d’Lieser vu méngem anere Blog sécherlech wësse kéinten.

Wat mécht een net alles…

2 Deeg mat Frënn

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on February 6th, 2008

Wann dräi Frënn zwee Deeg op Besuch kommen, kënnt sécher den een oder anere blöde Sproch raus.
Vu dass ech e Méindeg am Soff decidéiert hunn, mer déi bescht am Handy ze späicheren, kann ech déi lo mat iech deelen.
Erwaart iech absolut näicht intelligentes. Den Alkohol huet geschwat, ergo ass alles prepubertär.

“Wann ech 60 Joer sou liewe géif, wéi déi läscht 4 Deeg, ginn ech keng 30 Joer al.”
“De J. ass schwul wéi eng Handbrems.”
“Jo, mee éierlech wann d’Sau sou gäil ass. D’Sau kéint sech och eng Panz zillen. Oder e Schnutz wuesse lossen.”
“De Problem ass: wann s de séier drénks, gëss de no all Schlupp duuschtreg.
“Wann s du a mäi Glas kacks, da muss du d’Sau selwer drénken.”
“Ech fannen et vill méi einfach mat deem ze prosten. Deen huet keng Aen.”
“Ech gi sou krass katzen den Owend.”
“Ech man näicht woufir ech net bezuelt ginn. Äusser ménger Mamm follegen.”
“Ech bräuch net schlecht ze proste fir schlechte Sex ze hunn.”
“Jo, mee besser wéi den Hënner vun engem, deen och an der Tranchée sëtzt.”
“Flüs, du bass sou eng Tatta.”
“Wann s du mat him géings f***en, da géif ech der en Troun Kafen, en Zepter an eng Kroun.”
“Muer wäerts de der wënschen, du häss nie en Aaschlach gehat.”
“Moslems sinn Islamisten ouni Eeër.”

An dann nach dem Flüs säi brillante Witz.
“Pass op, e Laaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaach.”

Lo si se rem fort, tjo.