Scotland’s for me

Fear and loathing in Musselburgh/Newcraighall/Niddry

Posted in Liewen by Thorben on 7 March 09

Eis Uni bidd säit neistem e Service wou ee gratis Velo’en ka léinen. Well ech immens gären Velo fueren, an säit iwwert engem Joer nemmi sin, hun ech mer e Velo geholl. Ziel: Edinburgh, ca 10km.
Vu menger Uni ob d’Strooss. No 100m ass mer agefall, dat ech a Groussbritannien wier – ech wor mer awer nemmi sécher ob ech ob der richteger Stroossensäit wier. Panesch hun ech main Handy aus der Täsch gezunn a menger Schwester ugeruff. Hat ass den Checker bei sou Saachen. Hat huet mer dann gesot ech misst lénks fueren – ech haat intuitiv richteg getippt.
No engem kuerzen Stéck Stroos goung et dun ob d’Velospist, wou lénks a riets zwar och relevant woren, mee e Feeler net grad sou fatal wier. Et wor waarm an sonneg, aal Koppelen woren spadséiren, kleng Kanner mam Velo ennerwee an Meedercher hun hier Poussette ausprobéiert an wahrscheinlech verflucht dat am briteschen Schoulsytem – ausser et hellt een d’Wahlfach Bio – keng Obklärung viirgesin ass (an dat ass net gelunn).

Um Enn vum Veloswee sin ech u klengen Kanner laaschtgefuer, véier oder fënnef Joer all, déi sech enner Beobsiichtegung vun Erwuessenen gestouss a geschloen hun an séch Kosenimm wéi “Fucker”, “Cunt” oder “Twat” gin hun, an dat hun ech alles héiren an deenen 5 Sekonnen wou ech déi Kanner konnt héiren. Weider ass de Veloswee gaangen un Felder wou verrotten Autoen an Scooteren stoungen, mee d’Sonn an dat gudd Wierder hun dat schéin ausgesin gelos.

Spéider sin ech duerch eng Wunnsiedlung gefuer. Dee Moment ass mir et äiskaal iwwert de Réck gelaaf: Aus engem aalen raschtegen Lautsprecher ass déi schrill Melodie vun engem Kannerlidd komm – sou wéi dei heiten. Hei gin et wéi an amerikaneschen Filmer sou “Ice Cream Vans”, Autoen wou Glace verkaaf gëtt. An Stephen King Romaner géingen do och Kanner gefriess gin.  Zu Glasgow gouf et virun 15 Joer den “Ice Cream Truck War”. Fréier an haut sin zu Glasgow déi Ice Cream Trucks Emschlaagplaatz fir Drogen gewiecht, wat och erklärt firwat am déifsten Wanter em 11 Auer Owes beim Fede virun der Buud heiansdo soueen laaschtfiert. Méi dozou hei. Oballenfall kennt eben bei déi Tatsaach, dass een sech viirstellt dass do Kanner géingen gefriess gin, déi kriminell Komponent dobai, wat Ice Cream Trucks zu enger zimmlech onheemlecher Ugeleegenheet mecht.

Ech sollt awer net laang drun denken, well sech viru mir e riesegen Rottweiler obgebaut huet a mech ugebillt huet. Ech hun en einfach emfuer, do wor et gudd. Seng Sabberspuer wor nach 500m – pardon, 546 yards – dono ze gesin, bis ech rem oofgelenkt gouf vun…engem aaneren Ice Cream Truck. Em deen stoungen kleng Kanner déi drob gespaut hun, mam Fouss dra gerannt hun an dem Glacenverkeefer Drohgebärden gemaach hun. Oh mei.

Méi spéid hun ech missen emgefaalen Akaafsween emfueren, an dräi kleng Kanner hun mat hieren Plastiksgewierer (ech hoffen se waren aus Plastik) ob mech gezielt – charming welcome. Et woren nemmen nach 5 Meilen bis ob Edinburgh an ech wor lo am déifsten Slum vun der Staad. Iergendwann wor do sou e klengen Hond un deem ech laaschtgefuer sin deen do mat sengen Herrchen – zwee circa 12 Joer aalen, roudhoeregen Fleeschbäll – ennerwee wor. Bis en mir noogelaaf ass an mer wollt an d’Box bäissen. Dat Béischt ass awer just mat de Patten widdert meng Box komm a glécklecherweis net an d’Speechen vum Velo, soss wier en doud gewiecht. An ech wuel als nächsten. Mam Messer am Bauch (beim Fede am Studentenwohnheim goufen virun e puer Wochen 2 Studenten an enger Messerpickerei schwéier verletzt).

Ech sin schließlech iwwert en aalen Zuchwee – The Innocent Railway – gefuer wou d’Leit rem méi normal gi sin. E Stéck duerch Edinburgh, ennen laascht Our Dynamic Earth (E Musee iwwert d’Entstehung vun der Welt, d’Edinburgh Creation Societey seet, si hätten och en Kreatiounsmusée verdengt), de Palais vun der Queen iwwert den wonnerschéinen Cannongate bis rob ob d’Gare.

Fir heem hun ech den Zuch geholl.

2 Responses

Subscribe to comments with RSS.

  1. marionmuller said, on 8 March 09 at 11:06 am

    Ech wollt och eng Kéier mam Velo vum Büro op d’Gare an dann am Zuch bis op Esch, a vun do rem mam Velo bis Heem. Déi éischt puer Honnert Meter iwwer de Veloswee/al Bréck waren nach ok, dono sinn ech, well ech net wosst wou de Veloswee ging weidergoen, iwwer den Trottoir weider bei d’GAre am Zickzack laangscht d’Foussgänger… natierlech absolut net reglementaire . Op der Gare de Velo op d’Schëller geholl, dat Déngen weit mindestens 40 Kilo… an d’Trap erof, Trap erop geschleeft fir op de Quai. Wann net en hëllefsbereeden Mann hannert mer de Velo spontan mat an d’Lut gehoff hätt, wier ech gutt op d’Suckel gaang an der Trap an hätt mer wuel gehierlos wéi gedon. Dunn am Zuch di ganzen Zäit niewt dem Velo stoen fir dass en net bei der Däiwel flitt, Esch Gare war e besse méi einfach, mee um Wee fir heem war de Veloswee op eemol eriwwer an ech sinn am Géigeverkéier geland, zu béid Säite si mer d’Autoen entgéint komm. Liichten Uflug vu Panik… Zenterdem sinn ech och nemmi mam Velo gefuer a gi léiwer weider zu Fouss vu Gare zu Gare.

  2. Cedric said, on 11 March 09 at 3:23 pm

    Dat ass eng schéi Geschicht – kéint ech déi a mengem Cours benotzen? Mellt iech w.e.g. Ech kann iech dann déi verhandout Versioun schécken.


Leave a Reply