TV Licencing in the UK (Update)
Hei a Groussbritannien muss een fir d’BBC Gebühren bezuelen. Ech hu keng Tele, dofir ass dat fir mech kee Problem. Ech hun hinnen vum TV Licencing ugeruff an gesot ech hätt keng. Si soten dat wier sou gudd. Trotzdem krut ech emmer rem Bréifer, ech misst se bezuelen. Déi Bréifer sin emmer an engem extrem agressiven Toun geschriwwen. Enner aanerem gett do gesot, dat meng Wunneng ënner Ennersichung géing stoen, dat se mech géingen besichen kommen an sou weider. Obwuel ech hinnen – wéi gesot – nom éischten Bréif bescheed gesot hun, dat ech keng Telé hun. Haut krut ech dann e Bréif, wou drasteet si hätten probéiert mech ze kontaktéiren (wat wouer ass) an ech hätt net ugeruff (wat gelunn ass). Dofir schécken se mer elo Informatiounen, wéi ech mech verhaalen soll, wann ech verfollegt gin. Déi Tipps sin:
- ech kréien (evtl) mäin Datum fir bei d’Geriicht. Dat soll ech net vergiessen
- ech muss net bei menger (eventueller) Verhandlung dobäi sin
- Ech dierf mech selwer verteidegen, kann awer och en Affekot huelen
- Ech soll am beschten 20 Minutten virun menger Verhandlung do sin
- Ech ka meng Stroof an e puer Bezuelungen oofzuelen
Ech wees zwar dat dee Bréif rem nemmen soll Aschüchterung sin. Mee awer. Do ass mir dann de Kolli geplatzt an ech hun hinnen e Bréif geschriwwen. Mol kucken ob se sech mellen.
Dear TV Licencing,
hereby I confirm the reception of your letter from March 2009, reference 3245331008STU. I have called your colleagues last year (after October) to confirm that I do not own a TV nor watch programmes as they are being broadcast. However you kept harassing me with letters telling me I was under investigation. There is no trouble with investigating, because you won’t find a TV or a laptop connected to a TV receiver. Therefore I would like to invite you, over a cup of tea, to check this for yourself instead of wasting valuable paper. I would also like to inform you that in our flat there are no rooms E, F, G or H, so please stop harassing those nonexistent people.
I understand that your main goal is to generate money for the BBC and other national broadcasting stations. As I watch some BBC shows on iPlayer AFTER they were broadcasted (which – in accordance to your website – is legal without a licence) I know that the BBC is a very high quality programme. So I recognize that your mission to collect money for this fine British institution is a very noble one and I respect you for doing this.
However, as I informed your colleagues, I do not apply for a license. I am among those people who do generally not watch TV. Therefore I find your behaviour unacceptable as your letters are polite but in a very aggressive tone. Stating that I was not replying to your letters is a lie and as you happen to send letters every once in a while, while I was assured that you’ve got my response via phone, it leaves no doubt that this is not an error from your side. As a result, I would like to ask you very politely to go to hell and fuck yourself.
If you have any questions, do not hesitate to contact me or send your officers to settle this problem in person.
Yours faithfully
Thorben Grosser
The legal occupier of room A
Flat 1-1, Room A
Block H Student Village
Update 31 Mäerz: Ech krut grad eng eMail vun de Jongen. Entweder sin se sauprofessionnell oder se hu meng Mail net gelies
Dear Mr Grosser
Thank you for telling us you don?t need a TV Licence.
To prevent unnecessary reminders being sent we have now changed the process regarding homes where a set is not in use. Within the next few weeks you will receive another letter. This asks you to reply only if a set has been installed or a licence purchased.
As no licence is required, as a set is not in use, then you do not need to reply. In due course one of our Visiting Officers will call on you and confirm the situation. Once confirmed, we will update our records accordingly. This will protect your address from letters, for a longer period than would normally be set at an address, as it has been confirmed that a set is not in use.
Some unscrupulous people will use this particular action as a form of evasion. I am sure you will appreciate, we have a responsibility to the Licensing Authority and the licence holding public to be certain of the licensing requirements for each address hence the instigation of the new process.
I hope the information above clarifies the situation.
Yours sincerely
Cleo Hines
TV Licensing
Fear and loathing in Musselburgh/Newcraighall/Niddry
Eis Uni bidd säit neistem e Service wou ee gratis Velo’en ka léinen. Well ech immens gären Velo fueren, an säit iwwert engem Joer nemmi sin, hun ech mer e Velo geholl. Ziel: Edinburgh, ca 10km.
Vu menger Uni ob d’Strooss. No 100m ass mer agefall, dat ech a Groussbritannien wier – ech wor mer awer nemmi sécher ob ech ob der richteger Stroossensäit wier. Panesch hun ech main Handy aus der Täsch gezunn a menger Schwester ugeruff. Hat ass den Checker bei sou Saachen. Hat huet mer dann gesot ech misst lénks fueren – ech haat intuitiv richteg getippt.
No engem kuerzen Stéck Stroos goung et dun ob d’Velospist, wou lénks a riets zwar och relevant woren, mee e Feeler net grad sou fatal wier. Et wor waarm an sonneg, aal Koppelen woren spadséiren, kleng Kanner mam Velo ennerwee an Meedercher hun hier Poussette ausprobéiert an wahrscheinlech verflucht dat am briteschen Schoulsytem – ausser et hellt een d’Wahlfach Bio – keng Obklärung viirgesin ass (an dat ass net gelunn).
Um Enn vum Veloswee sin ech u klengen Kanner laaschtgefuer, véier oder fënnef Joer all, déi sech enner Beobsiichtegung vun Erwuessenen gestouss a geschloen hun an séch Kosenimm wéi “Fucker”, “Cunt” oder “Twat” gin hun, an dat hun ech alles héiren an deenen 5 Sekonnen wou ech déi Kanner konnt héiren. Weider ass de Veloswee gaangen un Felder wou verrotten Autoen an Scooteren stoungen, mee d’Sonn an dat gudd Wierder hun dat schéin ausgesin gelos.
Spéider sin ech duerch eng Wunnsiedlung gefuer. Dee Moment ass mir et äiskaal iwwert de Réck gelaaf: Aus engem aalen raschtegen Lautsprecher ass déi schrill Melodie vun engem Kannerlidd komm – sou wéi dei heiten. Hei gin et wéi an amerikaneschen Filmer sou “Ice Cream Vans”, Autoen wou Glace verkaaf gëtt. An Stephen King Romaner géingen do och Kanner gefriess gin. Zu Glasgow gouf et virun 15 Joer den “Ice Cream Truck War”. Fréier an haut sin zu Glasgow déi Ice Cream Trucks Emschlaagplaatz fir Drogen gewiecht, wat och erklärt firwat am déifsten Wanter em 11 Auer Owes beim Fede virun der Buud heiansdo soueen laaschtfiert. Méi dozou hei. Oballenfall kennt eben bei déi Tatsaach, dass een sech viirstellt dass do Kanner géingen gefriess gin, déi kriminell Komponent dobai, wat Ice Cream Trucks zu enger zimmlech onheemlecher Ugeleegenheet mecht.
Ech sollt awer net laang drun denken, well sech viru mir e riesegen Rottweiler obgebaut huet a mech ugebillt huet. Ech hun en einfach emfuer, do wor et gudd. Seng Sabberspuer wor nach 500m – pardon, 546 yards – dono ze gesin, bis ech rem oofgelenkt gouf vun…engem aaneren Ice Cream Truck. Em deen stoungen kleng Kanner déi drob gespaut hun, mam Fouss dra gerannt hun an dem Glacenverkeefer Drohgebärden gemaach hun. Oh mei.
Méi spéid hun ech missen emgefaalen Akaafsween emfueren, an dräi kleng Kanner hun mat hieren Plastiksgewierer (ech hoffen se waren aus Plastik) ob mech gezielt – charming welcome. Et woren nemmen nach 5 Meilen bis ob Edinburgh an ech wor lo am déifsten Slum vun der Staad. Iergendwann wor do sou e klengen Hond un deem ech laaschtgefuer sin deen do mat sengen Herrchen – zwee circa 12 Joer aalen, roudhoeregen Fleeschbäll – ennerwee wor. Bis en mir noogelaaf ass an mer wollt an d’Box bäissen. Dat Béischt ass awer just mat de Patten widdert meng Box komm a glécklecherweis net an d’Speechen vum Velo, soss wier en doud gewiecht. An ech wuel als nächsten. Mam Messer am Bauch (beim Fede am Studentenwohnheim goufen virun e puer Wochen 2 Studenten an enger Messerpickerei schwéier verletzt).
Ech sin schließlech iwwert en aalen Zuchwee – The Innocent Railway – gefuer wou d’Leit rem méi normal gi sin. E Stéck duerch Edinburgh, ennen laascht Our Dynamic Earth (E Musee iwwert d’Entstehung vun der Welt, d’Edinburgh Creation Societey seet, si hätten och en Kreatiounsmusée verdengt), de Palais vun der Queen iwwert den wonnerschéinen Cannongate bis rob ob d’Gare.
Fir heem hun ech den Zuch geholl.


8 comments