Scotland’s for me

ASDA on a Saturday afternoon, 5pm

Posted in Liewen by Thorben on 27 January 09

ASDA ass dee gréissten Supermarché bei eis an der Géigend, wahrscheinlech méi grouss wéi den Auchan an 24/7 op.
Samstes Mëttes am ASDA ass den Horror. Mammen wou 6 Kanner ronderemlaafen an alles aus de Regaler rappen, Rentner déi schaffen mussen well hier Pensioun net duergeet an 16-jähreger mat ronnem Bauch an dem genervtenen – mee fir de ronne Bauch responsablen – Frënd un der Hand.
Welcome to lower-class britain.
A matzen dran ech.

3 Responses

Subscribe to comments with RSS.

  1. Max said, on 27 January 09 at 1:13 pm

    ech war gëschter um 2 an der nuecht do. wéinst frühstück. always lower prices.

  2. Thorben said, on 27 January 09 at 8:48 pm

    Wéi, ech duecht du setz zu Bréissel an net am Kinnekräich.
    Naja, präislech gesin ass ASDA wierklech top

  3. Max said, on 27 January 09 at 11:43 pm

    Jo mee heinsto gönnen och ech mer Vakanz. Heinsto och an den East Midlands.


Leave a Reply