ASDA on a Saturday afternoon, 5pm
ASDA ass dee gréissten Supermarché bei eis an der Géigend, wahrscheinlech méi grouss wéi den Auchan an 24/7 op.
Samstes Mëttes am ASDA ass den Horror. Mammen wou 6 Kanner ronderemlaafen an alles aus de Regaler rappen, Rentner déi schaffen mussen well hier Pensioun net duergeet an 16-jähreger mat ronnem Bauch an dem genervtenen – mee fir de ronne Bauch responsablen – Frënd un der Hand.
Welcome to lower-class britain.
A matzen dran ech.
Applaus…
…am Fliiger ass jo uséch eppes wat just primitiv Unterschichtlingen nach man. Haut am Fluch ob Edinburgh koum et dun awer zu folgender Szene:
Duerchsoo vun Steward: Aufgrund der wirtschaftlichen Lage sind die Preise in unsrem RyanAir Bordmagazin nicht mehr aktuell. Wir bitten Sie daher, ein Pfund mit einem Euro umzurechnen.
Wéi do de Fliiger applaudéiert huet, konnt ech net anecht wéi matman.
Guess who’s back.

3 comments