Scotland’s for me

Langweil a Grënn zum Feieren

Posted in Liewen, Schoul by Chris on 16 December 08

Haut ass also mäin 21. Gebuertsdag. Wéi fillt een sech mat 21? Net vill anescht wéi mat 20. Vrun 2-3 Wochen hat ech eeschthaft eng Kéier gemengt ech wier réicht 19. Dat Dommt ass: mäi Gebuertsdag fällt dest Joer an d”Examenszäit a sou muss ech reng theoretesch nach fir mäi läschten English Language Examen iwwermuer léiren, mee am Fong sinn ech fäerdeg domadder.

Dat erlaabt mer also mech vill ze langweilen. Sou hunn ech mech gëschter sou fuerchtbar gelangweilt, dass ech mech bei der SLSB ugemellt hunn, eppes wat ech bis well carrément ofgeleent hunn. Bon, ‘t ass well geschitt, a méng 7€ hunn ech och schon iwwerwisen. Haut sinn ech dunn mam Nic seng Chrëschtdagsakeef man an ech däerf souvill verroden: séng Famill kann sech op exquisit Cadeauen freen. À propos Cadeauen: fir mäi Gebuertsdag krut ech vu ménge Matbewunner Bongotrommelen, domadder kann ech méng backing vocals bei de Calypso 4 lo och mat engem Instrument begleeden. Yes.

5 Responses

Subscribe to comments with RSS.

  1. Thierry said, on 16 December 08 at 8:07 pm

    Du Verréider. :P Ech weigeren mech elo schon erfollegräich dräi Joër dogéint Member ze ginn. Bis elo konnt nach keen mer de Sënn an Zweck dovunner erklären Geld fir dee Veräin auszeginn.

  2. Nic said, on 17 December 08 at 3:51 pm

    Exquisit Cadeauen…

    Den Pond ass nemmen nach 7,8 Cent mei wärt wei den Euro. :D

  3. Laetitia said, on 17 December 08 at 6:42 pm

    (Mat e bësse Verspéidung, mee… Alles gutts fir de Gebuertsdag!)

  4. Chris said, on 18 December 08 at 12:09 am

    Merci Leti. :)

  5. Thorben said, on 19 December 08 at 4:03 pm

    Nëmmen nach 5.2 Cent.
    Thierry, ech gesin den Zweck net an, mee se promivéiren d’Studéiren am Kinnekräich jo, dat ass jo awer fein.


Leave a Reply