Scotland’s for me

Wanterpaus

Posted in Liewen by Chris on 19 December 08

Hei gëtt et bis op Weideres näicht ze liesen.

Iech alleguer wënschen ech e schéint Hannukah!

Langweil a Grënn zum Feieren

Posted in Liewen, Schoul by Chris on 16 December 08

Haut ass also mäin 21. Gebuertsdag. Wéi fillt een sech mat 21? Net vill anescht wéi mat 20. Vrun 2-3 Wochen hat ech eeschthaft eng Kéier gemengt ech wier réicht 19. Dat Dommt ass: mäi Gebuertsdag fällt dest Joer an d”Examenszäit a sou muss ech reng theoretesch nach fir mäi läschten English Language Examen iwwermuer léiren, mee am Fong sinn ech fäerdeg domadder.

Dat erlaabt mer also mech vill ze langweilen. Sou hunn ech mech gëschter sou fuerchtbar gelangweilt, dass ech mech bei der SLSB ugemellt hunn, eppes wat ech bis well carrément ofgeleent hunn. Bon, ‘t ass well geschitt, a méng 7€ hunn ech och schon iwwerwisen. Haut sinn ech dunn mam Nic seng Chrëschtdagsakeef man an ech däerf souvill verroden: séng Famill kann sech op exquisit Cadeauen freen. À propos Cadeauen: fir mäi Gebuertsdag krut ech vu ménge Matbewunner Bongotrommelen, domadder kann ech méng backing vocals bei de Calypso 4 lo och mat engem Instrument begleeden. Yes.

Schaffe goen (II) an: Wien am Glasshouse setzt sollt net mat Telleren geheien oder: My American Dream

Posted in Liewen by Thorben on 10 December 08

(Ech hun a mengem Events Essay en A+ (81%) an sin domat deen éischten Student vu menger Uni dien dat a sengem éischten Essay an Events management gepackt huet. Juchheissassa!)

Nodems mäin Chef a mengem 2ten Viirstellungsgespréich mam Satz “Before we start, I’d like to tell you that you’ve got the job” ugefangen huet, hun ech dann gewaard dat eppes géing geschéien.

Donneschtes Owes, während ech u mengem zweeten Essay geschriwwen hun, huet main Handy geschellt: “Hi, it’s Julie from the Glasshouse. You wanna work tonight or tomorrow or both?” “Both are fine!” “Well, see you at 10 at the Glasshouse”.

Freides: 22:00 Auer – ukommen am Glasshouse. An enger Baustell soll muer den Owend d’Aweihung stattfannen. Bis dohinner soll et awer keng Baustell méi sin. D’Kichengeräter stin na agepakt, d’Luten gi net, et ass kee Waasser do, dofir musse mer d’Geschier riwwer an de Restaurant droen. 100 Teller wäschen, 200 kleng Läffelen an 200 Messeren vun Hand poléiren. Well mer dee falschen Produit fir d’Läffelen haten hu mer se nach eng Kéier misse man Zesummen mat 2 Inder an engem Thailänner – déi iergendwéi alleguerten Ali heeschen.
01:00 Auer: Saachen gepaakt, heem.
02:00 Auer: ageschlof.

Samstes, 8:30 Auer: Wecker, obstoen, raséiren, fäerdegman. Moiesiessen iwwersprongen, ech géing dat nach bereihen.
10:00 Auer: Ech gin dem Bruce ennerstalt. Mir hun 2 Frigoen an sollen Uerdnung rabrengen. All d’Gedrénks rausdroen an rem randroen. Sou einfach. Dat geet an d’Äerm.
12:00 Auer: D’Frigoen si fäerdeg an bis ennert de Plafong voll. Eisen Chef ass houfreg ob eis, mir fäerdeg. E seet him wier agefall si wéilten am Frigo en Safe verstoppen. Kee Problem, mir raumen de Frigo rem aus, placéiren den Safe an raumen de Frigo rem an.
13:15 Auer: Mettespaus. Riwwer bei Tesco gejoggt an mir eng Coke Zero kaaft. Eppes aaneres haten se nemmi.
13:40 Auer: 2 Kleng Frigoen mussen e Stackwierk robgeschleeft gin. De Bruce an ech kemmeren eis drems. Ech hun Honger. Meng Been din wéi.
14:00 Auer: Ech gin mat engem aaneren Inder (Ali) un d’Wierk, mir musse spullen, ob 2 Spullmaschinnen gläichzäiteg, déi drett ass futti. D’Kichen ass nach emmer net fäerdeg, mee d’Käch kennen kachen an mir spullen: 200 Forchetten, 200 grouss Läffelen, 200 Kaffisläffelen, 200 kleng Forchetten, 200 Coctailglieser, 200 Wäisswainglieser, 200 Roudwainglieser, 200 Longdrinkglieser, 200 Waasserglieser, 200 Taassen, 200 Ennertaasen, 50 Zockerdousen, 50 Salzstreer, 50 Pefferstreer, 200 Pint-Glieser. Géint enn vu menger Schicht mengt nach eng Kéier een, mir braichten nach 100 Coctailglieser, ausserdem hu mer déi 50 Waasserkréi vergiess. Mee dat fällt bei 2650 Stecker Besteck net ob.
17:00 Auer: Team debriefing an briefing fir d’Nuetsschicht déi lo kennt an virdrun de Sall dekoréiert hat, d’Handwierker sin nach am Hannergrond amgaang mat schaffen. “Taban (dat soll Thorben sin), you’ve done a great job together with Ali. I know you’re here since 10, but would you like to help in the kitchen tonight”. Ech wellegen an.
18:00 Auer: Bis elo hu mer nach geraumt an alles perfekt gemaach fir den Owend. Et gesäit genial dobannen aus. An der Kichen richt et gudd, wat mech frustréiert, well ech säit 9 Auer um Virdaag näischt méi giess hun.
18:30 Auer: Final Briefing. Jhiddereen kritt eng Schossel Curry an de Grapp gedréckt fir sech ze stäerken. An genee hei lait d’Stäerkt a mengem Job: Luxus-Käch déi fir sech selwer kachen, kachen vill besser. De Chefkach, deen e Kostüm unhuet, kuckt säit 20 Minutten dem Dampfgarer noo, wéi en sech selwer propper mecht. Soss huet deen haut nach näischt gemaa. Dach, en huet seng eMailen gelies.
18:40 Auer: Eist Owesiessen gett ennerbrach well déi éischt Gäscht 20 Minutten ze fréi do sin.
19:50 Auer: Bis ob e puer Glieser ass net vill rakomm, mir hun e gemittlechen Schafftempo an der Spull, mee elo geet grad d’Entree raus. Langoustinen mat Zalot.
20:05 Auer: Mat engem Schlaag kommen 100 Servicer ran. Ech stin zum Gang hin, huelen d’Telleren oof, geheien d’Iessen wech, stellen d’Telleren an d’Keschten während den Ali d’Saachen oofduscht an an d’Spullmaschin schéckt. Mir hun elo nemmen nach eng Spullmaschin well mer wéinst Iessensreschter lo eng Glieserspullmaschin an eng Tellerspullmaschin hun. Iwwer dems kennt lo och de Schmorri vun de Käch mat fir propper ze man.
8:45 Auer: No 25 Minutten si mer der Situatioun Meeschter, mee säit 20 Minutten ass den Haaptplat, Fesch an Speck mat iergendeppes, dobaussen. Ee vun de Käch stellt eis en Iessen fir eis dohinner, ech gin eng Forchette fir mech sichen, just an deem Moment gesin ech eis éischt 2 Serveusen mat den Telleren kommen. Keen Iessen elo. Rem déi selwecht Obdeelung a rem packen mir et an 20 Minutten mam ganzen Geschier duerchzesin.
9:10 Auer: Den Dessert ass raus, mir spullen nach e bessen. Et kommen abeemol Wäinglieser an den Ali hällt abeemol ob ze schaffen. Oder bal. An mecht net méi vill. Ech Iessen séier 3 Desserten, waarm Schokelasuebsttaart mat Vanill-Rum Zooss. Während sech d’Glieser an d’Besteck stapelen dreemt den Ali an der Géigend rem.
10:00 Auer: Mir hun verluer. Dobaussen ass zwar alles perfekt gaang, mee mir setzen ob engem riesegen Stapel vu Glieser an Telleren an Kaffiskaanen an Téikaanen an sou weider. Mir spullen, während 2 aaner Inder (dei emmer nemmen indesch mateneen schwätzen, déi sin esou onhéiflech) d’Glieser poléiren, an rem 2 anerer Besteck poléiren.
10:30 Auer: D’Julie kennt bei mech “bass du nach emmer hei?”
11:00 Auer: De Mark, mäi Chef, kennt bei mech “Bass du nach emmer hei? Gudd, dohannen sin 50 Kartonen, déi muse klenggemaa gin an fortgehäit gin!”
11:20 Auer: D’Julie “Maach dech fäerdeg!” Ech: “Ech man just nach dat heiten fäerdeg, da gin ech”
11:30 Auer: De Mark, main aneren Chef, du bass elo säit 10 Auer hei, wanns de wells goen, da géi.
11:45 Auer: D’Julie: Thorben, wanns du elo net gees, dann froen ech de Mark fir dats de kanns goen. Ech: Nee, mir geet et gudd.
0:05 Auer: D’Julie: Thorben, du dierfs goen. Géi.
Ech paaken meng Saachen. Zwee mol 2650 Stecker Besteck gewäscht, dat sin 5300 Stecker Besteck. Wéi ech rausgin steet abeemol déi ganz Ekipp do an applaudéiert mir fir meng 14-Stonnen-Schicht. Meng Been din esou wéi, dat ech bal 40 Minutten (amplatz 20) fir heembrauch.

Den Job gefällt mer immens, well en oofwiesslungsräich ass, vielsäiteg an fuerdernd. Och wann et just Zervéiren an Tellerwäschen ass. Mee awer. Meng Chefs sin immens fein an d’Iessen am Glasshouse genial. 14-Stonnen-Schichten haalen mech do och net oof, ech haat am Summer mol eng 43-Stonnen-Schicht (awer eng Stonn Schlof). An als Tellerwäscher ufänken ass dach d’Definitioun vum American dream…

Ech hun vu menger Mamm – déi sech bekanntlech mam Chris senger Mamm muss em d’Plaatz als “Bescht Fraa vun der Welt” streiden – en Adventskalenner kritt. Meng Mamm ass aus Flensbuerg, an an Norddäitschland/Skandinavien ass e Stoffkallener üblech un diem kleng Cado’en festgemaach gin. Desst Joer hat ech bis elo haptsächlech Knorr Fix an Téi an Schokela, allkéiers mat enger klenger Note vu menger Mamm dobai. Hach :) wat hun ech mech gefreet. Domat gi meng Posts an d’Wanterpaus.

Kleeschen

Posted in Liewen by Chris on 6 December 08

Haut hunn ech en Ziedel fonnt, dass gëscht e giele Päckelche fir mech ukomm wier…
Wéi e komm ass, war ech grad eng véirels Stonn aus dem Haus fir Chrëschtdagscadeauen akafen ze gon.
Lo kënnt e réicht en Dënschdeg.

:(

Freideg Owend

Posted in Uncategorized by Chris on 5 December 08

Et ass Freides Owes, an ech ginn net raus, well ech brav sinn a léiren. (Gutt, am Moment net, an o net wéi ech virdrun den Artikel op Pianocktail geschriwwen hunn, mee egal.)

Gëschter war méng läscht Virliesung vum Joer, viru mer leien well d’Examen. Déi sinn en Donneschdeg, e Freideg an den Donneschdeg, déi Woch drop. Dat heescht ech si leider net fir mäi Gebuertsdag doheem, vu dass ech mäin English Language Examen o net sause losse kann.

Haut an zwou Woche kommen ech dann heem. Soss eppes interessantes? Jo kloer! Haut war ech Cadeaue fir Krëschtdag akafen, a méng Hoer hunn ech nach ëmmer net schneide geloss. An engem Ufall vun Idiotie hunn ech och decidéiert mech mol net méi ze raséiren an der Hoffnung, dass et net ze lächerlech ausgesäit an ech bannent enger Woch eppes gewuess hunn, wat sech Baart nenne loosse kéint.

Jo, et fillt een sech heinsdo alleng.

WOW

Posted in Schoul by Chris on 2 December 08

Dat ass an deem Fall net d’Ofkierzung vu “World of Warcraft”, mee dat eenzegt Wuert wat op méngem Philosophie Essay stoung. Bäm be Bäm.

A2.

Glasgow / Edinburgh

Posted in Liewen, Mënschen, Wunnen by Thorben on 2 December 08

De Grommel huet mech animoto-süchteg gema.