Queuing
Q-ing oder Queuing ass an Groussbritannien en populären Spaß. Virun all nach sou miesem Nightclub ass eng Schlaang, och wann just 20 Leit dobannen sin, bei der Post, am Supermarché, suguer um Busarrêt, iwwerall gett Schlaang gestaan. Wann een net an enger Schlaang stoung, dann ass et näischt. Haut hun ech zu Edinbrrra ob e puer Plaatzen Leit Schlaang stoen gesin, allkéiers sou eng 100-150 Leit, wéi zB hei ob dem Bild.
Quizfro: Firwat stin déi leit un?
a) Haut sin d’Ticketen fir déi weltberühmt Millitärparad an den Handel komm
b) D’Leit stin virun enger Bank un an wellen hier Suen retten
c) D’Leit kaafen Halloweenkleeder
d) Den Stephen Fry gett Autogrammer an engem Bicherbuttek
e) D’Leit stin un fir den Michael Jackson den 29. Februar am Ballhouse ze kucken
Fir d’Äntwert, weg den Text hei drénner markéiren
TEXTDess Leit stin un an wellen nach en Kostüm fir Halloween kaafen. Weirdos. TEXT
Béier a Schottland
Dat mat deem Béier drénken hei ass sou eng Saach. Wat hei am meeschten gedronk gett ass Tennents Lager. De Kyle, dien Brauerei an Distillerie studéiert huet mir dozou erklärt
Well, Tennents is a typical product ob British ignorance. Germany, and lots of other countries spent loads of work on making Lager-beer an actually drinkable product. The UK did not mind. Thats why Tennents tastes how it actually tastes.
Domat gett et awer och schon schwéier, e schottesche Béier ze fannen, dien een iwwerall fennt. An dat ass schued, well et ganz gudde Béier gett, aanerersäits och reizvoll, well een an all Pub kann eppes neies probéiren, an déi meescht Pubs och eng Béierkaart hun déi méi wäit iwwert dat normalt geet. Ween also konstant Kalitéit sicht, ouni sech onbedéngt wellen an de Béier ranzeschaffen, bleiwt mat kontinentaleuropäeschem Béier. Ganz beléift ass Stella Artois, deen awer extrem deier ass (£3-3.50 e Pint an engem Pub). Ween et belleg well, awer emmer nach besser wéi Tennents, drénkt Heineken. Oder Guinness.
Ech perséinlech hun Ales ganz gären. Ales sin méi creamy an hu manner Kuelensaier. Mäin Lieblingsale ass Deuchars IPA (geschwat ['dju:keörs]). Den IPA bedeit Indian Pale Ale an ass méi staark wéi en normalen Ale (mat 4.4% awer net ze staark) well se gemaach goufen fir an Indien ze exportéiren, an fir den Transport ze iwwerliewen méi Alkohol haten. Hei gett den alkholgehalt net an Prozent ausgedréckt, mee an Shilling. Fréier woren den Alkoholgehalt an de Präis verbonnen, dofir huet een net en “Light” bestallt, mee en 60 Shilling (geschriwwen 60/-) wat dann enner 3.5% ass.
Mee wéi sollt et aanecht sin an engem Land, wou een beim Ziedel fir den Dokter muss ausfellen, wéivill “Stones” een schwéier ass. (1 Stone = 14 Pound, 1 Pound = 16 Ounces, 2 Stones = 1 Quarter) An dann gin et nach Pints, Scottish Pints, US Pints, US Dry Pints, Irish Pints. Mee dat ass eng aaner Geschischt.
Ales gin iwwregens mat enger richteger Pompel gezaapt wou een heiansdo gesäit dat déi kleng Baarkeeperen sech do mat béiden Äerm drunhänken.
Ukennegungen an Oxford
T’éischt eng Ukennegung. Scotlandsforme gett embenannt an UKisMINE an ass net länger “Letzebuerger ennert Iren a Schottland” mee “Reesen am Kinnekräich”.
Ufank Oktober, nodems meng Bank meng Kreditkaart rem fräigin hat, hun ech fir £44 Pond en Busticket ob Oxford gebucht fir d’Sarah ze besichen. Zuch ass ze deier, an ob d’Idee mat EasyJet wor ech net komm. Donneschten owend hun ech dann em 22 Auer den Bus geholl. Normalerweis kann ech gudd a Busser schlofen, ma hei wor et anecht. Ech hu missen meng Been auserneen haalen dat ech iwwerhapt an de Setz gepasst hun. D’Plaatz niewt der Toilett huet dofir garantéiert dass déi ganz Nuecht géingen Leit iwwert meng Féiss faalen an d’Dieren klaaken. Kee Schlof. Eigentlech schlofen ech gudd a Busser – wei gesot – mee dat wor hei net dran. Kee schléift an National Express Busser. Den Chuck Norris schon. Em 5 Auer hun ech dann missen eng Stonn zu Milton Keynes waarden, en Shithole aus den 60er, kenschtlech Staad déi an der Mett tescht Oxford, London, Cambridge, Birmingham an Leicester gebaut gouf fir London ze entlaaschten. D’Awunner vu Milton Keynes schummen sech, dofir nennen si et nemmen MK. No enger weiderer Stonn am Bus wor ech dann zu Oxford ukomm. D’Sarah huet mech oofgeholl an mir sin zesummen an säi Flat getreppelt, wou ech mech mol leen gaangen sin bis 12 Auer.
Dann obgestan an Oxford kucke gaang. Wat ech moies am hallefdäischtren schon geahnt hun huet sech bestätegt. Oxford ass déi schéinsten Staad ob der Welt. Net dat ee mech falsch versteet: Zu London, Glasgow, Edinburgh oder Musselburgh ass defintiv méi eng lass, mee Oxford ass esou schéin. Dat kann een guernet gleewen. An de Wues an hieren Colleges ass krankhaft genee geschnidden. Eben sou wéi een sech dat viirstellt. Harry Potter eben. Da woren mer nach d’Union vun der Oxford University kucken,
an dat stellt einfach alles an de Schied. Zu Oxford gett et déi eelsten Bibliothéik vun der Welt laut egenen Angaben, d’Gebaier sin enorm an d’Leit snob. D’Studiengebühren leien Momentan bei £3000, ongeféier 3700 Euro. Mee den Direktor vun der Uni probéiert dat ob amerikaneschen Standart robzeschrauwen, Zitat “37′000$ wéi zu Harvard sin akzeptabel, mir sin net d’Sozialamt vun der Natioun”. Wéi schéin. Schéin wor och en Milkshakebuttek wou et iwwer 250 verschidden Milkshakes goufen. D’Sarah krut mech dun zu Zara (Reim, Reim…) fir mer en Hoodie ze kaafen. Dono wollten mer heem kache goen, hun dann awer spontan décidéiert, bei den Jamie Oliver iessen ze goen (deen Typ dien als Fesch verkleed an Britesch Schoulen geet). Do huet een en Iessens-Erliewnis gehat, wat ugefangen beim Service, iwwert d’Bar, d’Iessen an den Décor einfach perfekt wor. An d’Präisser sin normal britesch Restaurant-Präisser. Erfreet woren mer, dat mir vum Türsteher als lescht Leit rageloos gi sin. Sou fillt een sech wéi e Kinnek.
Dono woren mer an d’Buud zréck an ech hun dem Sarah seng Flatmates kennen geléiert, zimmlech léif Leit. Ech wor beandrockt dass et Leit gin, déi e Kapp méi grouss sin wéi ech. Iergendwann sin mer dann obgebrach an den Lava+Ignite, en mettelméissegen Club, wou mer eis awer bei Cheesy Pop gudd amüséiert hun. Bis ech vum Dancefloor geflu sin. Wéinst mengem Hoodie hun ech missen den Club verlossen an mech rem ustellen fir mäin Hoodie dann un der Dier oofzegin. Fucker. Den Daag drob si mir naturgeméiss net bis 4 Auer obkomm. Dann rem an Oxford, akaafe gaang, eppes ze iessen kaaft (no Jamie Oliver, Lava+Ignite an Taxi fir heem wor d’Geld vum Weekend fort, mir hun Zalot gemaa). Dono woren mer nach an d’Brooks Union, wou mer awer obgrond vun plaakegen, sabbernden an gröhlenden Männern an massiven Iessenreschter um Buedem relativ séier rem rausworen.
En rouegen Owend. Moies goufen mer em 11 vun enger Frendin vum Sarah aus dem Bett geheit wat em 12 zum Breakfast sollt kommen, awer net matkrut, dat zäitemstellung wor. Zu moies giess, an Oxford, Christchurch Meadows gekuckt, en Falaffel giess, Saachen gepaakt an rem ob de Bus. 10 Stonnen Fahrt, 90 Minutten zu Milton Keynes bei 3°C an der keelt waarden. Ech si freckt an erkaalt.
Oxford ass genial. Wierklech genial. De Weekend huet sech gelount. Mee National Express ass fir mech vum Desch. EasyJet ass souwisou méi belleg.
Prabbelien zu Glasgow…
… sinn dat onsënnegst, wat s de der besuerge kanns. Ech hunn de Feeler d’läscht Joer gemeet, an och dëst Joer rem, well de Prabbeli just £3 kascht huet. Mee d’Saach ass déi: all Prabbeli fiert hei futti. De Wand deen hei permanent ass, ass den ultimative Killer.
Sou och haut, wéi ech an d’Stad wollt fir e Gebuertsdagscadeua fir méng Mamm ze besuergen. Ech war keng zéng Meter vu ménger Hausdir fort, kënnt e Wandstouss, zwee Bigele gebrach, ech ginn naass. Du sinn ech mer an den H&M eng Mutz kafe gaang. Déi hält wéinstens.
Méng Emanzipatioun
Fréier ëmmer nëmme laachend an zefridden, sech ni iergendwou beschwéirend, hat ech e schwéiere Stand. Ech hunn oft Saachen akzeptéiert, déi mer net gefall hunn.
Ech schénge mech doranner awer well geännert ze hunn. E Sonndeg ware mer an de “Ketchup”, e poshen, komplett iwwerdeierten Burgerrestaurant iessen. Méng Cola krut ech an enger Fläsch mat engem Schalümo. Mat dem arrogantesten Toun, deen ech en vue vum Präis vun der Cola hikrut, hunn ech dunn awer gefrot ob ech e Glas kréie kéint. Méng Matbewunner hu sech liicht geschummt (Brite fannen et onubruecht sech ze beschwéiren, oder soss “onhéiflech” ze sinn.) Spéider waren se dunn awer frou, wéi ech gefrot hunn, ob se kéinten d’Klimaanlag ausman – sou wäit kënnt et nach, dass ech an e Restauraunt ginn, wou et méi kal ass, wéi a ménger Kummer. Doheem gëtt Zwiebeltechnik jo ugewannt, mee auswärts awer sécher net.
Den Dag drop, war ech ze liddereg bis bei de Somerfield ze goen (Note: deen ass just 2-3 Minute weider weg) a sinn dofir an de Marks & Spencer kucke gaang, wat an der Reklamm ass. Do ass mer dunn natierlech direkt den £1.75 Pesto an d’A gefall. Zwee däer Dëppercher an d’Täsch stiechend ass mer bei der Kees de Kënn rofgefall, gouf mer dach net wierklech zweemol £3.99 dofir vun der Kaart gezunn. Ech zréck an de Rayon, gecheckt, keen Pesto an däer Präisklass entdeckt – hätt jo kënne sinn, dass ech mech giert hätt -, bei den néchste Mataarbechter a mech beschwéiert. Deen ass mat mer iwwerpréiwe komm, huet gemierkt, dass se falsch ausgeschëldert haten a mer méng £4.48, déi ech “zevill” bezuelt hat zréckginn. Zevill bezuelt ass allerdéngs gutt gesot, well ech effektiv den deiere kaf hat, mee e just falsch beschëldert wor… Dat klappt wuel och just do, wou d’Präisser d’office iwwerdriwwen héich sinn.
PS: Jo, ech sinn eng Konsumschlampe an en houre Student, dee sénger Liewen näicht geschafft huet, an deem et vill ze gutt geet.
Schaffe goen (I)

No engem ustrengenden Weekend zu Glasgow wor haut dat nächst Major-Event um Plang: Ech haat mäin éischt Viirstellungsgespréich. Awer ganz vun viir: Ufank Oktober koum eng eMail vun eisem Jobshop (dat ass déi Abteilung vun der Uni déi sech dréms kemmert, dat mir alleguerten gudd Jobs kréien), d’The Glasshouse at Eskmills sicht Studenten, net iergendwelch Studenten, mee Events an Hospitality Students. An soueen sin ech jo. Kuerz d’Mama em Rood gefrot, d’Mama soot jo. D’Glasshouse ass eng vun den besseren Adressen a Schottland. Se zielen op jonk an räich Leit. Eng extrem posh Plaatz. Scho komesch, fir een, dee guernet posh ass. Ech wor schon glécklech, wéi ech gesot krut, dass ech den Interview hätt, mee main CV ass gudd, an et ass bestemmt vun Virdeel, dat et an Groussbritannien illegal ass, Geschlecht, Nationalitéit an Foto bei engem CV matzegin.
Also, gescht Owend nach séier mäin Hallefbaard fort. Dobäi hun ech mir dann ob 2cm Längt e Schnett um Kenn gesat, net dat, wat virun engem Job Interview sollt geschéien, mee de Schnett wor do.
Haut den Moien 2 Stonnen éischter obgestan, mech fäerdeg gemach, Kostüm ugedoen, séier e bessen Deko zesummengeraaf (eng Mapp mat mengem CV, en puer Ennerlaagen an mäin poshen Agenda mat dem brongen Pobeier an dem falschen Liederaband). An ab. Den Interview wor kuerz an prägnant. T’éischt d’Kommunikatioun getest “Wéi fenns du Schottland? Deng éischten Kéier hei?”. Dann den CV duerchgaangen, dobäi emmer rem festgestallt, dat ech am Banquetting null Erfahrung hun. Hingéint huet zumols meng Ausbildung als Ambulancier-Secouriste ob mengem CV wierklech Uklang fonnt. Dann e puer Froen “bass de bereed, schwéier Saachen ze schleefen”, “bass de bereed, spéid ze schaffen” an sou weider.
Dann den Zäitraum definéiert: “Du wees dats de am Ufank bis an de Mäerz ran heinasdo muss 6 oder 7 Deeg an der Woch schaffen?” “Bass du Chreschtdaag doheem? Ok, mee fir Hogmanay (Schottescht Silvester) brauche mir dech.” “Du verdéngs £6 d’Stonn” Bei deem Saatz sollt ech wuel Glänzen an den Aen kréien, well dat fir d’Verhältnisser hei schon e gudd Stéck iwwert dem Mindestloun (dien bei £4.40 lait), an mat 7.20 Euro ass et net vill manner wéi ech bis elo an der Heemecht verdéngt hun, mee Euphorie gesait anecht aus.
An dann den krutialen Saatz: “Ok. Ech hätt dech gären am zweeten Viirstellungsgespréich dobäi, du bass weider.” Enn Oktober wees ech dann méi.
1.15 am
Muer de Moien soll ech also ob Glasgow. Em 1.15 am stung abeemol eng jonk Fraa, blond, zerzausten Hoer, bei mir am Zemmer. Et huet mech ugekuckt an gelallt: Where am I? Ech soot just: “In my room.”. Do huet et sech emgedréint an ass gaang. Am Moment drob hun ech aus der Kichen en johlen héiren, wat ech als den Scream-Part vun Tribute vun Tenacious D. identifizéiert krut. Ech sin also obgestan an an d’Kiche gaangen. Do woren 20 Leit – alleguerten onbekannt – déi Gitaar gespillt hun an gesongen hun. Ech hu mech doniewt gesat. Abeemol froot ee Meedchen mech: “Who are you?” “Thorben. Nice to meet you.” “What are you doing here?” “Well…erm…well…I live here.” “Oh really, who else in here lives in that flat.” Ech hu mech emgedréint an no mengen Flatmates gesicht, “well, so far, I am the only one from this flat in here.” “Wow, so what are we doing in here?” “Well, I have no idea, how did you come to our flat.” “No idea” “Well, then…”
Deen Akaafsweenchen um Bild ass iwwregens eisen, dee mir eis fir £1 bei Tesco kaaft hun. Ass praktesch fir Dreck rauszebrengen, Wäsch bei d’Wäschmaschinn ze brengen etc. Ween déi Leit sin, wees ech nach emmer net. Mee se hu versprach dono ze botzen.
Lake District an Raven Crag
Ech wor e bessen hin an hier gerappt. Ech hat mech zwar fir den 3 Deeg Hike an Nordengland ugemellt. Mee aanerersäits ass d’Sonn hei sou heefeg wéi a Letzebuerg de Schnéi, aanerersäits hun ech Freides owes mat mengen Flatmates an den Hive sollen. Vue dat den Trip awer iwwerbucht wor, wor Hive ugesot. Freides moies krut ech dun raus, dat ech meng Saachen hu missen paaken, an em 6 Auer um aaneren Enn vun Edinburgh sollt sin, fir do an de Bus ze klammen. An aller Panik hun ech menger Mamm ugeruff a gefrot wat ech zum Iessen sollt apaaken. Hier Äntwert “Dousenravioli” huet mech dun versechert dat ech richteg geweckelt wor. Séier alles agepaakt: Groussen Rucksaak, klengen Rucksaak, Schloofsaak, Isomatt, Kleeder, Baselayer-Kleeder, Plover, Fleece, Reenjacket, Bordrier, Grigri, Tube, Karabineren, Expressschlingen, Chalkbag, Liquid-Chalk, Iessbesteck, Wasserfläsch, Mousse au Chocolat, Stremp, Klammschung, Messer, Notitzbuch.
Em 6 dann alles ob d’Daach vun eisem Minibus gepaakt, an lass bei Tescos, séier nach en Paak Tennents kaafen (nie méi) an 2 Liter Cola (Literfläschen gin et hei net). Bis roof ob Langdale, do wou eisen Camping wor huet et nemmen geschifft, an mir hun eis Zelter am Reen obgebaut.
Den Kyle haat eng Hallef Fläsch Whiskey an 3 Bechsen Béier ran wei mer do woren. Um Wee fir dohinner hun ech mech mam Claire-Marie, enger Erasmusstudentin vun der Sciences-Po ennerhaalen an mir woren an engem Chipshop dien ausgesait wéi aus den 60er Joeren.
Samstes moies goung et dann em 9 Auer rob ob den Raven Crag, en Fiels, ca 25 Minutten zu ze Fouss wech vum Camping an en relativ heftegen Geröllwee biergob. Ech hu mech déi 2 Deeg fir Klammen décidéiert an wor komplett obgereegt, well ech nach nie traditionell geklommen sin. Tradiotionell Klammen ennerscheed sech doran am Haalen oder Sportklammen um Fiels, dat een keng präparéiert Strecken huet, wou een säin Seel kann anhänken, mee seng Secherungen selwer um Fiels muss befestegen, wat dat ganzt e bessen méi fräi mecht, mee awer och méi geféierlech, well déi Secherungen net emmer ganz gudd setzen. An et ass kee schéint gefill, wann een ob 10 Meter steet, an déi eenzeg Secherung déi een huet 3 Meter ennert engem aus dem Fiels fällt. 10 Meter sin relativ geféierlech, wat sech doduerch erkennen léisst, dat iwwerall doudeg Schoof leien, déi den Fiels roofgeseegelt sin.
Ugefangen hu mir mat enger “S”, wat fir Severe steet. De briteschen System fir d’Strecken ze klassifizéiren ass aanecht dobausse wéi bannen, well niewt der Fro wéi schwéier eng Streck ass och berücksichtegt gett, wéi geféierlech se ass. Eng “Severe” ass also net onbedengt schwéier ze klammen, mee obwändeg ze sécheren. Eis “S” wor an 4 Etappen ze klammen an 90 Meter héich, bis elo meng héichsten Streck. Well mer dono den Hals net voll kruten hu mer dann nach eng “VS” gemaach, eng Very severe, 38m um Stéck. Déi VS ass ob der Foto ze gesin, ech iwwregens och.
Owes ass et an den Pub gaangen wou déi meescht hieren Honger mat Béier gestellt hun. Ech hu mech vum Kyle, dien Distillerie an Brauerei studéiert berooden geloos. Dat ass relativ flott, wann een en Whiskey bestellt, an dann vun engem erklärt kritt, wat besonnech un grad desem Whiskey ass, firwat een erkennt, wou en hierkennt, wéi en genee déi Faarw kritt an net ausgesäit wéi een vun der Insel niewendrun an sou weider. Dono gouf nach en aalt Klooter-Café-Spill erklärt: Ennert dem Desch duerchkrabbelen, ouni Buedemkontakt.
Wéi ech herno am Bett/Zelt wor hun eis Leit nach eng Party um Daach vun eisem Minibus gefeiert, ech muss mir onbedengt oofgewinnen virun 3 schlofen ze goen.
Um nächsten Moien woren déi meescht zimmlech gebrach, an mir hun deen daach just nach zwou Vdiffs, Very difficults, gemaach, wat eng zimmlech einfach Kategorie ass, éier et rem heemgoung.
Heiheem sin se weinst dem Reen net an den Hive gaang.
