Frankie Boyle
“Do you remember years ago, when they were making Braveheart, everyone said: ‘Oh that’s ridiculous, Mel Gibson playing a Scottish person… that’s not gonna be very convincing.’ And look at him now! An alcoholic racist!”
An dat ass just den Ufank:
Evil joke…
…internationalen Owend an der Students Union. Dresscode: Dress as a country. Leit am Dirndl, leit am Kimono etc. Abeemol kennt en Meedchen, ca. 20 Joer, kleinwüchseg (ca. 1m grouss) laascht.
Beccy zu mir: “As what country is she dressed up? Luxembourg?”
Déi Saach mat den Highlands an mäin éischten Daag…
No enger haarder Nuecht – ech wor réicht em zwou am Bett – wor ech dann em 6 obgestaan. Ech wor schon eng Kéier em 4 beim Frigo, an elo rood mol wiem ech do rem (ech an Ennerwäsch) begéint sin? Genee, dem Tamsin, bekannt als M1, wat mech awer net weider verwonnert huet, well ech em eigentlech baal all Nuecht moies em 4 an der Kichen begéint sin.
Wéi ech dun em 6 Auer wakreg gi sin, hun ech meng Saachen gepaakt an mech ob de Wee gemaach, em kuerz ob 7 de Bus geholl fir dann em 8 um Grassmarket ze sin. Mir sin a Richtung Loch Lomond gefuer, niewt de Ben More. Ech hun e puer Feeler gemaach. Éischtens wor ech Hungover. Zweetens haat ech vergiess, main Iessen anzepaaken. Drettens wor et deen éischten Hike a menge Schong, an dofir wosst ech net, dat ech an deene Schon imperativ deck Stremp brauch, dei ech net haat. No ca. 500 Héichtenmeter wor et dun mat mir nemmi gaang an ech hun den Uschloss verluer, hun mech awer nach bis ob de Gipfel robgeschleeft. Den zweeten Gipfel hun ech dun net méi matgemaa, ech haat den Oofstieg gemaach, zesummen mat engem erfuerenen Biergsteiger aus den USA dien Brauerei an Distillerie studéiert an ob mech opgepasst huet. Ennen ukomm wor ech fäerdeg an demotivéiert, mee frou dat ech et gemaach hun.
Ech hun haut nach emmer Muskelkater, mee dat ass okay.
Haut de Moien wor ech dun em 9.15a a menger éischter Lecture beim Alan McDonald, wou ech, wéi sech spéider rausgestallt huet, ech fehl wor, ech wor ze domm, de Stonneplang richteg ze liesen. Em 10a hat ech dann Meeting mat mengem PAT – Personal Assigned Tutor – Dr. Joe Goldblatt, dien hei als Kolleg vum Dr. Daman gellt (haha, Joke!). Noodiems ech him vu mengen Erfahrungen an Viirstellungen am Kinobusiness gezielt hun, huet en mir dann gesot: “Wat ech vun dir verlaangen ass, dats de dech beim Edinburgh Filmfestival aschreifs als Volounteer an do schaffs. Setz däi Fouss an d’Dier. An wanns de dat net packs, soo mer bescheed, an ech briechen dir d’Dier ob.” Et bemierkt een dass en net drems bied dat ech dat maan, mee en verlaangt et. Sou sin d’Briten.
De Metten em 4.15p wor ech dann a menger éischter Lecture wou ech ob der richteger Platz wor, Markets and Customers, wou zimmlech ugerappt gett, an wat zimmlech tricky ass, well och Marketing, sou wéi Mathé, Physik, oder aaner Pseudowessenschaften wéi Philo oder Sproochen (Chris, eat this!), eng zimmlech präzis Terminologie haat, wat wierklech nie menges wor. Do muss een duech.
Ech sin enthousiastesch. Let’s go!
Lëtzebuerger
Ech hunn haut véier Lëtzebuerger op der Uni gesinn, zu véier verschiddenen Zäitpunkten, an ech mengen net, dass déi véier sech ënnerenee kennen. Cool, gell?
PS: d’Schoul ass rem un, an Angels in America dat bescht Theaterstéck vum zwanzegste Joerhonnert.
Ausnahmen…

Sou gesäit eng Dier an eisem LRC aus. (Learning Ressource Centre aka Bibliothéik)
Nei Musek…
…léiren ech hei masseg kennen, well d’Leit hier iTunes-Shares net zoumaan. An net nemmen déi.
Feststellungen an Faziter
Haut ass Daag 5 am Land vun de Schotten.
An et mierkt een schon firwat d’Briten net zu Europa wellen gehéiren; et si keng Europäer. Et ass villes aanecht. Ech ernieren mech bis elo ausschliesslech vegetaresch, well Fleesch einfach ze deier ass, dat ass kloer. Buschauffeuren, letzebuergescht Suergenkand mat schlechten Manéiren, sin hei extrem frendlech. Wat stéiert ass, dat se hei kee Wiesselgeld hun, dat heescht entweder du hues deng 1.1GPB dobai oder du bezills méi. Aanerersäits, wanns de net grad auslännesch ausgesäis, freet de Buschauffeur iwwer Micro “has anyone got some change for that nice young man” an direkt sprengt de ganzen Bus ob. Och dat an letzebuerger Kulturkreeser bekanntent waarden, dat d’Kannerkutsch duerch de Bus flitt well de Chauffeur ufiert ouni ze waarden bis d’Kannerkutsch fixéiert ass, entfällt. De Buschauffeur waard, an wann dat dräi Minutten dauert bis d’Fraa fäerdeg ass. Ranhellefen mat Kannerkutsch mecht keen, all d’Busser hun Brécken dei een kann ausfueren.
Souwisou sin d’Leit extrem zevierkommend, an suguer deen muskelbepaaktesten Hells Angel helleft der Boma iwwert d’Strooss, an mir duerch Edinburgh.
Wat déi jonk Briten ubelaangt, sin déi zimmlech hefteg. Deen Lifestyle dien bei Skins proposéiert gett, schengt wierklech just en Soupcon ze sin. 17-jähreg Britinnen sin einfach nerveg, well bitchy. Net all. Ech hun iwwregens Gleck gehaat mat mengen Flatmates. Den Sean, 22, huet säit sengem Lycée als Museker an Cafén an Hochzäiten Gitaar gespillt, spillt an 2 Bands an kann alles vun Johnny Cash iwwer Damien Rice bis Mark Knopfler. Dovun oofgesin ass hien en typeschen stereotyp vun engem Kenschtler, molt, schreift an ass dofir responsabel dat ech a menger Wunneng all moien neien Fraaleit begéinen. Dozou folgend Anekdot: Ech gi moies em 4 an d’Kichen fir mer eppes aus dem Frigo ze huelen, am T-Shirt an am Boxershort. A menger Kichen setzen ee flott Meedchen (M1), an en manner flott Meedchen (M2), béid Frendinnen, de Sean wor am gaang ze probéiren M1 vun M2 ze isoléiren.
T: Hi.
M2: What are you doing here?
T: Fetching some milk. Fancy a cup?
M2: You are wearing underwear.
T: Yeah. I have been sleeping.
M2: You should have put some pants on.
T: What? You are sitting in my fucking kitchen, and you want me to dress so that you feel comfy.
M2: Aye.
M1: Actually, I think he’s right.
D’Rebecca, Beccy oder Becks ass eng 24jähreg Radiotherapie Studentin (Strahlentherapie, Kriebs an soueppes) déi en Degree an Fine Arts huet, domat 1 Joer als Facility manager geschafft huet an festgestallt huet, dat Konscht einfach kee Geld brengt. Hat huet mer gewissen dat ech online BBC ka kuken, wat zimmlech cool ass.
Ech hun e Méinden mat Schrecken festgestallt, dat eis Uni keng Bibliothéik huet. All Versich ob de Pläng eng Bibliothéik ze fannen woren vergebens. Spéider hun ech dann rausfonnt, dat Bibliothéiken out sin, dat sin well Learing Resource Centers. Majo flott. Do geet et och zimmlech modern oof (naja, ech wor jo nach nie an enger aanerer Bibliothéik), alles geet via RFID, online Kataloger, Dokumenter kopéiert een net méi, et mailt een se sech selwer als PDF zou an sou weider an sou virun. Witzeg ass d’Reckentwecklung vun den Computeren. Fréier wor et sou, dat an engem Betrieb ee groussen Mainframe-Computer alles gemaach huet an den Employée usech just iwwert e Bildschierm ob en Deel vum Mainframe zreckgegraff huet, eng klassesch Terminalapproche. Dann huet IBM den Marché revolutionéiert (an Apple, Xerox etc.): Den Personal Computer ass komm. Plötzlech huet een déi sperreg zentraliséiert Léisung si gelooss an et huet een jhidder Employée Rechenpower, RAM, an Festplakken zur Verfügung gestallt. Dat wor Enn 70er. Mir schreiwen d’Joer 2008 an eis Schoul ass stolz wéi Oskar dat mer lo iwwerall sougenannten Thin-Clients hun, déi soss naischt kennen wéi eng Software zur Virtualiséirung ausféiren, an Windows an eis Programmer gin zentral ob Mainframes ausgefouert. Back to the roots.
Freshers Week ass haard Aarbecht, mee et lount sech wierklech, ob Party am Cabaret Voltaire, oder Baal an engem klasseschen Baalhaus mat schottescher Band, internationalen Owend mat Indesch, Franseich, Chinesesch an Italieneschem Iessen an enger Schottescher Drums-And-Piper-Band, Shoppingtouren, Visité guidées, Pub crawl, Filmowender, Moiessport, Fitnessraumaféirung oder sou ass alles dobäi. Ech gin herno bei den Freshers Flicks den Anchor Man kucken, dat schéngt hei eng Aart Pflicht-Film ze sin.
Ech huelen nemmi sou vill Aktivitéiten ob mech, mee eppes wou ech wäert drob leen ass Biergsport, well ech säit 2 Joer klammen gin. Dofir sin ech der Herriott-Watts-Queen-Margaret-Mountaineering-Society bäigetrueden déi all zweeten Weekend vu Freides bis Sonndes duerch d’Highlands hiken, all aaneren zweeten Sonnden en Sonndeswalk maan, Denstes klammen gin an Mettwochs drenken. Dodrob freen ech mech, besonnech well ech net denken dat et e besseren Wee gett, d’Highlands an d’Lowlands kennen ze léiren.
Fire protection mecht mech mell, zumols well ech meng Zemmerdier net kann oppen stoen loossen. Ech muss an menger Fliiger-Dusch-Toilette och beim Duschen d’Dier zoumaan, well ech soss kéint den Feieralarm ausléisen. Groussbritannien ass Kappkrank dodran. Och krank ass, dat ech an der Öffentlechkeet keng Messeren mat enger méi laanger Kleng wéi 7cm dierf bei mir hun, wat mech schon zum kriminellen mecht wann ech mam Leatherman duerch d’Géingend laafen. Geschweige denn mat Messeren vum IKEA heem kommen.
Behennerter hun et hei gudd. Mir hun esou vill Rollstullfuerer, Zwergen an sonsteg Leit hei laafen. An ech gleewen net dat et däer méi hei gin, mee einfach dat d’Facilities dofir do sin. All fucking Taxi huet eng Rollstullramp, all Bus huet eng, all Dierschell, Unissall, Buschauffeur, Taxichauffeur, Zuch etc huet en Induction Loop, dat ass en System bei däer Sprooch iwwert e Sender direkt an en Hörgerät gescheckt gett. Wow.
Groussbritannien ass cool, mee och lästeg. Et ass net good ol’ Luxembourg.
Guardian
Den Owend ginn ech op enger Avant-première vun Tropic Thunder, iwwert deen ech eng Kritik fir de Glasgow University Guardian schreiwe wäert. Dohinner ginn ech mat dem Ludivine, enger absolut granateschaarfer Erasmusstudentin aus Nancy, déi mech gëschter um Meeting vun der Zeitung gefrot huet, ob et mech begleeden dierf.
Firwat ech iech dat erzielen? Well ech mech och mol freen dierf, wa mir mol eng Kéier eppes wierklech onfaassbar Cooles geschitt.
Kaméidi
Net nëmmen sinn ech bis 4 Auer ëmmer rem vu Freshers ëmmer rem vu wakreg gemaach ginn, déi gemengt hunn se misste sangend duerch d’Strooss lafen (woufir ech eigentlech na Verständnis hunn). Nee, wéi ech mer gëschter schon erwaarde konnt, sinn haut d’Aarbechten um Studentewunnkomplex nieft ménger Wunnéng haut viru gaang. Dat heescht ab 8 Auer ass gehummert a gebuert ginn.
Well dat awer net genug Kaméidi war, hu se du mam Presslofthummer e Lach an d’Strooss viru ménger Kummer gebuert a mer sou wierklech all Méiglechkeet zur Konzentratioun op Paradise Lost geholl.
Hei e Bild vun der Situatioun. Mäin Zëmmer ass éischte Stack iwwert dem indesche Snack (Koh-I-Noor), ganz riets. Yippie yippie yeah, yippie yeah, Krawall und Remmidemmi.

Ukommen
Haut de Moien wor et sou wäit, et goung lass. Um Hahn dann déi éischt Schikan, meng Valissen, déi doheem nach 15kg woren, woren lo abeemol 23kg, also 8 Kilogramm zevill, mecht 120 Euro surcharge. Wat soll ee man.
Besser wéi d’Italiener niewt mir, déi net gesin haten dass een och wann een fir 4 Valissen bezillt (ca 100 Euro plus) awer nemmen 15kg dierf mathuelen – am Ganzen. Fir si huet de Spaß dann 675 Euro kascht.
De Fluch wor dun relax an kuerz virun 12 wor ech zu Edinburgh, wou mech e frendlechen Taxischaffeur an souengem London-Style-Taxi dann an dat Stiedchen Musselburgh bruecht huet. Dat ganzt wor dun mat gemeschtenen Gefiller: Engersäits ass et schued, zumols als aalen Iechternacher, ob enger Uni ze sin, déi net aus massiven Mauren an matzen an enger Staad ass. Aanerersäits ass d’Gebai esou fantastesch a propper, dat een dat vergesst. Och déi 5 Minutten bis ob Edinburgh si kee Problem.
D’Zemmer ass propper, grouss genuch an hell. Eng mini Dusch-Toilett-Kombi mecht do och keen Oofbroch. Eis grouss Kichen ass super, ech wees awer net firwat eisen Tiefkühler zwee Mol sou héich ass wéi de Frigo.
Kuerz ausgeraumt hun ech festgestallt dat ech keng Bettdecken hat. Dat wor net tragesch well et hei den re:use-Shop gin wou een fréieren Studenten hiere Krom kaafen kann. Sou krut ech eng Bettdecken fir 1 Euro. Dann akaafen, um Ziedel: E Block, Kleederbiggel, en Handy plus Nummer an eppes ze Iessen an ze drenken. Ech hun den “bellegen” Supermarché net fonnt, sou hun ech missen am Marks&Spencer akaafen, woubäi eng Fläsch Wäin, 6 Päck Nuddelen, 6 Zoossen an 3 Päck Kichelcher mat 20GBP (ca. 22 Euro) nach baal okay sin. An de Buttek ass wierklech schéin. Ech Snob. Deemnächst awer rem Aldi & LIDL. Dann wor ech am Carphone Warehouse wou ech keen Handy vum Paul Potts verkaaft krut, awer trotzdem een mat enger neier Nummer. Meng Kleederbiggelen an Pobeier krut ech och.
Hei sin nach keng Flatmates ausser mir ukomm. Naja. Oofwaarden. Ech gi lo mol 2 Stonnen pennen an dann an d’Students Unions sozialiséiren. Ech sin ukomm. E bessen.
