Genervt
Ech si genervt. Déi Zäit bis zu den Examen zitt sech onendlech hin, iwwermuer geet et réit lass, an ech kann am Fong scho bal rem vu fir ufänke mat Léiren, well ech d’Halschent warscheinlech rem vergiess hunn. An ech sinn traureg, dass ech haut net konnt sprange goen.
Herno ginn ech mol de Contract fir méng Wunnéng néchst Joer ënnerschreiwen, da ginn ech bei den Dokter (ech héiren alt nees näicht méi um rietsen Ouer), an da kommen ech heem liese Gedichter vum Elizabeth Barrett-Browning a souren driwwer, dass ech keng Loscht hunn, nach eng ganz Woch ze waarden bis dass all méng serieux Examen riwwer sinn.
Ah bei mir geet et och iwwermuer lass. Dann ass awer mol rem 1 Woch näischt. Grad sou gudd.
Majo, bonne Chance dann. Ech hu jo schon zënter knapps zwou Woche kee Cours méi a fir dat, wat ech studéieren bräuch ech wierklech net éiweg fir et ze kënnen.
Bei mir as et aanescht, hun na bessen Zait awer och net méi all zevill, an mer haut mol eng Lescht gemach waat ech na alles maachen muss. An lo hun ech well guer keng Loscht méi