D’Liewen
The cost of living has never affected its popularity.
Sou stoung et op engem Plakat, wat ech op méngem Wee zum Blockbuster haut gesinn hunn.
The cost of living has never affected its popularity.
Sou stoung et op engem Plakat, wat ech op méngem Wee zum Blockbuster haut gesinn hunn.
Hehe. Fir wat war dat Plakat dann?
Ausser wann d’Käschten ze héich ginn, an Läit zur Conclusioun kommen, dass et besser ass sech emzebrëngen. Wat awer glécklecherweis nëmme seelen virkënt, well den Selbsterhaltungstrieb dach extrem staark ass. Och an cases of adversity.
Ech hu keng Anung fir wat dat Plakat war. Et stoung net drop, sou wäit ech beurteele konnt. Et war einfa nëmme lieblos un e Bam geheft…
Schued. Lo hat ech scho bal gemengt et géing eng anstänneg Marketingagence dobaussen…
Ech fannen de Gedanken, daat et leit ginn, dei interessant Sprech op Beem hänken, awer interessant. Ass e bessi wei den graffiti, den ech irgendwann eng Keier am Süden gesin hun an dem mech zum Nodenken bruecht huet “C`est tellement triste, ce pays des larmes…”
Dat ass dach aus dem Klenge Prënz, just “C’est tellement mystérieux, ce pays de larmes” heescht et do.
Sou waar de Sproch och richteg. An emsou méi flott, wann een daat op eng Mauer sprayt. Mir brauchen méi där “Poesie” an Magie am Alldaag. E bessi wéi mam VélOh duerch parais ze fueren.