Sonnegen Dag
De Moien sinn ech alt mol eng Kéier um 7 Auer opgestan, well ech jo um halwer 10 Examen hat. Deen ass dunn och gutt gaang a sou war ech ganz zefridden. Wat mech nach méi frou gemaach huet: d’Sonn huet de ganzen Dag geschéngt.
Dunn huet et mech o net gestéiert fir nach a mäi läscht Seminar ze goen an dono méng läscht Referenz fir mäi Flat néchst Joer ofzeginn. Doheem hunn ech mech an eng kuerz Box geschmass, a si mol fein an den Tesco Proviant akafe gaang. Als Belounung fir méng erfollegräich Essays hunn ech mer dunn nach “Antidotes”, den Album vun de Foals kaf. Dat ass e sécheren Tipp fir wann der iergendengem an néchster Zukunft wëllt e Cadeau man.
Rem doheem war ech a souenger gudder Laun, dass ech all eist Geschir fir de Recyclage bei d’Containere bruecht hunn (ech sinn ëmmerhin 4 Mol hin an hir gaang). A fir dat Ganzt ofzeronnen hunn ech mech du mat de Meedercher an de Virgäertche gesat an d’Sonn genoss. Do si sou super Dialoger opkomm, wéi: “You called me bum.” - “Bum’s an affectionate term!” oder “Let’s go to the park and watch the sunset!” - “Yeah, let’s go and check the time on the internet!” Herrlech.
Den Owend belounen ech mech nach emol mat enger Tiefkühlpizza an Cheesy Pop an da geet et muer viru mam Léiren.