3 Deeg mam Fede (an ee mam Sophie)
E Méindeg ass dunn den offizielle Bloggertreff zu Glasgow ugaang zu deem awer just de Fede opgetaucht ass. Pech fir di aner. De Fede huet natierlech dunn als éischt Handlung a Schottland mol den Zug verpasst a wéi en du bis hei war, war de Burger King zou a mer sinn zum McDonald’s gaang. (Kultur pur!)
Wéi de Fede bis installéiert war, wollte mer dunn an d’QM e Patt drénke goen, mee leider war déi schon zou, well se op Summeröffnungszeiten emgestallt hunn. Onalkoholiséiert si mer dunn zréck getrëppelt.
Dënschdes si mer vill ze fréi opgestan fir méng Uni kucken ze goen – déi dem Fede (ech denken ech dierf dat sou roueg soen) gutt gefall huet. Wéi mer du bis domadder fäerdeg waren, gouf et näicht besonneges méi am West End ze kucken a vu dass et na ze fréi fir d’Mëttegiesse war, hunn ech de Fede du gedon e kompletten Ëmwee an de Stadzentrum ze trëpplen. Dobäi konnt ech em dunn awer déi schéinsten Exemplairen vum 19te Joerhonnert Imperialismus a Glasgow weisen.
Freckt vum éiwegen Trëpplen si mer dunn an de Starbucks (na méi Kultur!!) Kaffi drénken a Sandwichen (Nei-Lëtzebuergesch fir Schmieren) iesse gaang. Dat war natierlech komplett iwwerdeiert, mee ëmmerhin liicht ze fannen. A well mer eis deen Dag villes virgeholl haten, hu mer dunn den Zug fir op Stirling geholl, wou mer eis mam Sophie treffe sollten, wat zu Edinburgh studéiert. Mer hunn eis souzesoen op halwer Streck begéint.
Nodeem ech mech permanent während der Zugfuert beschwéiert hunn, dass iwwerall Kéi a Päerd, mee néirens Schof wieren, war Stirling du mol e Kulturschock. Heiser déi manner wéi 4 Stäck hunn gesäit een zu Glasgow ni. Séier dovun erholl wollte mer dunn d’Uni Stirling kucke goen – an sinn du mol eng Stonn laang ze Fouss ënnerwee gewiescht. Wéi mer bis do waren, war eis dat awer derwäert, well mer d’Schéinheet vun der Plaz genéisse konnten. D’Uni ass ronderem e Séi erriicht – an engem Bësch. Do lafen da Kanéngercher einfach sou iwwert de Campus, et gëtt Inten a Schwanen, an d’Leit spillen Golf. Mer hunn eis gefillt wéi d’Alice am Wonnerland.
Zréck (des Kéier mam Bus) a Stirling si mer dunn d’Schlass kucke gaang, wat och rem ganz inspiréirend war. Do hu mer dunn eise ganzen Touristentrieb ausgeliewt an et war immens. Vu dass mer awer sou lues hongreg gi sinn, si mer du mol fein Fish & Chips iesse gaang an hunn iwwer al Zäiten, d’Uni a Kollege vun eis geschnësst. Alles ganz agreabel: de schéinsten Dag säit laangem.
Owes waren de Fede an ech du komplett freckt a konnten net méi rausgoen, mer hunn et just na a mäin Zëmmer gepackt, wou mer Nichtlustig Cartoons gekuckt hunn. D’Middegkeet huet bis gëschter ugehal a sou si mer éiweg leie bliwwen a réicht spéit op, an de Stadzentrum marschéiert, den Disney Store onsécher gema, an eis endlech fir zwee Pints an d’Bierhalle sëtze gaang. Dono war awer och schon d’Zäit fir Äddi ze soe komm, well de Fede rem op de Flughafe misst. Bon, mer gesinn eis jo schon néchst Woch rem.
(Fotoen ginn et beim Fede an der Galerie.)
Any Given Sunday
Naja, ganz sou latzeg wéi normalerweis ass et haut jo wierklech net. Den John plënnert neemlech raus, a mat him méng Pan a mäin Dëppen (jo, eent vun allem, ech sinn Asket), an dofir ass am Zëmmer nieft mer scho mol eppes lass. Dir kënnt iech net virstellen, wéivill Geschir dee Kärel an dat winzegt Zëmmer gestach kritt.
Gëschter hate mer eng Gebuertsdagsparty fir d’Claire, wat e Freideg 19 ginn ass. Wéi sech dat fir e Meedche gehéiert, huet et natierlech um Schluss vun der Party misse kräischen, well keen et gäer huet. Iresch Meedercher sinn déi schlëmmsten drama queens abseits vun Germany’s Next Topmodel. Dat bescht ass, et huet den Dag virdrun och scho gekrasch, well et sech grad mat engem dafe Jong um Cheesy Pop kritt hat. Mäi Liewen ass grotesk.
Muer kënnt de Fede an da geet et rem lass.
Vakanz
Méng Vakanz ass eigentlech lo amgaang, well ech haut de läschten Examen hat. Schéi, gell? Den Dag wou et bei de Premièren uechter d’Land lass geet, sinn ech fäerdeg.
A fir mech selwer ze belounen (ech man dat permanent) sinn ech du mol Indiana Jones and the Kingdom of the Crystal Skull kucke gaang, dee wierklech ënnerhalsam ass. Do kann een näicht dergéint soen, ech si ganz zefridden.
Vu lo un heescht et just na remhänken an d’Liewe genéissen.
Ze fréi opstoen
Lo sëtzen ech hei a weess net wat ech man soll. Et ass 8:10 an an enger Stonn an zwanzeg Minuten hunn ech Examen. Nach emol duerch d’Note kucken kann ech net, well ech soss verréckt ginn, a souwisou an de läschten 3 Woche scho souvill geléiert hunn, dass mäi Kapp bal explodéiert.
Et ass sou eng Saach wann een Examen huet. Et steet een ëmmer méi fréi wéi normalerweis op, fir dass een och nëmmen net ze spéit kënnt – am Endeffekt mécht ee sech just mëll. Ech verstinn och déi Leit net, déi ganz oft déi ganz Nuecht duerch léieren an dann freckt an den Examen schlurfen. E gesonde Schlof gehéiert dozou: wéisou ass mäin also sou verkierzt?
Bon, lo sëtzen ech hei, tippen déi Wierder, stoppen bëssen Nervennahrung a mech ran (drëschenen Toast a Cola) a waarden drop, dass ech mech an enger halwer Stonn op de Wee man.
The Sound of Seagulls
Dat éischt, wat ech haut de Moien héiren hunn, wéi ech wakreg gi sinn, ware Méiwen.
Kee Witz.
Na 5 Deeg
A 5 Deeg ass mäi Schouljoer riwwer. Am Fong ass et Wahnsinn, wéi séier et gaang ass. D’Erënnerung u méng éischt Deeg zu Glasgow ass nach extrem staark.
Lo sinn et just na 3 Examen an dann ass mäin éischt Joer op der Uni gepackt – an et war wierklech flott. Mee sou lues heescht et Äddi soen zu de Leit, mat denen ech lo zënter September zesumme liewen. D’Eilish ass zënter en Donneschdeg fort. Néchste Weekend si mer scho just na zu 6 vun 11. An da geet et séier an da sinn ech och doheem. An dorop freen ech mech.
Genervt
Ech si genervt. Déi Zäit bis zu den Examen zitt sech onendlech hin, iwwermuer geet et réit lass, an ech kann am Fong scho bal rem vu fir ufänke mat Léiren, well ech d’Halschent warscheinlech rem vergiess hunn. An ech sinn traureg, dass ech haut net konnt sprange goen.
Herno ginn ech mol de Contract fir méng Wunnéng néchst Joer ënnerschreiwen, da ginn ech bei den Dokter (ech héiren alt nees näicht méi um rietsen Ouer), an da kommen ech heem liese Gedichter vum Elizabeth Barrett-Browning a souren driwwer, dass ech keng Loscht hunn, nach eng ganz Woch ze waarden bis dass all méng serieux Examen riwwer sinn.
Donneschdeg
Haut an enger Woch néchsten Examen.
Haut an zwou Wochen läschten Examen.
Haut an dräi Wochen ass de Fede fort.
Haut a véier Wochen kommen ech heem.
D’Liewen
The cost of living has never affected its popularity.
Sou stoung et op engem Plakat, wat ech op méngem Wee zum Blockbuster haut gesinn hunn.
Sonnegen Dag
De Moien sinn ech alt mol eng Kéier um 7 Auer opgestan, well ech jo um halwer 10 Examen hat. Deen ass dunn och gutt gaang a sou war ech ganz zefridden. Wat mech nach méi frou gemaach huet: d’Sonn huet de ganzen Dag geschéngt.
Dunn huet et mech o net gestéiert fir nach a mäi läscht Seminar ze goen an dono méng läscht Referenz fir mäi Flat néchst Joer ofzeginn. Doheem hunn ech mech an eng kuerz Box geschmass, a si mol fein an den Tesco Proviant akafe gaang. Als Belounung fir méng erfollegräich Essays hunn ech mer dunn nach “Antidotes”, den Album vun de Foals kaf. Dat ass e sécheren Tipp fir wann der iergendengem an néchster Zukunft wëllt e Cadeau man.
Rem doheem war ech a souenger gudder Laun, dass ech all eist Geschir fir de Recyclage bei d’Containere bruecht hunn (ech sinn ëmmerhin 4 Mol hin an hir gaang). A fir dat Ganzt ofzeronnen hunn ech mech du mat de Meedercher an de Virgäertche gesat an d’Sonn genoss. Do si sou super Dialoger opkomm, wéi: “You called me bum.” – “Bum’s an affectionate term!” oder “Let’s go to the park and watch the sunset!” – “Yeah, let’s go and check the time on the internet!” Herrlech.
Den Owend belounen ech mech nach emol mat enger Tiefkühlpizza an Cheesy Pop an da geet et muer viru mam Léiren.

leave a comment