Nostalgie
Nee, dat hei huet lo näicht direkt mat Schottland ze dinn. Mee mat mir. An em mech geet et ëmmerhin hei. A sou perséinlech hutt der mech woerscheinlech na net erliewt.
Et ass mol rem sou en Owend, wou ech net wees, wat ech man soll, an einfach dem Fede séng Gallerie duerchkucken. Dobäi trëfft een onemstéisslech op lëschteg a virun allem schéin Erënnerungen: Lloret de Mar, eis Diplomiwwereeschung mam Galaiessen, de Premièresbal, divers Gebuertsdagsfeieren, eis Vakanz um Cap d’Agde, an nach eng ganz Rei weider schéin Nomëtteger, Owender, Deeg – Mémoiren.
Et sinn déi Momenter an deenen ech erkennen, wéivill mer méng Frënn a mäin Doheem bedeiten. Dëst Gefill wier sou net méiglech, wier ech net op Glasgow komm. Alleng schon dofir, wäert ech déi Decisioun ni bereien. Duerch d’Distanz an dat wat feelt, hunn ech schätze geléiert, wat ech eigentlech hunn a wat net op mech waart, mee ëmmer do ass. Fir éierlech ze sinn: joerelaang war ech e Souerpitti, deen sech virgestallt huet, dass e kaum Leit hätt op déi en ziele kéint an deen alles schwaarz gesinn huet. Permanent war ech ouni Grond onzefridden. Mee dat huet sech am Laf vun de läschten zwee Joer, a speziell zënter dass ech zu Glasgow sinn, geännert.
Ech sinn – an dat soen ech mat Houfer – glécklech. Glécklech mat mir, glécklech mat de Leit ronderem mech. Dat läit net dodrun, dass ech vu Lëtzebuerg fort sinn, mee dodrun, dass ech wees, dass ech dohin zréck ginn. Dat wat ech a méngen 20 Joer a 4 Méint op dësem Planéit u schéine Momenter erliewt an un (ënnerlech) schéine Mënsche kenne geléiert hunn ass einfach nëmme sensationell.
Ech kucken eng Foto an ech denke mer “Ass dat wierklech schon 2 Joer hir?” D’Erënnerung ass nach sou kloer, wéi wann ech lo just nach de Frënd an den Aarm geholl hätt fir fir d’Foto ze poséiren. A fir mech ass et och net sou, wéi wa méng Frënn wäit vu mer weg wieren. Ech vermëssen se –verständlecherweis – mee se si jo net fort. Mer si vläicht räimlech, mee net duerch Gedanke getrennt.
E grousse franséische Philosoph vun eiser Zäit, de Manu Chao, sot mol: “La vie est belle, le monde pourri.”
A sou ass et och. D’Liewen ass schéin, an ech si frou, dass ech méng Famill a méng Frënn hunn. D’Welt ka schäiss sinn, mäi Liewen bleift schéin, wann ech nëmme wëll. The dude abides.
dat as sou schéin, dodrop drénken mer en white russian!
oh chris, daat hues de awer elo schein gesot
ech hun fotoen direkt op der mauer… an deen eischten bleck vum daag geet direkt op all di schein momenter… 
Ech hunn dech jo och iwwert dem Schreiwdësch hänken.
hehe
hehe