Scotland’s for me

Subway

Posted in Uncategorized by Chris on April 23rd, 2008

Ech war op eng Missioun. Eng Missioun an den Ënnergrond.

De Will hat op eemol d’Iddi mer sollten an déi braach gelueten Subway Tunnel vun der aler Botanic Gardens Statioun goen. An et war sensationell, just schued, dass ech mäi Fotoapparat net mat hat, mee wann den Nic néchst Joer hei studéiert wäert ech en eng Kéier dohi schleefen an da komme Fotoen no. Versprach.

Niewebäi hunn ech nach rausfonnt, dass déi beschte Studente Geldpräisser kréie kënnen. Dofir wäert ech lo probéiren a méngen English Language a Franséisch Examen richteg ze rocken. Et wier jo awer schued, wann dat Geld net u mech géif goen.

3 Responses to 'Subway'

Subscribe to comments with RSS or TrackBack to 'Subway'.

  1. Thierry said, on April 23rd, 2008 at 6:37 pm

    Et wier jo awer schued, wann dat Geld net u mech géif goen.

    Hehe, dat ass déi richteg Astellung.

  2. Nic said, on April 24th, 2008 at 9:34 pm

    Fréen mech schon.

  3. federico said, on April 24th, 2008 at 10:23 pm

    Ech kinnt stonnelaang op Urban Exploration Internetsäiten hänken! Konnt mech selwer awer nach ni dozou iwwerrieden, selwer eppes z’erfuerschen. Mais et ass, an dat ass net ze negligéiren, och nët ganz ongeféierlech jenodeems wou een higeet.

Leave a Reply