Scotland’s for me

Flat Hunting

Posted in Wunnen by Chris on April 25th, 2008

Dat ass lo riwwer, well ech hunn e schéint Flat fonnt an deem ech d’néchst Joer wunne wäert. De Chris ass frou.

Nostalgie

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on April 24th, 2008

Nee, dat hei huet lo näicht direkt mat Schottland ze dinn. Mee mat mir. An em mech geet et ëmmerhin hei. A sou perséinlech hutt der mech woerscheinlech na net erliewt.

Et ass mol rem sou en Owend, wou ech net wees, wat ech man soll, an einfach dem Fede séng Gallerie duerchkucken. Dobäi trëfft een onemstéisslech op lëschteg a virun allem schéin Erënnerungen: Lloret de Mar, eis Diplomiwwereeschung mam Galaiessen, de Premièresbal, divers Gebuertsdagsfeieren, eis Vakanz um Cap d’Agde, an nach eng ganz Rei weider schéin Nomëtteger, Owender, Deeg – Mémoiren.

Et sinn déi Momenter an deenen ech erkennen, wéivill mer méng Frënn a mäin Doheem bedeiten. Dëst Gefill wier sou net méiglech, wier ech net op Glasgow komm. Alleng schon dofir, wäert ech déi Decisioun ni bereien. Duerch d’Distanz an dat wat feelt, hunn ech schätze geléiert, wat ech eigentlech hunn a wat net op mech waart, mee ëmmer do ass. Fir éierlech ze sinn: joerelaang war ech e Souerpitti, deen sech virgestallt huet, dass e kaum Leit hätt op déi en ziele kéint an deen alles schwaarz gesinn huet. Permanent war ech ouni Grond onzefridden. Mee dat huet sech am Laf vun de läschten zwee Joer, a speziell zënter dass ech zu Glasgow sinn, geännert.

Ech sinn – an dat soen ech mat Houfer – glécklech. Glécklech mat mir, glécklech mat de Leit ronderem mech. Dat läit net dodrun, dass ech vu Lëtzebuerg fort sinn, mee dodrun, dass ech wees, dass ech dohin zréck ginn. Dat wat ech a méngen 20 Joer a 4 Méint op dësem Planéit u schéine Momenter erliewt an un (ënnerlech) schéine Mënsche kenne geléiert hunn ass einfach nëmme sensationell.

Ech kucken eng Foto an ech denke mer “Ass dat wierklech schon 2 Joer hir?” D’Erënnerung ass nach sou kloer, wéi wann ech lo just nach de Frënd an den Aarm geholl hätt fir fir d’Foto ze poséiren. A fir mech ass et och net sou, wéi wa méng Frënn wäit vu mer weg wieren. Ech vermëssen se –verständlecherweis – mee se si jo net fort. Mer si vläicht räimlech, mee net duerch Gedanke getrennt.

E grousse franséische Philosoph vun eiser Zäit, de Manu Chao, sot mol: “La vie est belle, le monde pourri.”
A sou ass et och. D’Liewen ass schéin, an ech si frou, dass ech méng Famill a méng Frënn hunn. D’Welt ka schäiss sinn, mäi Liewen bleift schéin, wann ech nëmme wëll. The dude abides.

Subway

Posted in Uncategorized by Chris on April 23rd, 2008

Ech war op eng Missioun. Eng Missioun an den Ënnergrond.

De Will hat op eemol d’Iddi mer sollten an déi braach gelueten Subway Tunnel vun der aler Botanic Gardens Statioun goen. An et war sensationell, just schued, dass ech mäi Fotoapparat net mat hat, mee wann den Nic néchst Joer hei studéiert wäert ech en eng Kéier dohi schleefen an da komme Fotoen no. Versprach.

Niewebäi hunn ech nach rausfonnt, dass déi beschte Studente Geldpräisser kréie kënnen. Dofir wäert ech lo probéiren a méngen English Language a Franséisch Examen richteg ze rocken. Et wier jo awer schued, wann dat Geld net u mech géif goen.

Den Urschrei

Posted in Mënschen by Chris on April 22nd, 2008

Lo grad huet d’Claire fuerchtbar gebläert. Ech duecht, et hätt sech wéigedoen.
Mee a Wierklechkeet war et vill méi schlëmm…

De Jon Arne Riise huet an der 94. Minutt e Selbstgol geschoss.
Mäi Kommentar: “I wish you’d broken your foot instead.” Séng Äntwert: “Me too.”

Flats, Paschtéier a Läffelchen

Posted in Liewen, Mënschen, Schoul, Wunnen by Chris on April 18th, 2008

Gëschter hunn ech méng mir bis well onbekannte zukünfteg Matbewunner, Anthony an (Trommelwirbel) Chris kenne geléiert. Zesumme mat hinnen a mam John si mer eis Telefonsnummere siche gaang, vu Flats, déi eis interesséiren kéinten. Besonneg flott huet eng Annonce geklong, déi sot “Call Jeff!”. Dono beim Patt (okay, bei den Onmassen u Pätt) hu mer driwwer diskutéiert, wéi cool et wier, wann den Jeff eise Landlord wier. Mer hunn driwwer geschwat Liederjacketten ze kréien, op deenen “Jeff’s Angels” steet an och a säin Appartement ranzeplënneren, wann et grausam wier. Souvill Freed ass bei der “Call Mr. Hussain” Annonce net opkomm.

Nodeem mer dunn decidéiert haten, dass mer géifen eng Bluegrass Band grënnen an eng Mauer an der Kichen schwaarz usträichen fir mat Kräid kënnen de Sproch vum Dag dropzeschreiwen, si mer iergendwéi op d’Gespréich iwwert e Matbewunner vum Chris komm, deen Vicar wëll ginn. Dat hunn ech natierlech als Ulass geholl fir mat zwee Féiss an d’Fettnäpfchen ze sprangen an hu gefrot: “Who would want to be a vicar?” Wouropshin de Chris sot: “My mom’s a vicar.” Autsch.

Liicht ugedronk, fir net ze soen stacksat, sinn ech dunn géint halwer 11 bei d’GUU gaang, wou ech de Will, d’Meredith an d’Dimitra aus méngem Englesch Literatur treffe sollt. Nodeem ech du vu Béier op Vodka-Orange emgeklomm sinn, well d’Meedercher mer déi ëmmer bestallt hunn, hunn ech do mol nach méng absolut legendär Danzmoves op d’Parkett gezaubert. Wéi um 2 Auer Sense war, ass de Will op déi grandios Iddi komm: “Let’s all go to my place and spoooon!” Dat hu mer dunn anscheinend gema, mer hunn domm Sprëch gerappt, ech hunn nach e Pint Gin Tonic geext, an et fäerdeg bruecht net katzen ze goen. Um véirel op 4 war ech iergendwann a méngem Bett an de Moien um halwer 11 war ech rem wakreg, vu dass ech jo op d’Uni misst fir mäin English Language Essay sichen ze gon. Ech mengen, ech sinn nach ëmmer voll.

PS: B1 a B3 a ménge Franséisch Essays, A3 am English Language. Uniliewen ass Spaaaaass.

Eppes wat mech un de Schotten ukatzt

Posted in Mënschen by Chris on April 14th, 2008

Schotten sinn déi läscht Mënschen, déi sech et erlaben dierften e Lëtzebuerger ze froen: “Is Luxembourg a nation or is it just a country? Because in my essay I wrote that it was just a reminiscent of the Holy Roman Empire.”

D’Schotten pochen permanent drop, dass se sou extrem anescht sinn wéi d’Englänner a wéi se geplot mat hinne sinn, an erlaben sech trotzdem sou Sprëch iwwer Lëtzebuerg. Mir Lëtzebuerger hu geschichtlech extrem Chance gehat, dass mer onofhängeg gi sinn an dass mer eis national Identitéit behalen oder iwwerhaapt mol réicht opbaue konnten – do gëtt et keen Zweifel. D’Schotten haten dat Gléck net, wéi si empfanen, obwuel sech dach extrem driwwer streide léisst ob se kulturell gesinn net, fierchterlech vill Fräiheeten ëmmer schon haten an och behalen hunn. Zemols am viktorianeschen Zäitalter ass d’schottesch Kultur opgebléit. Den eenzegen Nodeel, dee se hunn, ass, dass se mussen “Héichenglesch” schwätzen a schreiwe kënnen, wa se an engem richtege Betrieb schaffe wëllen. Den Däitsche geet et do net anescht. Mir musse souguer Friemsprooche léiren, wa mer berufflech wëlle bestoen. An awer souert kee Vollék sou vill, wéi d’Schotten.

An dofir stéiert mech sou eng Fro wéi déi. Ech hunn et zudéifst beleidegent fonnt. Ech respektéiren, dass d’Schotten sech vun England ofgrenze wëllen. Mee ëmmer rem stoussen ech op Schotten, déi mir a ménger Kultur net oppe géigeniwwer sinn an se op sou eng Aart a Weis diskreditéiren. Lo muech muncheree soen, dass mir Lëtzebuerger net besser sinn, well mer d’Vereenegt Kinnékräich prinzipiell als England bezeechnen. De Saz “Et ass dach alles dat nämlecht” fällt oft, jo. Dat ass net richteg, mee awer aneschters falsch, wéi d’schottescht Behuelen. Schottland an England, sinn op internationalem Plang numol “dat nämlecht”, fir et graff ze vereinfachen, an ech gleewen och net, dass e Lëtzebuerger e Schott als Englänner bezeechne géif, nodeem hien e kenne geléiert huet.

Wéi d’Abi mer gezielt huet, dass séng Mamm op him séng Ukënnegung, dass méng Mammesprooch Lëtzebuergesch wier geäntwert huet “He’s just pulling your leg” hunn ech dat ufanks nach witzeg fonnt. Mee lo, wou ech selwer och Scots an engem Cours hunn, gesinn ech mol réicht zu wéiengem Degré ech mech vu Schotte rofmaache lossen, déi sech iwwert genee sou e Behuelen vun anere Leit bekloen. Mir Lëtzebuerger si kee perfekt Vollék, mee mer hunn awer eng Identitéit, eppes, wat eis verbënnt: eng Kultur, eng Geschicht, eng Sprooch, Idoler, Anekdoten, Ierwschaften an Dreem.

D’Schotten behaapten sech dorobber, mee viller wëlle mir et net zougestoen.
Et ass fir ze katzen.

Geld

Posted in Liewen by Chris on April 11th, 2008

Hei kann ee Geld ofhiewen, ouni säi PIN ze wëssen, an et muss een net mol séng Carte d’Identité weisen, oder soss iergendwéi beweisen, dass et och wierklech engem séng eege Kaart ass. Sensationell. An erschreckend.

63p

Posted in Liewen by Chris on April 10th, 2008

Méi Geld hunn ech net méi a méngem Portemonnaie…

RBS solle mer en neie PIN fir méng Kaart schécken, soss iwwerliewen ech dat hei net.

(Jo, ech hu mäi PIN vergiess.)

“I know where you’re from”

Posted in Uncategorized by Chris on April 8th, 2008

Ech hunn haut an enger Lecture eppes gesot, an alles just well ech net opgepasst hunn. A méngem Scots Cours huet de Lecturer iergendwéi erwient, dass bestëmmt Europäer am Sall wieren, déi méi wéi eng Sprooch schwätzen, a sech melle sollten. Op jidfer Fall hunn ech just hallef nogeläuschtert an iergendwéi ausgestreckt, anscheinend als eenzegen. Dunn huet e mech gefrot, wéivill Sproochen ech schwätzen. Ech sot alt fënnef, vu dass mäin Esperanto dach zimmlech null ass (a Beforter net zielt, Mann). Trotzdem war de Moment fir mech penibel, well ech de ganzen Dag nach kee Wuert geschwat hat a mäi Mond net drop agestallt war an ech dofir wéi en Iesel getuddelt hunn.

Abee, ech hunn alt rem en näit Adjektiv geléiert: “Luxembourgian”. Dat reit sech dann mat de mir bekannten “Luxembourgish”, “Luxembourgeois”, “Luxembourgan” a “Luxembourguese” an.

An äusserdem ass mäin Englesch Literatur Essay iwwer d’Effekter vun der Famill op de “self” an Hamlet an The Human Stain fäerdeg. Ween e liese wëll, soll sech mellen. Zréck zum Steppenwolf (iiiiiimmens!).

Haut ass e schéinen Dag

Posted in Liewen by Chris on April 7th, 2008