Scotland’s for me

Air Blogging

Posted in Liewen by Chris on 15 March 08

Ech sëtzen um Flughafen a benotzen en T-Mobile Hotspot fir an d’Internet ze kommen, well ech ze midd sinn fir e Buch ze liesen. Erbärmlech, ech wees.

Integratiounsproblemer

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on 14 March 08

Vu dass ech gëschter gutt gelaunt war, hunn ech mech och mol rem eng Kéier vun enger Charity-Joffer an der Strooss uschwätze geloss. Hatt war ganz fein, mer hunn e bësse geschnësst, an hatt huet mech gefrot, vu wou ech wier. Ech war den éischte Lëtzebuerger deen et getraff huet. Dunn huet et ugefaang mer iwwert séng Saach ze zielen, dass se Kanner aus aarme Verhältnisser hëllefen a probéiren an d’Gesellscahft z’integréiren. Beim Wuert “integrate” huet et gestoppt a mech gefrot: “Do you know that word?”

Du war ech eeschthaft beleidegt an hätt bal geäntwert “I’m foreign, I’m not retarded.” Ech hunn him gesot, dass ech op der Uni studéiren, also kann et jo awer dovun ausginn, dass ech dat Wuert verstinn. Domm Kou.

Samsdeg Owend

Posted in Liewen, Wunnen by Chris on 9 March 08

Fir d’éischte Kéier a méngem Liewen hunn ech Scharade gespillt – sou krass hu mer eis gelangweilt. Ëmmerhin war et net rem Stadt, Land, Fluss; dat war wierklech de Beweis, dass eis Gesellschaft ouni Telé oder DSL zu Gronn géif goen.

D’Spillen huet awer Spaass gema, do kann een näicht dogéint soen. A mat enger Fläsch bëllegem (mee guddem!) Rouden war et emsou besser.

‘t ass Wanter

Posted in Liewen by Chris on 3 March 08

Haut huet et geschneit. Kee Witz, mee bon et ass jo réicht den 3. Mäerz. Do kann et jo nach schneien.

D’Wieder a Schottland ass wierklech wéi eng Wundertüte. Wéi soe se sou schéin: Wann der d’Wieder net gefällt, waart fënnef Minuten. Oft hu se domadder Recht. (Äusser d’Emma wüt grad hei natierlech, da gëtt et 24 Stonne laang keen Erbaarmen.)

PS: Mäin iPod ass nach ëmmer net opgetaucht. Wee klaut en iPod Mini? Dat ass wéi wann s de géifs eng Playstation oder en N64 klauen. U méngem iPod hänge vill Emotiounen, ëmmerhin hat ech quasi en halleft Joer gespuert fir d’Suen zesummen ze kréien. Do war et natierlech emsou méi schéin, wéi ech en endlech hat. Wéi der iech erënnere kënnt, krut ech vrun 3 Méint an der Bibliothéik mäin USB-Kabel geklaut. Den neien huet £15 kascht. Dee wäert ech lo wuel net méi bräuchen.

Gëschter hate mir eng Party…

Posted in Liewen, Wunnen by Chris on 2 March 08

… an haut ass mäin iPod net méi do. Ech hu wierklech keng Chance.