Scotland’s for me

Dat hutt der vun ärer Gotteslästerung

Posted in Liewen, Schoul by Chris on February 29th, 2008

D’Welt geet ënner, do sinn ech mer sécher. Reen a Stuerm an Ausmoossen, déi ech na net gesinn hunn. Dat hutt der lo dovun!

A mäin Old English Buch a méng Workshop Materialien sinn zimmlech futsch, méng Lecturenoten probéiren ech nach ze retten. ‘t ass wéi mat der globaler Erwiermung, d’Konsequenzen treffen ëmmer déi, déi näicht domat ze dinn hunn…

Danzkaka: Review

Posted in Liewen by Chris on February 24th, 2008

Nee, ech schreiwe lo keng ganz Review vum Owend. Ech danze gäer, mee ech kucken de Leit net beim Danzen no. Trotzdem war et net sou grausam wéi ech erwaart hat. Ech huelen un, dass d’Opféirung mol ganz okay war (wéi sollt ech dat och beurteelen?), mee nodeem den éischte Béier ra war, war se op alle Fall méi erdréilech.

Wat mech gestéiert huet, war, dass souvill Dänz op Lidder vum Timbaland waren (4 Stéck)… Den *ech-kann-net-rappen-mee-stelle-mech-awer-gäer-a-videoen-an-den-hannergrond-nicke-mam-kapp-a-man-sou-wéi-wann-ech-d-lidd-wat-genee-sou-wéi-all-méng-aner-lidder-kléngt-an-deem-moment-mixe-géif-a-maachen-dobäi-komesch-geräicher* Timbaland. Et ass awer och op d’Klaxons, Coldplay an um Schluss “Umbrella” (mat Prabbelien!) gedankzt ginn.

Am beschten hunn ech awer d’Beschreiwungen vun den Dänz am Programm fonnt:

“Angry teenagers, trying to figure out their place in the world.” – Klaxons Danz
“This choreography is controversial and open to interpretation.” – Coldplay Danz
Ach, et misst een d’Dänz gesinn hunn…

Danzkaka

Posted in Mënschen by Chris on February 23rd, 2008

Ech ginn den Owend eng Danzopféirung kucken, an däer eng vu ménge Matbewunnerinne matmécht. Ech sinn e Frënd vun Theater an neierdéngs och rem vu Musicals, mee eng reng Danzopféirung?

Ech géif et jo ouni ze mucke kucke goen, wier et net o nach sou schäissdeier (£7)! Domm Abzocker vun der GU Dance Society. £7 äusginn fir eppes kucken ze goen, wat mer mat gréisster Warscheinlechkeet net gefällt. An alles just enger Matbewunnerin zu Léift (a well déi aner och ginn an ech du kaum soe konnt, ech hätt d’Suen net). Dofir sinn ech dëse Weekend dunn net Be Kind Rewind kucke gaang, e Film op deen ech mech scho laang gefreet hunn, wéi d’Lieser vu méngem anere Blog sécherlech wësse kéinten.

Wat mécht een net alles…

Ironie ass…

Posted in Liewen by Chris on February 22nd, 2008

… wann ee vun enger Ambulance iwwerrannt gëtt, déi duerch Rout fiert obwuel se hir Siren net unhuet.
Dat wier mir gëschter bal geschitt.

Onmënschlech ass, wann een eng Feieralarmsübung an enger Stieweskeelt a liichtem Reen mécht.
Dat ass mir gëschter geschitt.

Whorf down, Le Cid to go

Posted in Schoul by Chris on February 20th, 2008

Naja, méng Iwwerschrëfte geléngen och net ëmmer.

Wat ech soe wëll: mäin Essay iwwer d’Sapir-Whorf hypothesis hunn ech den Owend fäerdeg gestalt. Oder soe mer den éischten Draft, deen nach gehirlos poléiert gi muss. Ech hunn och den Owend mam Essay ugefaang an 2 Stonnen an 13 Minute gebräucht. Tëschenduerch hunn ech nach mat Frënn getschätt (Jim! Matteo!), probéiert eng DVD bei Amazon France ze bestellen (Drecksäck!), mech gewäsch an den Champions League Live Ticker op kicker.de gelies (Liverpool!). Et ass alles machbar, wann ee sech gutt virbereed huet.

Wann also iergendeen mäin definitiv net iwwerliesenen, ouni Spellchecker geschriwwenen an nach gréisstendeels ouni d’Unerkennung vun Zitater auskommenden Essay iwwert dem Benjamin Whorf séng Ausgüss liese wëll, dee soll sech mellen.

Iergendwou…

Posted in Liewen by Chris on February 14th, 2008

… ass hei eng Party…

Lo grad leeft D.A.N.C.E. vu Justice. Ach Gottchen, wou ass déi Party?

All Quiet on the Western Front

Posted in Liewen, Schoul by Chris on February 9th, 2008

Iergendwéi hunn ech zënter, dass déi 3 fort sinn, näicht gema. Gutt, ech hunn The Great Gatsby gelies (an immens fonnt), Ratatouille, 3:10 to Yuma an A Mighty Heart gekuckt (an immens, blöd an okay fonnt). Mee soss hänken ech nëmme rem a maachen näicht. Firwat? Bon, warscheinlech läit et drun, dass ech rem eng Kéier vill ze éiergäizeg war a wéi e mëlle virgeschafft hunn. Alles, wat ech an den néchste fënnef Wochen ze dinn hunn ass en Tutorial Exercise schreiwen, deen net an d’Note abezu gëtt, an zwee Essays schreiwen, déi réicht den 13. Mäerz mussen dobanne sinn an déi extrem Längt vun 1000 respektiv 1500 Wierder hunn.

Mäi Plang ass et, dat bis néchste Sonndeg alles gema ze hunn. Da kann ech 4 Woche laang laaaaaatzen.

2 Deeg mat Frënn

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on February 6th, 2008

Wann dräi Frënn zwee Deeg op Besuch kommen, kënnt sécher den een oder anere blöde Sproch raus.
Vu dass ech e Méindeg am Soff decidéiert hunn, mer déi bescht am Handy ze späicheren, kann ech déi lo mat iech deelen.
Erwaart iech absolut näicht intelligentes. Den Alkohol huet geschwat, ergo ass alles prepubertär.

“Wann ech 60 Joer sou liewe géif, wéi déi läscht 4 Deeg, ginn ech keng 30 Joer al.”
“De J. ass schwul wéi eng Handbrems.”
“Jo, mee éierlech wann d’Sau sou gäil ass. D’Sau kéint sech och eng Panz zillen. Oder e Schnutz wuesse lossen.”
“De Problem ass: wann s de séier drénks, gëss de no all Schlupp duuschtreg.
“Wann s du a mäi Glas kacks, da muss du d’Sau selwer drénken.”
“Ech fannen et vill méi einfach mat deem ze prosten. Deen huet keng Aen.”
“Ech gi sou krass katzen den Owend.”
“Ech man näicht woufir ech net bezuelt ginn. Äusser ménger Mamm follegen.”
“Ech bräuch net schlecht ze proste fir schlechte Sex ze hunn.”
“Jo, mee besser wéi den Hënner vun engem, deen och an der Tranchée sëtzt.”
“Flüs, du bass sou eng Tatta.”
“Wann s du mat him géings f***en, da géif ech der en Troun Kafen, en Zepter an eng Kroun.”
“Muer wäerts de der wënschen, du häss nie en Aaschlach gehat.”
“Moslems sinn Islamisten ouni Eeër.”

An dann nach dem Flüs säi brillante Witz.
“Pass op, e Laaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaach.”

Lo si se rem fort, tjo.

Théikegespréich

Posted in Mënschen by Chris on February 2nd, 2008

Onbekannte Persoun: “Oh, I see you went to Pukkelpop last year!”
Chris: “Yeah… were you there too?”
Onbekannte Persoun: “No, so you’ve seen Justice?”
Chris: “Yes.”
Onbekannte Persoun: “Lucky bastard.”