“Never trust a Proust enthusiast, they’re violent thugs.”
Et kann natierlech och sinn, dass e sot: “Never trust a Proust enthusiast, they’re vile as fuck.”
Ech war mer net honnert Pro sécher herno, wat e gesot huet, huelen awer un, dass et dat éischt ass.
D’Welt ass nach méi kleng, wéi ech geduecht hunn…
Ech hunn eng nei Tutorin an der Englescher Literatur.
Da rot emol vu wou se ass?
Jo, genee. Bartréng.
Feieralarmterror
All verdammten Nuecht geet am Murano Street Student Village iergendwou e Feieralarm lass. Gëschter ware mir, Grampian 3, drun. Ma mer e klengen Erlebnisaufsatz draus:
4 Auer, de Chris läit am Bett, kann net schlofen, well en Lidder vun de Moldy Peaches am Kapp huet. Op eemol schellt et un der Diir. Dem Chris séng Reaktioun: en ass genervt, dass séng Matbewunner rem iergende Schäiss matzen an der Nuecht bauen, a wahrscheinlech een ausgeschloss hunn, dee lo schelle muss. De Kaméidi am Gank bestätegt séng Theorie - denkt en.
20 Sekonne méi spéit geet de Feieralarm, dee fierchterleche Kaméidi lass. De Chris rappt sech aus séngem Bett, deet déi néchst Kleeder déi e fënnt un a mecht sech raus aus séngem Zëmmer, wou déi aner e genee sou midd begréissen an en drun erënneren, e sollt séng Diir zouspären. Anscheinend wier eng komesch Gestalt am Haus…
Bäussen ukomm, dréit de Scott, de Senior Resident um Rad a seet, dass e “very very angry” wier. De Chris denkt sech: fein, ech och! De Scott erklärt de Leit, dass iergendeen den Alarm gedréckt hätt, dass et also net duerch Damp verursaacht gi wier. Dat nämlecht wier den Dag virdrun a Grampian 5 geschitt. Du kënnt den Charlie, dem Chris säi Matbewunner no vir an erzielt, wat heen erlieft huet. Hee stoung an der Kichen mam Claire a mam Jonny ze schwätzen, wéi et un der Diir geschellt huet. Keng Aanung, wen en erwaarde sollt, ass e mol kucke gaang. Virt der Diir stoung e mëttelgroussen Jong, mat enger schwaarze Jackett. Den Charlie mecht d’Diir liicht op an de Jong probéiert direkt an d’Flat anzedréngen, den Jonny kënnt dem Charlie zur Hëllef, an zesumme kréien se en ofgewiert.
Duerch d’Scheif vun der Diir gesi se dann, wéi heen e Briquet un e Feiermelder hält. Den Jonny stiermt raus, stéisst en, de Jong leeft fort, den Jonny geet em net no, well en denkt, dass e lo verschwanne géif. Puer Sekonne méi spéit geet de Feieralarm lass.
D’Pompjeen sinn an der Tëschenzäit fäerdeg d’Haus ze duerchsichen a jidderee kann zréck a séng Kummer.
Nom Examen
Den Examen ass relativ gutt gaang, op jidfer Fall hunn ech mol iwwerall Froe fonnt, déi sech beäntwerte geloss hunn.
Duerno si mer selbstverständlech an d’QM op d’Examen ustousse gaang bevir mer eis op den Heemwee gemaach hunn. Um 11 dunn zréck and d’QM fir den Cheesy Pop. Leider ass eisen Taxi net opgetaucht a mer hunn eng hallef Stonn laang emsoss gewaart. Egal, rof getrëppelt, ukomm, längste Schlaang ever. 45 Minute laang gequeuet fir endlech um véirel op zwielef dobannen ze sinn. Zéng fir eng hat ech mäin éischt Gedrénks, wouropshin ech mer direkt nach en zweete Pint Pepsi nobestallt hunn. Vum Waarde gëtt een halt duuschtreg.
Wat erschreckend ass, ass awer dass ech tatsächlech Lidder vum Britney Spears an de Backstreet Boys matsange kann. Cool dogéint fannen ech et ëmmer rem, wa se a Schottland 99 Luftballons spillen. Do sinn ech dann zwar e bëssen en houre Phariséier, a Lëtzebuerg géif ech et neemlech blöd fannen.
PS: Ech drénke méng Cola am léifsten mat Zocker a Spruddlen aus Plastiksbecheren.
Examen
Haut ass et sou wäit a méng Nervositéit vun de läschten Deeg ass fort. Komesch, mee vläicht läit et drun, dass ech mech einfach anstänneg virbereed hunn. Ka jo si, gell?
Fir all déi, déi et interesséiert – ech huelen un, dass dat kee wier – hei déi Saachen, op déi ech mech am Examen gefaasst man:
- Shakespeare: Much ado about nothing. Entweder e Passage analyséiren oder eng generell Fro zum Wierk.
- Wiel tëscht enger Fro zum Pinter séngem The Homecoming oder dem Evelyn Waugh séngem A Handful of Dust.
- Wiel tëscht engem onbekannte Gedicht oder enger Fro zu zwee geléierte Gedichter. D’Gedichter, déi ee léiert konnt ee sech selwer aussichen, dofir ass et eng Loterie, ob een dann och eng Fro kritt, déi passt. Hei méng Gedichter: Shakespeare: Sonnet 18, Sonnet 130 (kee kreative Choix, ech weess); Marvell: To His Coy Mistress; Donne: A Valediction: Forbidding Mourning, To His Mistress Going to Bed; S. Johnson: On the Death of Dr. Robert Levet, Keats: To Autumn; Blake: The Tyger, The Lamb; Auden: Musée des Beaux Arts; Hill: September Song.
Wee Loscht huet, kann déi Gedichter da jo mol noschloen.
Random thoughts
- Äddi soen, wann ee bis bekäppt huet, wat et bedeit, ass méi schwéier.
- De Kim Kirchen ass méi grouss an dënn, wéi een op der Telé menge géif.
- Chinese mat Mondschotz maache mer Angscht. Zemols, wa se keen Englesch kënnen.
- Wann d’KLM méi oft Flich huet an deene se just 8 Passagéier huet, soll se sech a Cine Sura Airlines embenennen.
- Wou ass de Burger King um Amsterdamer Flughafen hin?
- Pizza beim sbarro ass iwwerdeiert a schlecht.
- Béier och.
- “Eats, Shoots & Leaves” vum Lynne Truss ass eng exzellent Lektür.
- The panda says: “No!”
- “Super Tennis” ass en immenst Spill, an ech kéint mech stonnelaang domadder ameséiren.
- Firwat kënnt engem séng Valiss ëmmer als läscht beim baggage claim?
- Firwat huet al Mënsch sou komesch gekuckt, wa se mäi Pass gesinn hunn?
- Firwat ass d’Kichen hei nach ëmmer net opgeraumt?
- Firwat muss ech lo akafe goen?
- Djö.