Et geet heem
Gëschter war ech mat deene 5 Leit, déi a méngem Flat nach verbliwwe sinn an d’Jim’s Bar een huelen, vu dass ech e Sonndeg Gebuertsdag hunn, mee awer schon net méi am Land si wäert. Vu dass et Ongléck bréngt de Gebuertsdag virzefeieren, hu mer dat Ganzt dunn Chris’ last teenage riot genant, wat mir och vill besser gefall huet. A Gott, wat war dat e flotten Owend.
Den Owend 12 Hour Cheesy Beneasy Pop.
Muer heem. 16:30 Glasgow – Amsterdam. Arrivée 19:10.
21:15 Amsterdam – Luxembourg. Arrivé 22:25.
ca. 22:50 Luxembourg – Iechternach. Arrivée ca. 23:20.
Dat heescht, all déi déi net bis e Sonndeg um Eechternoacher Chrëschtmoart waarde kënnen, gesi mech e Samsdeg den Owend no 11 beim Wohli.
English Language
Wow!
Ech si Klassebeschten. Vun iwwer 350 Studenten. 37 vu 40 méigleche Prozent an den zwee Examen erreescht. Lo bräuch ech nach 33 vu 60% u méngem Essay an um Examen néchst Semester, dann hunn ech en A. Kaum ze gleewen.
Power adapter
3 Stonnen ënnerwee, ënnert anerem a virun allem fir e Power adapter ze fannen, mee sou eppes gëtt et hei anscheinend net. Am Currys Digital huet d’Verkeeferin mer zwar ganz fein d’Power adapters gewisen, mee leider mam Bäisaz “We only have Europe to UK ones”. A soss war et en ähnlecht Bild.
Do fron ech mech: wat man d’Schotte, wa se an d’Vakanz ginn?
12 Hour Cheesy Pop
E Freideg ass den alljährlechen 12 Hour Cheesy Pop an der Queen Margaret Union, deen ech ulässlech vu méngem läschten Dag zu Glasgow dann och besiche wäert.
Dat hei steet an der “Invitatiouns”kaart:
To You,
On the 12 Hours of Christmas, my true love gave to me,
12 Hours of dancing,
11 Days until Christmas,
10 Hours of Food Factory,
9 Santa’s Elves,
8am bedtime,
7 Quiz Rounds,
6 Christmas Movies,
5 Lovely bars,
4 Headphone Disco DJs,
3 Levels of Fun,
2 Huge Cloakrooms,
… and …
a DJ Toast in the DJ Booth.Merry Christmas!
De Kleeschen ass komm
Gëschter hunn ech mech fir d’éischte Kéier mat Lëtzebuerger getraff, déi ze Glasgow liewen. An hurra, se sinn all sympathesch. Eisen Owend ass ugaang am Uisge Beatha (geschwat: Ischge Baha), weidergaang am Primary, wou sech d’International Student Society trëfft an op en Enn gaang bei zwee Lëtzebuerger am Appartement.
Am beschten huet mer awer gefall, dass ee vun hinnen Schoklaskleesercher kaf huet. Dunn hunn ech mech richteg, wéi doheem gefillt, vu dass et dëst Joer jo näicht fir an de Schung gouf. Wat mech awer erfouert huet, ass, dass ech mengen ëmmer “Pardon” amplaz “Gelifft” gesot ze hunn. Do huet ee scho mol d’Chance rem séng Mammesprooch ze schwätzen an dann ass déi komplett mam Engleschen infiltréiert. Wat Saachen awer och.
Wéi ech dunn heemkomm sinn, hunn ech d’Meedercher op frëscher Tat ertappt, wéi se Maddie McCann Witzer am Internet gelies hunn. Ech konnt se dunn awer iwwerzeegen, dass d’Heather Mills-McCartney méi witzeg ass. Hei méng Lieblingswitzer:
- Paul McCartney wakes up after his wedding night and looks over at Heather and says to himself “I must have been bloody pissed last night…I’ve just fucked a pirate!”
- “Heather is a very special woman, she meant a lot to Paul, and it will be very difficult for somebody to fill her shoe.”
- After her recent rant on GMTV, a psychologist said that Heather Mills is clearly unbalanced.
Sir Paul phoned in and said that a couple of beermats under her left leg does the trick.
Geschmacklos a krank, ech weess.
Op wéivill Grad wäscht een e Staubsauger?
Ech konnt méngen Ae kaum gleewen, mee wéi ech haut méng Wäsch wollt vun der Wäschmaschinn an den Trockner transferéiren, loung do dach net wierklech e Staubsauger dran. Firwat leet iergendeen e Staubsauger an den Trockner?
Ech hunn en natierlech leie geloss an eng hallef Stonn gewaart bis dass den néchsten Trockner fräi ass.
