Wugs
En interessanten Test, dee Sproochfuerscher benotzen fir d’Entwécklung vu morphologesche Kapazitéite bei Kanner z’erfuerschen ass de sougenannte Wugs-Test. Dobäi geet et dorëms, dass een en neit Wuert erfënnt (z.B. Wug, Gutch) an dat mat engem Bild assoziéiert an engem Kand virleet. De Wugs-Test ka weisen, dass Kanner automatesch en -s unhänken, wa se e Wuert an de Pluriel setzen, oder et eben na net man.
Am “Child Language”-Cours vunn haut krute mer e Video vum Wugs-Test virgespillt. Den Fuerscher weist op e Bild, seet “This is a wug, okay? And this is another wug, so that makes two -” – “wugs”. Dono dat nämlecht mat “gutch” – “gutches”. D’Kanner wëssen also vu sech aus, och wa se na nie virdrun d’Wuert héiren hunn, wéiee Suffix se fir de Pluriel unhänke sollen.
Eise Lecturer huet eis dono erzielt, dass en de Wugs-Test mat séngem Neveu, deen ze Bosotn lieft, probéiert huet. D’Wugs op de Biller hu wéi Vigel ausgesinn, dofir huet de Jong och net brav “two wugs”, mee permanent “two birds” geäntfert. Dono bei “gutch” sot e “gutchs”. Fir ze préiwen ob de Jong dat prinzipiell mécht oder just, well en d’Wuert net kennt huet en zwou Täscheluuchten dohi gezeechent. A vu lo un geet et weider mat séngen eegene Wierder:
“So I drew two torches on a piece of paper, and asked him: ‘What is this?’ – ‘flashlight’. He’s American.”
Firwat ech iech dat matdeelen? Well English Language ëmmer Spaass mecht, an ech et just nach emol manifestéire wollt.
Great success
Juhuu. Vu dass mer net opgepasst hunn, an d’Fënster an eisem Dining Room iwwer Nuecht opgeloss/ op der Security Catch geloss hunn, ass déi lo vum Wand freckt geblose ginn. E Scharnéier ass futti. A vu dass et soueppes wéi eng Versécherung géint sou eppes hei anscheinend net gëtt, kënne mer d’Reparatur selwer bezuelen.
Bettbloggen
Schottland raus, Nordirland raus, England raus. Lëtzebuerg souwisou. Fussballtechnesch huet eist Flat versot. Bei der EURO si mer all nëmmen Zuschauer.
Gëschter éischt Lecture iwwer Child Language. Wahnsinneg interessant a witzeg. Et ass wierklech e fasziant Thema, wéi de Mënsch léiert ze schwätzen.
A schließlech hunn ech zënter 2 Deeg iergendwéi Wirelessverbindung. Ech weess net, ween ech ugezapt hunn, an et interesséiert mech o net wierklech soulaang wéi mäi Macbook nach leeft. Mee ëmmerhin mécht mer dat lo méiglech Youtubevideoen ze kucken, an aus dem Bett raus ze bloggen. Dat hunn ech du prompt gema.
Under investigation
Dat sinn ech lo offiziell. Seet d’TV Licensing Company.
Loss se kommen, ech fäerten net.
The Big One
Haut 5 Auer GMT: Schottland – Italien. Ech wëll de Match kucken, weess just net wou ech dat als Italien-Supporter maache kann…
Alkohol
I have a lecture on alcohol today, but I’m not going. I’ll get drunk instead.
Zitat vum Fiona
Vakanz
Et ass wierklech fir aus der Haut ze fueren, wann ee virum Schouljoer an engem Bréif gesot kritt, dass d’Chrëschtvakanz vum 15. Dezember bis den 6. Januar ass an een dann den Dag wou de Flugticket fir de 4. Januar zréck op Glasgow doheem ukënnt, ee rausfënnt, dass d’Coursen réicht den 21. Januar nees uginn an den 18. Januar réicht den Examen an der englescher Literatur ass.
Résumé
E klenge Résumé:
- ech hunn a ménger Franséisch Culture Class behaapt, ech géif “Tintin au Congo” guer net emol sou rassistesch fannen, fir d’Meedercher bësse rosen ze man.
- ech krut 9/10 op ménger Old English Hausaufgab, an 20/22 am Franséischen.
- ech war deen eenzegen, deen um Screening vu “La Haine” opgetaucht ass, de Film ass net gewise ginn an ech konnt mech bësse beim Franséisch Lecturer aschleimen, andeem s mer iwwert den Godard an de Renoir geschnësst hunn.
- gëschter war ech um Meeting vun der International Student Society, a wéi de Pub zougema huet, hat ech na 3/4 vu méngem Béier am Glas. Ze schued fir et stoen ze lossen, also ass et matgaang.
- Glasgow ass Host fir d’2014 Commonwealth Games!
Kuerz a knapp: I’m the MAN. A Glasgow ass the CITY.
Eng Stad kenneléiren (Deel 2)
Mat e bësse Verspéidung *houscht* geet et dann hei virun. E gewëssen James, Frënd vum Hannah sénger Schwëster hat eis op eng Party invitéiert. Nodeem en eis alleguer, och déi déi en net kannt huet, mat enger frëndlech Emaarmung wëllkomm geheescht huet, hu mer säin Appartement inspizéiert, wat nach méi genial war, wéi dat éischt. Dem James séng Kummer war ongeféier e bësse méi grouss wéi eis Kichen, an däer 11 Leit kache sollen…
Mee och den James war en interessante Kärel. E war scho gutt voll wéi mer ukomm sinn, mee dat huet en natierlech net dovun ofgehal als éischt mol eng Tournée Béierbéchsen auszeginn. An dunn nach eng. An der Tëschenzäit waren d’Hannah an den Charlie bei dem Hannah séng Schwëster an d’Appartement candéiert Äppel sichen, an den James (deen de ganzen Owend ouni Schung an enger kuerzer Box remgelaf ass) hat eng orange Bommelmutz op. Nodeem en den John a mech forcéiert huet mat him e Glas Gin ze drénken, an eis mat eklegem Kéiskuch gefiddert huet, hunn ech heen drop opmierksam gemeet, dass mer séng Mutz gefale géif. Dat huet e prompt als Ulass geholl, mer en nach vill besseren “Hat” ze weisen, deen en hätt. (no pun intended) Ech hu méngen Ae kaum gegleewt wéi e mir en original Arméishelm vun den Amerikaner aus dem Vietnamkrich op de Kapp gesat huet.
Den Charlie an d’Hannah waren zréck, do si mer iergendwéi am James sénger Kummer gelandt. Do ass den James dunn op déi wonnerbar Iddi komm, dass den Charlie an de Michael sollte séng American Football Saachen undoen a probéiren heen ze tacklen. Vu dass hee knapps 1,70 m grouss war a kee schwéiert Geschir unhat ass e relativ oft um Buedem gelandt.
Dunn hunn ech eng gutt al iresch Traditioun kenne geléiert. Wann s de engem e Penny an d’Gedrénks geheis, muss deen et exen. Nodeem ech eng Béchs Tennent’s geext hat, hunn ech du méngersäits dem James säin 0,2 l Ginglas gepennyt, wat heen och direkt eidel gema huet. Nach e gutt Stéck méi voll huet e mer du gesot, dass mäi Belle & Sebastian T-Shirt dee schwulsten T-Shirt wier, deen e je gesinn huet. An iergendwéi huet e jo och Recht.
Dono hu mer am Gank nach e bëssen American Football gespillt, de Michael huet dem James de Ball dohi geworf wou et am meeschte wéi deet, an ech hunn den James alt nach emol gepennyt. Mee déi Kéier war et zevill. Wéi sot de Michael: “Chris, you just killed him.” Den James huet eis nach emol an den Aarm geholl a mir hunn eis zréck gema an eist schéint gemittlecht Murano…
… wou mer op eng weider Party waren, op däer awer kee méi mat eis gerechent huet. Nodeem divers Leit gepennyt goufe, si mer du schlofe gaang. Et war e flotten Owend.

leave a comment