Scotland’s for me

Eng Stad kenneléiren (Deel 1)

Posted in Liewen by Chris on October 27th, 2007

Et als sollecht ze bezeechnen, wat ech gëschter gema hunn, wier iwwerdriwwen. Mee et koum deem no. Wéi ugekënnegt war ech gëschter Arcade Fire kucken, mee alles der Rei no.

Nodeem ech nom Charlie sénger liicht dekadenter Gebuertsdagsparty en Donnëschdeg, e Freideg vum Bréifdréier wakreg geschellt gi sinn, a mech duerch mäin English Language Seminar gekämpft hunn, hunn ech mech nomëttes an déi richteg Stëmmung bruecht. Dat heescht, ech hunn déi zwee (brillant) Arcade Fire Alben haart rop a rof gelauschtert. Um halwer 6 hat den Charlie dunn déi exzellent Iddi, dass mer virum Concert nach sollten an de Campus (eng Sports Bar am Zentrum) sollte Pizza iesse goen. Keng Stonn méi spéit hu sech den John, den Charlie an ech (a méngem wonnerschéinen Belle & Sebastian T-Shirt), sou wéi de Michael, e Frënd vum Charlie vun doheem am Taxi op de Wee gema fir an d’Sauchiehall Street, wou de Campus ass.

Interessanterweis (lo gëtt et komplizéiert) wunnt dem Charlie sénger Frëndin vun doheem (Hannah) séng Schwëster 20 Meter vum Campus weg. Dat heescht, mer sinn d’Hannah, dat genee wéi de Michael fir dem Charlie säi Gebuertsdag op Glasgow komm ass, dohinner siche gaang. Ech hu mäin éischt Appartement a Glasgow betratt a… wow! Méng Léift zum Flat H war op e Minimum geschrumpft. Ech freen mech fir néchst Joer a souengem Appartement ze liewen. Grouss, lieweg, an jonk a frëndlech ageriicht.

Am Campus hu mer dunn eng Pizza zou eis geholl. Vu dass mer Voucheren haten, hunn ech eng Pizza mat engem Pint Sprite fir £1.50 zou mer geholl. Net schlecht! Do ass et engem dann och egal, dass d’Musék an der Bar vill ze haart war, an dass mer relativ laang waarde missten. Zréck an den Taxi, ab zum SECC (Scottish Exhibition and Conference Centre). Dat Déngens kann ee sech ongeféier wéi eis Foireshalen virstellen. Just e bësse méi grouss a mat Säll déi fir Concerte genotzt ginn. No engem fulminante Concert (spéider méi op Pianocktail), an ausgestatt mat engem wonnerschéinen neien Arcade Fire T-Shirt si mer dunn zréck laanscht de Clyde River Richtung Sauchiehall Street getrëppelt an ech hu méi Plazen vu Glasgow gesinn, déi ech bis dohinn net ze Gesiicht krut an ech hu festgestalt, dass déi Stad onwahrscheinlech schéin ass. A Sauchiehall si mer op enger Party geland…

Fortsetzung folgt 

Keen Cheesy Pop dëse Freideg…

Posted in Liewen by Chris on October 24th, 2007

… well leider Gottes hunn ech en Ticket fir Arcade Fire kucken ze goen!! :)

TV License

Posted in Liewen by Chris on October 23rd, 2007

Dem Thierry dierft dat hei bekannt virkommen. Ech zitéiren aus engem Bréif, deen ech haut vum TV Licensing krut, wat déi britesch Versioun vun der däitscher GEZ ass. Dat heescht: déi béis. De Witz: ech hu keng Telé.

Our database says Flat H Room 4 Grampian House is unlicensed

Dat ass déi sympathesch Iwwerschrëft vum Bréif. An ech kann hinne bei däer Feststellung och nëmme Recht ginn.

If you use TV receiving equipment to watch or record programmes, you are breaking the law unless you have a valid TV License. According to our database, you don’t have one at this address.

Ergo sinn ech e Kriminellen.

Of course it is possible that you don’t use any TV receiving equipment at your address, in which case, please let us know by calling … or writing us at … - we will then contact you to confirm that there is no TV at your address.

Dat heescht also, dass ech mech bei hinne melle muss, fir hinnen ze soen, dass ech KENG Telé hunn. Ech muss mech bei hinne mellen. An da confirméire si mir dat. Also soll ech en Timber bezuelen fir hinnen ze soen, dass se mech mat Rou losse sollen. Wéi steet et dann domadder, dass een soulaang als onschëlleg gëllt bis dass de Géigendeel bewisen ass?

Et kënnt na besser.

If we don’t hear from you we will continue to investigate your address.

Dat heescht, wann ech hinnen net soen, dass ech kee Crime beginn, da gi se dovunner aus, dass ech et man. Sensationell. Ech si gespaant, wat als néchst kënnt, vu dass ech mech sécher net bei hinne mellen.

De Reiz vu Schottland

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on October 22nd, 2007

Abi: “I really can’t understand you guys. If I wasn’t Scottish, I’d never come to Scotland!”
Johnny: “Well, you’ve never been to Northern Ireland before.”

Kelvin Barbers

Posted in Mënschen by Chris on October 22nd, 2007

“Where are you from?”
“Luxembourg.”
“Ah, Glastonbury!”
“No, Luxembourg.”
(konsternéiert) “Where about is that?”
(der Einfachheet halwer) “Central Europe.”
“Ah, like France and Germany.”
“Yes..”
“Does the food taste much different?”
“Pardon?”
“I was in Spain, and the food tasted so different.” (Ech wees do misst en Adverb sinn, mee ech bleiwe realistesch.)
“Well, I cook myself, so the food tastes just the way I like it.”
“Where about do you live?”
“Murano Street”
“Where’s that?”
“About five minutes away from here…”
“Ah, so it is in the West End?”
“Yes…”

Bugs

Posted in Liewen, Mënschen, Schoul, Wunnen by Chris on October 16th, 2007

#1 Ech hunn en Online Quiz iwwer Phonetics probéiert. Ech war fierchterlech schockéiert, wéi ech mäi Resultat gelies hunn: 10/20. Do virdrun hat ech an der Grammaire 29/30, 30/31 an 31/31. Do konnt dach iergendeppes net sinn. An tatsächlech, et huet sech rausgestallt, dass obwuel mindestens 16 vu méngen Äntwerte richteg waren, nëmmen 10 als richteg ugewise goufen. E Bug. Nach weider 3 waren irreféirend, mee wuel falsch. An een definitiv falsch.

#2 Dräi mol sinn ech lo vun däer onfrëndlecher Madame am Woolworths zervéiert ginn, néchste Kéier weigeren ech mech un hiere Schalter ze gon. Net nëmmen huet se keng Aanung vun der Ausrüstung, mee se äntwert engem ëmmer sou iwwerhieflech a blöd. Haut wollt ech Timberen mat den Enveloppe kréien, déi ech kaf hunn. Dir mengt dach wuel net, dass sie am Stan gewiescht wier, mir anstänneg ze äntwerten wéieng ech bräicht an wéivill ech dovu kafe misst. Also hunn ech mol ganz blöd gesot, ech hätt gäer 5 einfacher.  Dat ass dunn awer net gaang, well se neemlech decidéiert huet mat der vu mir längst agefuerderter Info rauszerécken, dass et entweder 6 oder 12 si mussen, 1st oder 2nd class. Gutt, du sot ech 6 1st class, a wéi si mir dunn o na: “6 what?” geäntwert huet, wier ech bal gaang, wann ech méng Timberen net wierklech gebraucht hätt.

#3 Eis Senior Wardens hunn eis haut gesot, dass d’Cleaner sech driwwer beschwéiert hätten, dass a verschiddene Kichen “Bugs” remlafen. Iiiihh.

Sven, the gay recycling supervisor

Posted in Liewen, Mënschen, Wunnen by Chris on October 12th, 2007

Sou huet e gudde Frënd geheescht, dee mer net mol en halwen Dag haten.

D’Geschicht ass domadder ugaang, dass den John eng Lëscht opgestallt huet, wouno mer an alphabetescher Reiefolleg sollten den Dreck rausbréngen. Op der Lëscht stoung och, dass den Charlie séng Ikea Startbox weggeheie soll, déi säit 4 Wochen an eiser Kiche läit. Vu dass puer Leit d’Ikeakëscht awer als wichtege Bestanddeel vun eiser Ariichtung empfannen, huet den Charlie decidéiert, dass wa mer der Këscht e frëndlecht Gesiicht mole géifen, den John net sou häerzlos sikéint se weg ze geheien. Dorauser ass dunn de Sven ginn, dee liewensecht iwwert ganz Ikeakëscht verbreet war. Gezeechent vum Charlie a mir, mat extraschéinem Schnutz, Sonnebrëll, Zigar an natierlech engem riesege Geschlechtsdeel. Dat däerf beim Charlie net feelen.

Vu dass mer keng Punaisen dierfen an eisem Flat benotzen, hu mer en am Trapenhaus opgehaang. Haut de Moie war e fort, et huet iergendeen en an den Dreck geheit.

PS: Et si momentan (resp. dem läschte mir bekannte Stand no) 7 schéin zukünfteg Zänndokteschen beim Charlie am Zëmmer. Zwou froen: 1. wéi mecht deen dat? 2. firwat ginn ech keen Zänndokter?

M&S

Posted in Liewen by Chris on October 11th, 2007

Et gehéiert sech net fir Studente bei Marks & Spencer akafen ze goen.

Mee et ass sou vill besser wéi de Rescht.

French Culture redux

Posted in Schoul by Chris on October 10th, 2007

Wéi wann ech net scho genug verpasst hätt vun deem blöde Cours, hunn ech haut a méngem Tutorial rausfonnt, dass iergendwann e Film gewise gouf, iwwert dee gëschter an der Lecture an haut am Tutorial geschwat gouf. Well dat net genug fir méng zerbriechlech, kleng, geplote Séil war, huet sech de weiblechen Hippieklaus haut natierlech missen nierft mech setzen, wouropshin mir zwee eng Diskussiounsgrupp bilde missten. Gott sei Dank, hat hatt de Film o net gesinn, well et anscheinend keng Zait hat. Also hu mir missen iwwert “entertainment” am Sënn vun “high culture” a “low culture” schwätzen, wat natierlech rem genug Usazpunkten zu mentaler Masturbatioun ginn huet.

Eppes guddes hat et awer: ech hunn neemlech rausfonnt, dass een eng Diskussioun féire kann, ouni eng Aanung vum Thema ze hunn, ouni séngem Géigeniwwer nozelauschtren an en unzekucken, mee einfach just andeem s een iergende Brach, deen engem spontan afällt sabbelt. Duerno sinn ech souguer sou grousskotzeg ginn, dass ech et an der Klass nach emol gema hunn.

I’m the MAN.

French Culture Lecture

Posted in Schoul by Chris on October 9th, 2007

Läschte Mëttwoch hunn ech rausfonnt, dass ech net nëmmen e French Culture Tutorial hunn, mee och eng French Culture Lecture. Déi ass Dënschdes, an déi éischt hat ech also scho verpasst. Bon, ech hu mer geduecht, dat wier net weider tragesch, ass et jo o net. Haut wollt ech dunn a méng Lecture goen, souz brav an der Bänk, hat mäi Block ausgepakt, bis dass ech gemierkt hunn, dass dat, wat d’Madame Lektorin un d’Mauer projezéiert lo awer guer näicht mat méngem Cours ze dinn hat.

French Culture Lecture war um 12, net um 1. Ech hu se scho rem verpasst. D’Eilish mengt, ech hätt dat “on purpose, but subconciously” gema. Ech mengen, hatt huet Recht.