Scotland’s for me

RBS

Posted in Liewen by Chris on September 28th, 2007

An den néchste puer Stonnen wäert ech probéiren e Konto bei enger grousser schottescher Bank opzeman, däer hiren Numm ech am Titel nëmmen undeite wëll. Schleichwerbung a sou, dat mecht een net. Den Owend soen ech iech dann, wourun et gescheitert ass.

PS: Fir all d’Fans vun eiser Frigo Literatur: “Big gay plums in ur ma”.

Edit: Erstaunlecherweis huet et tatsächlech souguer geklappt. Da kann ech mech lo richteg op den “Cheesy Pop” an der QMU freen.

Evelyn Waugh is a man

Posted in Liewen by Chris on September 26th, 2007

Ech wousst dat. Dat seet d’Scarlett Johansson neemlech an “Lost in Translation”. An ech muss lo “A Handful of Dust” vun him liesen a si sou eppes vu guer net motivéiert, dass ech et bal net ausschwä… reiwe wëll, well d’Studiegebühren dach ze schued dofir sinn.

Ech war haut op d’Bank, well ech nach ëmmer kee Konto hunn, a soulues awer e bësse Panik opkënnt, dass se mech aus méngem schéine Room 4 rausgeheien, wann ech de Residential Services net gläich eng Kontosnummer virleen kann, vun däer aus se hiert Geld bezéien. Do krut ech dunn e Stapel Pobeiren an d’Hand gedréckt, déi ech muss ausfëllen a gesot ech misst iwwer Internet no engem Certificat froen fir International Students, dee beweist, dass ech hei wunnen. Fein ofgeschuewen, hunn ech mech dunn op de Wee gema fir mech bei engem Dokter ze registréiren. Dat sollt ganz einfach goen, vu dass mer jo sou e flotte Service am wonnerprächtegen Murano Street Student Village hunn. Genee do hunn ech dunn de Formulaire ofginn, dee se mer beim “Anchecken” an d’Hand gedréckt hunn. Dat war och net sou schwiereg. D’Iwweraschung war just, dass se mer dunn e Stapel Pobeiren an d’Hand gedréckt hunn, déi ech muss ausfëllen.

Sou regelt ee Saachen a Schottland: Pobeier an d’Hand an ab wannschglifft.

Niewebäi hunn ech mech nach mam Feind verbündet, mee dat ass eng aner Geschicht, déi ech nach net breedtrëpple wëll.Stay tuned.

Kaaaaaaaaaal

Posted in Wunnen by Chris on September 26th, 2007

Et geet näicht iwwert mäi Flat H. Mee déi Duschen verstoussen géint d’Genfer Konventioun.

Frigo Literatur

Posted in Wunnen by Chris on September 24th, 2007

Iergendeen huet wéi mer hei ageplënnert sin, Buchstawemagnéite fir op de Frigo kaf, mat deene mer Flyeren ophänke kënnen.

Däer houngen der och ëmmer puer um Frigo. Mee vill méi interessant, sinn déi kleng Sprëch déi ëmmer dropstinn. Et ass alles ugaang domat, dass den John an ech e Samsdeg, wéi eis iresch Frënn Rugby kucke waren, ganz léif “Go Ireland” op de Frigo geschriwwen hunn. Wéi d’Iren an der Nuecht, no hirer Victoire remkoumen, huet den Charlie “Go Ireland” mat “Fuck the scots” ergänzt. Dat konnt d’Abi, eng vun eise Schottinnen, net op sech sëtze lossen, an huet aus “Go Ireland”, “Ireland is gay” gema. Moies, wéi ech opgestan sinn, stoung dunn um Frigo “Ireland is not gay”.

Du stounge laang Zäit just “Ireland” a “Luxembourg” um Frigo, bis virgëschter d’Meedercher all eis Nimm op de Frigo geschriwwen hunn, an déi feelend Buchstawen mam Edding ergänzt hunn. Dat hunn ech du scho rem richteg kreativ fonnt, well se all d’Nimm schéin horizontal a vertikal aneneen verschmëlze geloss hunn.

Haut ass den Héichpunkt vun der Konscht awer erreecht ginn. Eise Frigo seet: “Three Sum Fun”.

Hausaufgab, méi Geschlechtsdeel, an nach vill méi Twister

Posted in Liewen, Mënschen, Schoul by Chris on September 24th, 2007

D’Murano Street Student Village läit just e Kazesprong vun de Botanic Gardens weg, an déi ech mech gëschter fir d’éischte Kéier gewot hunn, an der naiver Hoffnung do um Bicherfloumaart d’Norton Anthology of English Literature zu engem net iwwerdeierte Präis ze fannen. Dat war natierlech en Iertum, mee interessant war et allemol an de Botanic gardens. Zemols d’Ausstellung vun der Scottish Bonsai Association hat et mer extrem ugedon, mee Bonsai fannen ech lo zimmlech null, well géint d’Natur. Och spannend war et z’entdecken, dass et a Schottland fleeschfriessend Planze gëtt.

Zréck am Flat H Room 4 hunn ech dunn Hausaufgab gema. De grousse Witz dorunner ass, dass ech schon Hausaufgab hunn, obwuel ech nach keng eng Stonn Schoul hat. Zwou (lächerlech) Traductiounen, an 4 englesch Gedichter stoungen um Programm. Déi waren mat der frëndlecher Hëllef vu Wikipedia awer o net sou schwéier z’interpretéiren. Voller Tatendrang wollt ech mech dunn un den Academic Writing Skills Test man, dee jiddereen aus der Faculty of Arts online maache soll, fir eventuell Schwächten am Schreifstil wegzewëschen, virun deem den éischten Essay um Programm steet. Dat ass jo alles schéin a gutt, mee d’Meldung, dass ee just mam IE iwwer Windows op Schoulcomputeren den Test maache kann, hunn ech du scho provo fonnt. Et konnt mech dunn o net tréischten, dass d’Cara (wat och e Macbook huet) den nämlechte Problem huet.

Eise Post-it Penis ass iwwregens gréisstendeels ofgebröckelt. Dat huet mech zum exzellenten, a wuelverdingt mat Gelächter begleetenem Sproch geleet: “Look, there’s a piece of penis on the floor.” Dat schéint dorunner ass, dass ech och op Englesch ufänke witzeg ze ginn. (Béis Leit behaapte lo, dass ech et nie an enger Sprooch gewiescht wier, mee sou Frecheeten prallen u mir of, wéi den Avada Kedavra-Fluch um Harry Potter.) D’Meedercher hunn dono behaapt, dass mir Jongen obsedéiert mat eisem Geschlechtsdeel wieren, wat den Charlie an ech konsequent ofgestridden hunn. Leider hat den Charlie awer en T-Shirt un op deem en Hunn ze gesi war. Niewendru stoung: “Rock out with your cock out!” Souvill dozou.

Owes sinn alleguer op eng Foam Party an den “Hive” gaang. D’Cara, den John an ech haten awer kee Bock dorobber a sinn am Flat bliwwen an hunn Twister gespillt. D’Cara huet eis a Grond a Buedem gespillt, well et mat sénger joerelaanger Danzerfaarung anscheinend extrem elastesch ginn ass. Wéinstens hunn ech géint den John d’Uewerhand behal an d’Schmaach fir eist klengt Ländchen a Grenze gehal. Nodeem den John an d’Bett war, hunn ech et du souguer nach emol fäerdeg bruecht, d’Cara zu engem Remis ze zwéngen.

Et ass scho witzeg, dass ech a Schottland liewen, gréisstendeels Iren kennen, an am beschten mat engem Englänner an engem Däitschen eens ginn. Iwwerhaapt hunn ech missen a Schottland kommen fir méng allgemeng Ofneigung géint d’däitscht Vollék ofzeleen. Glasgow - connecting people.

PS: Fir all déi sech langweilen, probéiert dräi mol séier hannereneen “piece of post-it penis” ze soen.

Glace an e Riesegeschlechtsdeel

Posted in Liewen, Mënschen by Chris on September 23rd, 2007

E Freideg ware mer also op der School Disco. Nodeem mer eng diabolesch List ugewandt hunn fir d’Cara ranzeschleusen, well hatt kee Fresher’s Pass huet, hu mer misse feststellen, dass den “Hive” quasi dout war. Do war kee Schwäin. Glécklecherweis hu mer dunn entdeckt, dass ënnert dem “Hive” nach e Club war, an zwar den “Deep Six” an deem se konsequenterweis nëmme Britpop gespillt hunn. Wat ech natierlech gutt fonnt hunn. Do si mer du bis zwou Auer bliwwen, fir dunn heem Twister spillen ze goen. Den Charlie an d’Eilish waren ganz staark, do konnt ech net ganz mathalen, zemols do et mer dronke war, nodeem ech onglécklech mam Kapp am Charlie säi gerannt sinn.

Gëschter war dunn natierlech Schlofen ugesot, vu dass een et awer net sou liicht wegstecht, wann een eng Woch net schléift. Mëttes hu mer also näicht gema, ech war just mam Cara Schokla kafen, vu dass mer keng Bicher am Oxfam fonnt hunn. Owes ass et dunn awer schéi weider gaang. An zwar war d’alljähreg Ice-cream Debate an der GUU Debating Chamber mam Thema: “This house supports scottish independance.” Et ware souguer 4 schotteg Députéierter do, an um Schluss si mer zum Entschloss komm, dass scottish independence net ënnerstëtzt gëtt. Dat war awer och egal, well dono duerft jiddereen, deen do war an der Lounge vun der GUU gratis Glace an Alkohol zou sech huelen. No zwou Glacen, engem Reef (Vodka mat Orange a Maracuja), an engem ondefinéierbare Gemëschs aus Vodka a frësch gepresster Zitroun, war d’Cara du voll, an den John an ech hunn et sécher heembruecht.

Do hu mer als éischt e bëssen geschnësst bevir d’Cara an ech e Film gekuckt hunn. Dat ass wierklech keen immenst Erliewnis op engem 13″ Screen. Dunn ass d’Diskussioun am Dining Room weider gaang. Den Charlie huet rem gréisstendeels Kabes gesabbelt, mee fierchterlech witzeg war et trotzdem. Wéi mer dunn decidéiert hunn an d’Bett ze goen, ass dem Charlie eng grandios Iddi komm. En huet dem Eilish säi Post-it u sénger Dir betruecht a geduecht, et kéint een dach nieft dem Eilish säin Numm e Penis kritzlen. Aus däer klenger Iddi ass schliesslech e Riesepenis entstan, dee mer mat Post-its un d’Mauer vun eisem Gank gezaubert hunn. Et ass wonnerschéin.

PS: Anscheinend ass op der School Disco am “Hive” e Meedche vergewaltegt ginn.

Pirat, Schüler, wat net nach alles

Posted in Liewen by Chris on September 21st, 2007

E Mëttwoch war ech op eng Pirateparty, déi allerdéngs net hallef sou cool war wéi de one and only HULABAKA. D’Meedercher hu mech agekleed, dofir war ech wahrscheinlech dee schwulste Pirat an der Debating Chamber vun der GUU. Dat hunn ech dofir mat Rum rofgespullt. Nodeem gëschter en eventlosen Dag war, un deem ech et mol luesugoe geloss hunn an Owes just bësse mam John a mam Cara geschnësst hunn, si mir dräi dunn haut a Glasgow gefuer, well den Owend School Disco an der GUU ass. School Disco ass fuerchtbar. Jiddereen huet e wäisst Hiem/Blouse an eng schwaarz Box/Jupe un. Dozou natierlech eng Kravatt. Well ech näicht dovunner hat, d’Cara iergendeppes man wollt, an den John op d’Bank misst, si mer dunn an de City Centre gefuer.

Ech hu mech dunn am Primark fir déi horrend Somm vun 8£ agekleed. Dono hunn ech d’Cara am Dammerayon getraff. wat ech net wousst war, dass et Ënnerwäsch kafe war. Dat war mer dunn natierlech e bëssen desagreabel fir mat engem Meedchen, wat ech nach net mol eng Woch kennen, Ënnerwäsch ze kafen, mee ech hunn et iwwer mech ergoe geloss. Richteg penibel ass et du réicht ginn, wéi mer an der Kees stoungen fir dem Meedche séng Slipen ze bezuelen an d’Caissière zu mir sot: “Aren’t you going to pay?” an ech, perplex, erstaunt a brüskéiert just “no.” geäntfert hunn. Wier ech virbereed gewiescht, hätt ech hir gesot, dass ech näicht mat ménger klenger Schwëster sénger Ënnerwäsch um Hutt hunn, mee sou eppes fällt engem jo ëmmer réicht ze spéit an, a wee rechent scho mat sou enger Fro. An da muss een dat jo o nach an enger Friemsprooch formuléiren, dir verstitt.

Natierlech huet et dunn ugefaang mat reenen an déi Pobeierstut vum Primark ass natierlech dowéinst frecktgaang an ech konnt meeng Kleeder an dem John säi fierchterlech ellenen Buedmantel duerch de Reen droen. Iergendwou mussen déi Säck jo spueren, wann d’Kleeder su bëlleg sinn.

Lo sinn ech also prett fir rauszegoen an ech wollt iech eigentlech just nach en Tipp ginn. Wann der jemols op Glasgow kommt, an hei wëllt rausgoen, da musst der dës Lidder (inklusiv Texter) onbedéngt kennen, well se iech zwangsleefeg iwwert de Wee lafe wäerten: The Killers - Mr. Brightside, The Fratellis - Chelsea Dagger, The Proclaimers - I’m gonna be (500 miles) an Oasis - She’s electric.

Rapport vu Glasgow 4

Posted in Liewen, Schoul by Chris on September 20th, 2007

Kuerze Rapport.

  • Fir all déi mech froen: ech man Englesch Literatur, englesch Sprooch a Franséisch. Am Franséischen däerf ech am zweete Joer ufänken.
  • Ech hunn d’Lara de ganzen Dag net gesinn. Ech froe mech ob et nach lieft. Virdru war Feieralarm, dee wäert hatt verursaacht hunn.
  • Den John krut säi Velo geklaut. An zwar aus dem Velosschapp, dee mer am Village hunn.

Lara oder: Rapport vu Glasgow 3

Posted in Liewen, Mënschen, Schoul by Chris on September 20th, 2007

Gëscher sinn ech mech registréire gaang, wat eigentlech problemlos hätt misse lafen. Pustekucken, vu méngen iwwerwisenen 1735£ Tuition Fees (Gebühren) si just 1733 ukomm. Dat heesch ech misst 2£ nobezuelen. Wann dat net fiirchterlech lächerlech ass, da weess ech o net.

Moies sinn ech dem Lara begéint, e Meedchen wat am Flat ënnert mer wunnt. Dass et Irin ass muss ech jo wuel net erwähnen. OP jidfer Fall hat ech et vrun zwee Deeg kennegeléiert, gëschter konnt et sech dorunner awer schon net méi erënneren. Dat ass em bei aneren anscheinend och geschitt. Do sëtzt dat Meedchen also am Trapenhaus a liest Zeidung. Am Trapenhaus. Anscheinend ass et duerch all d’Heiser am Village gaang, huet bei all Flat geschellt a sech virgestalt. Souvill dozou, dat Meedchen ass also definitiv verréckt. Dunn Owes géint 5 ass et einfa sou, mam Johnnz sénger Frëndin, déi hatt net kannt huet, bei eis an d’Flat komm. Et huet sech an de Gank gestalt, ouni Moien ze soen, an ugefaang mat de Leit ze schwätzen. Dunn huet et eis all bei hatt agelueden fir rof eppes drénken ze kommen. Also si mer eng gutt Stonn méi spéit rofgaang, (nodeem den Charlie, den Johnny an ech em puer mol bei hatt Schelle botze waren, well dat bei hinne wuel scho méi oft geschitt ass) hu bei em geschellt, un der Dir getockt, duerch de Bréifschlitz geruff an op eng Äntwert gewaart, déi net komm ass. Hatt war net do. Also si mer an d’QMU gefuer an hunn do e bësse Party gema. Jiddereen hat mech gäer wéinst méngem Belle & Sebastian T-Shirt, op deem “Scotland’s for me” steet. Ech war e richtege Star, a krut eng opblosbar Gitar geschenkt. (Dono krut jiddereen eng, wat méng Leeschtung massiv schmälert.)

Egal. Schliesslech si mer zréck an d’Murano Street. A wee kënnt eis am Trapenhaus entgéintgetiirkelt?Na? Rischtisch, d’Lara. Komplett um Enn, a well mir dovunner profitéire wollten hu mer et mat an de Flat geholl an eis prächteg ameséiert, well et sou voll war. Et war wirklech witzeg, zemols wéi et em kuerz héichgestouss ass, an um Schluss gefrot huet “Where am I?” an “Where are my shoes?”

Dunn huet d’Claire et rof a séng Wunnéng begleet a mir sinn all schlofe gaang. Et war 3 Auer a mer missten all de Moien géint 10 op der Uni sinn.

Rapport vu Glasgow 2

Posted in Liewen, Schoul by Chris on September 20th, 2007

Gëschter war en haarden Dag. Nodeem ech mäin Adviser, den Dr. Rogatchevski getraff hunn, sinn ech mat ménge Flatmates eise Fresher’s Pass siche gaang, an nodeem ech fir ongeféier eng 20 Minuten doheem war, konnt ech rem lass, fir an d’Faculty Induction, déi 2 Stonne gedauert huet. Sou wäit, sou gutt.

Wierklech immens ass et dunn awer Owes ginn, wéi ech mat dem Charlie, dem Johnny, sénger Frëndin Sara, engem Kolleg vun hinnen, dee Mark heescht an dem Eelish den Dizzee Rascal an d’Glasgow University Union kucke war. Ech sinn also mat 5 Iren op e Concert gaang. De Raum an deem den Dizzee gespillt huet ass u sech eng Debating Chamber a mir haten déi grouss Chance um Balkon ze stoen, sou dass mer vun uewe rof op den Dizzee kucke konnten. An zemols den Charlie (deen all méigleche Rock lauschtert, mee wéi ech der Meenung ass, dass dem Rihanna säin “Umbrella” e genialt Lidd ass), de Mark an ech hunn d’Bud zum Kache bruecht. Mir waren “on fire”, an zwar sou krass, dass den Dizzee eis e Thumbs up ginn huet. Kee Witz.

Duerno si mer weider an den “Hive” gaang, wat der Union hire Club ass. Um Wee dohinner konnte mer duerch de “Backstage” gon a souguer kuerz mam Dizzee schwätzen. Vill méi wéi “awesome show” a mat em aklatschen krut ech awer net hin. Den Charlie huet natierlech de Vugel ofgeschoss, andeem s en eng Foto mam Dizzee gema huet an e fir e Lidd geluewt huet, vun deem en den Titel net kennt.

Dono ass den Dizzee souguer nach an den “Hive” komm an huet mat Meedercher gedanzt, wat den Charlie natierlech dozou verulasst huet, och matdanzen ze goen.

Déi 30£ fir de Fresher’s Pass si wierklech gutt investéiert, schéngt et mer.